News FC Tricolore Gasperich

 

12.07.2016 : D'1.Equip spillt den 1.Championnatsmätch vun der Saison 2016/2017 den 11.09.2016 auswärts zu Koplëscht : Programm 3.Divisioun

 

 

14.05.2016 : D'1.Equip spillt an hirem leschte Championnatsmätch vun der Saison 2015/2016 1:1 géint Eilereng gläich. Tricolore huet sech de Punkt duerch eng kämpferesch Leeschtung verdéngt : Equip

 

 

13.05.2016 : D'2.Equip gewënnt verdéngt mat 4:2 géint Éilereng. Domadder steigt 2.Equip an déi 3 Klass op als beschten 3. vun de 4 Bezierker an der 4. Klass : Equip

 

 

09.05.2016 : D'1.Equip verléiert beim Tabelleleader Éinen mat 1:4. Éinen huet verdengt gewonn : Equip   Fotoen

 

 

08.05.2016 : D'2.Equip verléiert beim Tabelleleader Suessem mat 0:2 : Equip

 

 

03.05.2016 : D'2.Equip gewënnt mat 3:1 beim CS Uewerkuer : Equip

 

 

03.05.2016 : D'1.Equip verléiert mat 2:5 géint Närzeng. Béid Equipen hate vill Goalchanchen, Närzeng war awer spilleresch besser an huet verdéngt gewonn : Equip

 

 

27.04.2016 : D'2.Equip verléiert mat 0:1 zu Lasauvage : Equip

 

 

24.04.2016 : D'1.Equip gewënnt mat 3:0 beim FC Cebra. Eng solid Equipeleeschtung : Equip

 

 

21.04.2016 : D'1.Equip spillt 3:3 zu Këntzeg gläich. E Mätch mat ville Goaler a Goalchancen : Equip   Fotoen

 

 

18.04.2016 : D'1.Equip gewënnt mat 6:2 géint Schengen. Schengen war just zu 8 : Equip

 

 

16.04.2016 : D'2.Equip gewënnt dank enger Leeschtungssteigerung an der 2.Halschent verdéngt mat 4:1 géint Närzéng : Equip

 

 

09.04.2016 : D'1.Equip verléiert kloer verdéngt mat 3:6 zu Éilereng. Tricolore huet just Resultatskosmetik gemaach : Equip   Fotoen (fupa.lu)

 

 

06.04.2016 : D'2.Equip gewënnt mat 4:1 bei der 3.Equip vu Steesel : Equip

 

 

03.04.2016 : D'1.Equip setzt sech verdéngt mat 2:1 géint Einen duerch. Totalen iwwerdriwwe Kaartefestival : Equip

 

 

03.04.2016 : Um Qualifikatiounsturnéier U11 vum Cordial Cup setzt sech an der Final Sporting Lissabon mat 1:0 géint Sampdoria Genua duerch.
Merci un all d'Equipen, Supporteren an Zuschauer déi zu engem gelongenen Turnéier bäigedroen hunn. Den FC Tricolore gëtt 7 : Resultater   Fotoen

 

 

21.03.2016 : D'1.Equip spillt schlecht a verléiert verdéngt mat 1:2 zu Näerzeng : Equip   Fotoen

 

 

18.03.2016 : D'2.Equip gewënnt mat 5:1 géint Koplescht : Equip

 

 

13.03.2016 : An engem kämpferësche Mätch spillt Tricolore géint Cebra 1:1 gläich : Equip   Fotoen

 

 

12.03.2016 : D'2.Equip gewënnt mat 6:1 bei der 3.Equip vu Pratz/Réiden : Equip

 

 

07.03.2016 : D'1.Equip nëtzt d'Goalchanchen net a gëtt nees bestrooft, 1:2 Nidderlag géint Këntzeg : Equip

 

 

04.03.2016 : D'2.Equip setzt sech mat 3:1 bei der 3.Equip vun ASL Porto duerch : Equip

 

 

02.03.2016 : D'2.Equip verléiert am Spëtzemätch knapp mat 3:4 géint Suessem. An engem intensive Mätch mat ville Goalchanchen verléiert d'Equip ganz onglécklech : Equip

 

 

28.02.2016 : Tricolore land e Kantersieg mat 6:0 zu Remerschen géint den FC Schengen. An der Héischt total verdéngt : Equip   Fotoen

 

 

13.02.2016 : Bei der Generalversammlung vum FC Tricolore ass et roueg erofgaang. Sportlech soll Tricolore sech verbesseren, finanziell steet Tricolore gudd do. Et ass och déi gudd Jugendaarbecht ernimmt ginn an den 02.04.2016 organiséiert den FC Tricolore e Qualifikatiounsturnéier fir de Cordial Cup. 2 Fotoen vun de Scheckiwwerreechungen fir e gudden Zweck : Artikel Lëtzebuerger Wort

 Scheck AG Tricolore Februar 2016 01.JPG (245625 bytes) Scheck AG Tricolore Februar 2016 02.JPG (204197 bytes)

 

 

07.12.2015 : Tricolore verléiert de leschte Championnatsmätch am Joer 2015 mat 1:3 géint Éinen zu Wuermer. An engem ausgeglachene Mätch mat ville gudde Goalchancen war Éinen méi effektiv : Equip   Fotoen

 

 

21.11.2015 : An der Coupe FLF verléiert Tricolore mat 2:5 bei der Alliance Äischdall.  Trotz dem Resultat hued Tricolore gudd gespillt : Equip

 

 

20.11.2015 : Tricolore 2.Equip verléiert am Spëtzemätch knapp mat 2:3 géint Suessem : Equip

 

 

16.11.2015 : Tricolore 2.Equip gewënnt mat 4:2 géint d'2.Equip vum CS Uewerkuer : Equip

 

 

16.11.2015 : Tricolore verléiert am Championnat 1:3 géint Éilereng. Tricolore huet sech nees selwer gebéit. Tricolore huet de Mätch kontrolléiert, an sech gutt Goalchancen erausgespillt, déi awer net genotzt gi sinn. Hannen huet d'Equip krass Feeler gemaach déi zu de Géigegoaler gefouert hunn an duerch eng ondisziplinéiert Aktioun krut Tricolore schon an der 30' e Spiller vum Terrain gesat : Equip   Fotoen

 

 

07.11.2015 : De Championnatsmätch vun der 1.Equip vum Sonndeg, den 08.11.2015 zu Éinen ass ofgesot ginn, den Terrain zu Éinen ass onbespillbar, Wëll Schwäin hunn den Terrain opgerappt.

 

 

07.11.2015 : Championnatsmätch Senior 2 : Tricolore II - Lasauvage II 5:1 (2:0). Tricolore huet gutt kombinéiert an héisch verdéngt gewonn : Equip

 

 

04.11.2015 : Tricolore verléiert 1:2 géint Närzeng. No enger gudder 1.Halschent mat ville Goalchancen, huet Tricolore an der 2.Halschent ofgebaut a kaum nach Akzenter gesat : Equip

 

 

29.10.2015 : D'2.Equip setzt sech mat 3:1 zu Närzeng duerch : Equip

 

 

26.10.2015 : Tricolore verléiert 0:2 bei Cebra. Tricolore hat Cebra ënner Kontroll, huet awer d'Goalchancen net genotzt an ass dunn vun Cebra an der 2.Halschent bestrooft ginn : Equip

 

 

19.10.2015 : Tricolore spillt 2:2 zu Këntzeg. No enger schlechter 1.Halschent huet Tricolore d'2.Halschent total kontrolléiert an e verdéngte Punkt krut : Equip   Fotoen

 

 

17.10.2015 : D'2.Equip gewënnt de Championnatsmätch géint d'3.Equip vu Steesel mat 3:1 (1:1) kloer verdéngt : Equip

 

 

11.10.2015 : Championnatsmätch 1.Equip : Tricolore - Schengen 1:0 .Grotteschlecht 1.Halschent. Duerch eng total Steigerung an der 2.Halschent gewënnt Tricolore trotz 80 Minuten Ënnerzuel verdéngt : Equip   Fotoen

 

 

11.10.2015 : D'2.Equip gewënnt am Championnat mat 3:1 zu Koplescht : Equip 

 

 

05.10.2015 : De Championnatsmätch Éilereng - Tricolore geet leeschdungsgerecht 0:0 aus. Béid Equipen vu vollen Asaatz gewissen, Goalchancen waren op béide Säiten Mangelwar : Equip   Fotoen

 

 

01.10.2015 : Tricolore verléiert onglécklech an onverdéngt de Championnatsmätch géint Éinen. Tricolore war besser, huet awer leider vergiess Goaler ze schéissen. Onglécklech Arbiterentscheedungen hunn Tricolore och benodeelegt (Giel-Rout Kaart, Goal an der Schlussphase wéinst angeblechen Abseits net ginn). : Equip

 

 

27.09.2015 : Am Championnat klappt Närzeng Tricolore verdéngt mat 3:2, Tricolore war einfach net gudd genug : Equip   Fotoen

 

 

24.09.2015 : Tricolore spillt am Championnat 1:1 géint Cebra. No enger schwaacher 1.Halschent huet Tricolore an der 2.Halschent méi aggressiv gespillt an huet sech de Remis verdéngt : Equip

 

 

20.09.2015 : Tricolore gewënnt den 1.Championnatsmätch um neie syntheeteschen Terrain mat 4:2 géint Këntzeg. Géint eng spillstaark Equip vu Këntzeg huet Tricolore taktesch a kämpferesch gutt dowidder gehalen a war offensiv méi preesent : Equip   Fotoen

 

 

17.09.2015 : Championnatsmätch Senior 2 : Tricolore II - ASL Porto III 1:0 (0:0). Trotz grousser Dominanz konnt Tricolore sech eréischt kuerz viru Schluss duerchsetzen. De Goal huet de Charles Etonde an der 82' duerch e Kappball markéiert : Equip

 

 

12.09.2015 : D'Aweiung vum neie syntheeteschen Terrain ass bei enger gudder Ambiance a guddem Wieder iwwert d'Bün gaangen : Fotoen

 

 

12.09.2015 : An der Coupe Senior Reserves geet D'2.Equip mat 0:5 zu Mutfort ënner : Equip

 

 

06.09.2015 : D'1.Equip verléiert den 1.Championnatsmätch vun der Saison 2015/2016 mat 2:3 zu Schengen. An der 1.Halschent war Schengen feldiwwerleeën an hat de Mätch kontrolléiert, an der 2.Halschent war Tricolore besser an hat gudd Goalchanchen, leider sinn nees zevill Feeler passéiert, e Gläichspill wär gerecht gewiecht : Equip   Fotoen

 

 

05.09.2015 : D'2.Equip spillt am 1.Championnatsmätch vun der Saison 2015/2016 remis zu Eilereng : Equip

 

 

02.09.2015 : Frëndschaftsmätch Senior 2 : Red Star II - Tricolore II 2:2 (1:0) : Equip

 

 

29.08.2015 : Frëndschaftsmätch Senior 2 : Mensdorf II - Tricolore II 3:2 (1:2). An der 85' huet Tricolore de Mätch ofgebrach wéinst zevill brutalem Spill vu Mensdorf : Equip

 

 

29.08.2015 : An der Vironn vun der Coupe de Luxembourg verléiert Tricolore mat 2:6 (1:4) beim SC Ell : Equip

 

 

27.08.2015 : Frëndschaftsmätch Senior 2 : Biwer II - Tricolore II 3:3 (1:3) : Equip

 

 

23.08.2015 : Frëndschaftsmätch Senior 2 : Munsbach II - Tricolore II 3:1 (2:0) : Equip

 

 

15.08.2015 : Op der Coupe vum FC Schengen zu Remerschen verléiert Tricolore de Mätch fir 3-4 Plaz mat 0:2 géint d'Lokalequip vum FC Schengen : Equip

 

 

15.08.2015 : Frëndschaftsmätch Senior 2 : Ehnen - Tricolore 1:4 (1:1) : Equip

 

 

13.08.2015 : Op der Coupe vum FC Schengen zu Remerschen ënnerläit Tricolore mat 6:8 no Penaltyschéissen géint Schuller. No 90' stoung et 4:4. Domadder spillt Tricolore e Samsdeg, den 15.08 um 15.00h géint d'Lokalequip vum FC Schengen : Equip

 

 

09.08.2015 : Op der Coupe FC Tricolore zu Hollerech gëtt Tricolore déi 2. De Gewënner ass Red Star Märel. Resultater (1 X 45 Minuten) : Red Black Egalité - Tricolore 0:0, Red Star - Red Black Egalité 3:2, Tricolore - Red Star 0:0 : Equip  Fotoen

 

 

09.08.2015 : An engem Frëndschaftsmätch verléiert d'2.Equip mat 2:3 zu Lëntgen : Equip

 

 

09.08.2015 : Um Turnéier zu Hollerech fir Corporatifsequipen an 2.Equipen gewënnt an der Final Bieles mat 2:1 géint Izeg : Resultater

 

 

08.08.2015 : An engem Frëndschaftsmätch verléiert Tricolore mat 0:2 bei ASL Porto : Equip

 

 

02.08.2015 : Op der Coupe Gaston Diderich beim Red Black Egalité verléiert Tricolore mat 1:3 (1:1) géint Éinen fir d'3-4 Plaz : Equip

 

 

01.08.2015 : Op der Coupe Gaston Diderich beim Red Black Egalité geet Tricolore mat 1:10 (0:6) géint Berbourg ënner : Equip

 

 

29.07.2015 : D'Broschür vun der Coupe FC Tricolore den 09.08.2015 : Broschür

 

 

09.07.2015 : Tricolore spillt den 1.Championnatsmätch an der neier Saison 2015/2016 Sonndeg, den 06.09.2015 auswärts zu Schengen : Programm 3.Divisioun 2015/2016

 

 

01.07.2015 : Tricolore spillt an der Saison 2015-2016 an der 3.Divisioun, 3.Bezierk : Divisiounsopdeelungen

 

 

29.06.2015 : Spiller in/out Seniors 2015-2016 : Lëscht

 

 

24.05.2015 : Tricolore verléiert de leschte Championnatsmätch vun der Saison 2014/2015 mat 1:3 géint de Red Star.Tricolore huet gudd dogéint gehalen, mee de Red Star war méi stabil : Equip   Fotoen

 

 

16.05.2015 : Tricolore verléiert géint Aspelt mat 1:2. (Goal vum Jordan Guiougou an der 85') : Equip

 

 

15.05.2015 : Tricolore II gewënnt 6:0 bei ASL Porto III. Tricolore huet den Match zu 100% dominéiert. (Selbstgoal vun ASL Porto, Silvagni, Kieffer, Leiros, Quiqueret, Freitas) : Equip

 

 

11.05.2015 : Tricolore verléiert géint Mënsbech mat 0:5. Géint eng spilleresch staark Mënsbecher Equip war Tricolore ënnerleeën : Equip   Fotoen

 

 

09.05.2015 : D'2.Equip verléiert mat 0:1 géint de Racing. Géint eng technesch staark Equip vum Racing huet Tricolore totalen Asaatz a Leidenschaft gewissen an huet onglécklech verluer : Equip   Fotoen

 

 

06.05.2015 : D'2.Equip gewënnt 5:0 géint Useldeng. Tricolore war spilleresch a kämpferesch gutt, an huet schéi Goaler erausgespillt : Equip

 

 

04.05.2015 : Tricolore Minimes gewannen den Turnéier beim Äischdall.

.victoire_minimes-672x372.jpeg (72827 bytes)

 

 

04.05.2015 : Tricolore Poussins gewannen den Turnéier beim Äischdall : winners

 

 

03.05.2015 : An engem kämpferesche Mätch géint den FC Cebra war Tricolore gläichwäerteg, mee offensiv ze harmlos : Equip   Fotoen

 

 

26.04.2015 : An engem ausgeglachene Mätch verléiert Tricolore onglécklech mat 0:2 géint Red Black Egalité : Equip   Fotoen

 

 

19.04.2015 : Tricolore verléiert onglécklech mat 0:2 zu Menster : Equip   Fotoen

 

 

18.04.2015 : D'2.Equip spillt 0:0 géint Beetebuerg gläich.An enger kämpferescher Partie hat Tricolore gutt Goalchancen. An der Schlussphase ass Hektik opkomm : Equip   Fotoen

 

 

10.04.2015 : D'1.Equip verléiert zu Suessem mat 0:7 : Equip

 

 

30.03.2015 : D'1.Equip verléiert mat 0:6 géint Bieles : Equip

 

 

30.03.2015 : D'2.Equip verléiert bei Red Black Egalité mat 1:3 : Equip

 

 

25.03.2015 : An engem intesivem Mätch spillt d'2.Equip 3:3 gläich géint de Red Star : Equip

 

 

22.03.2015 : Tricolore verléiert an der Schlussphase mat 0:2 zu Ierchternach : Equip   News   Fotoen

 

 

15.03.2015 : Tricolore beweisst Moral, gewënnt mat 3:1 géint Biwer : Equip   News

 

 

14.03.2015 : D'2.Equip spillt zu Koplescht 2:2 gläich : Equip

 

 

11.03.2015 : D'2.Equip gewënnt verdéngt mat 4:0 géint d'3.Equip vu Stroossen : Equip 

 

 

08.03.2015 : Tricolore verléiert onglécklech mat 0:1 bei ASL Porto : Equip   News   Fotoen

 

 

28.02.2015 : Tricolore geet mat 0:6 géint Izeg ënner : Equip   News

 

 

22.02.2015 : Tricolore ze schwaach : 2:4 Nidderlag am Championnat zu Mutfort : Equip   News   Fotoen

 

 

07.02.2015 : Op der Generalversammlung vum FC Tricolore huet de Willi Kaufhold sech an de Comité gemellt. De Juri Solowjew krut eng gëlle Medaille vun der FLF an den Tun Curioso ass vun Tricolore geéiert ginn fir 25 Joer am Veräin.

 

 

02.02.2015 : Tricolore krit 2 Spiller an der Wanterpaus bäi : Artikel Wort

 

 

01.12.2014 : Tricolore schléisst dat deesaströs sportlech Joer 2014 mat der 10.Pflichtspillnidderlag a Serie of : 0:1 bei Cebra an der Coupe FLF. D'Equip huet gekämpft an de Mätch kontrolléiert, mee d'Goalchancen net genotzt : Equip

 

 

26.11.2014 : Den Tun Darrosa gëtt offiziell Trainer vun der 1.Equip. Hien hat schon interimsméisseg d'1.Equip iwwerholl nodeems den Dan Bernard opgehal huet.

Tun Darrosa Trainer.jpg (28011 bytes)

 

 

26.11.2014 : D'2.Equip verléiert mat 1:3 (0:0) beim Tabelleleader Racing : Equip

 

 

23.11.2014 : Tricolore mëscht nees ze vill Feeler a verléiert mat 2:3 zu Uespelt : Equip   News   Fotoen

 

 

19.11.2014 : D'2.Equip verléiert mat 0:4 zu Useldeng : Equip

 

 

16.11.2014 : Tricolore geet mat 0:6 zu Mënsbech ënner : Equip   News   Fotoen

 

 

13.11.2014 : Eng weider onglécklech Nidderlag kasséiert Tricolore zu Bieles : Equip   News

 

 

10.11.2014 : Den 1.Equipstrainer Dan Bernard huet gëschter no der Nidderlag géint Cebra säi Récktrëtt erklärt. De Mario Raach als Co-Trainer hellt och op. Den FC Tricolore sicht domadder en neien 1.Equipstrainer. Den FC Tricolore wënscht dem Dan Bernard an dem Mario Raach alles guddes op hiere weidere Statiounen. Interimsméisseg iwwerhuelen den Tun Darrosa an de Romain Heinz d'Equip.

 

 

09.11.2014 : Schwaach Leeschtung vun Tricolore géint Cebra, verdéngt 1:3 Nidderlag : Equip   News   Fotoen

 

 

02.11.2014 : An engem ausgeglachene Mätch verléiert Tricolore mat 0:2 (0:0) beim FC Red Black Egalité : Equip   News   Fotoen

 

 

26.10.2014 : D'1.Equip verléiert mat 1:4 (0:2) géint Menster. Brutal Resultat. Tricolore hat Riesechanchen net genotzt a Menster huet d'Ofwierfeeler vun Tricolore konseequent bestrooft : Equip   News

 

 

25.10.2014 : D'2.Equip verléiert 1:4 zu Beetebuerg. An der 1.Halschent huet Tricolore gutt gekämpft an taktesch gutt gespillt, an der 2.Halschent ass den Akku ëmmer méi platt ginn op engem groussen an déiwen Terrain : Equip

 

 

22.10.2014 : D'2.Equip spillt 1:1 géint Red Black Egalité gläich : Equip

 

 

19.10.2014 : Tricolore verléiert mat 0:2 géint Suessem : Equip   News   Fotoen

 

 

12.10.2014 : D'2.Equip verléiert mat 1:3 beim Red Star : Equip

 

 

01.10.2014 : Tricolore verléiert an der Schlussphase 1:2 géint Iechternach : Equip   News

 

 

28.09.2014 : Tricolore verléiert onglécklech mat 1:3 zu Biwer : Equip   News   Fotoen

 

 

28.09.2014 : D'2.Equip gewënnt mat 3:0 géint Koplescht : Equip

 

 

25.09.2014 : Duerch eng disziplinéiert Leeschtung gewënnt Tricolore am Championnat verdéngt mat 3:1 géint AS Lëtzebuerg Porto : Equip   News

 

 

21.09.2014 : Tricolore wescht ze spéit zu Izeg op a verléiert de Championnatsmätch mat 1:3 : Equip   News   Fotoen

 

 

20.09.2014 : D'2.Equip geet bei der 3.Equip vu Stroossen mat 1:6 ënner : Equip

 

 

13.09.2014 : De Galamätch am Kader vun 95 Joer FC Tricolore gewënnt Ela Lëtzebuerg mat 4:0 géint Ex-Profis vum FC Metz : Fotoen

 

 

12.09.2014 : D'2.Equip verléiert an der 1.Ronn vun der Coupe Senior Réserves mat 0:5 (0:4) géint Ierpeldéng : Equip

 

 

07.09.2014 : Tricolore verléiert mat 2:5 géint Moutfort. No vir war Tricolore bis zur 60' ze harmlos, an hannen huet d'Lokalequip nees ze vill Feeler gemaach : Equip   News   Fotoen

 

 

06.09.2014 : Am éischte Championnatsmätch gewënnt D'2.Equip géint d'3.Equip vun ASL Porto mat 5:2 (3:1) : Equip 

 

 

03.09.2014 : Am éischte Championnatsmätch kann Tricolore nach en 2:2 no engem 0:2 Réckstand beim Red Star erausschloen. Tricolore huet an der 2.Halschent mat 2 Mann méi gespillt : Equip   News   Fotoen

 

 

31.08.2014 : En totalen Debakel erliewt Tricolore an der 1.Ronn vun der Coupe de Lëtzebuerg géint Mënsbech. D'Lokalequip verléiert mat 1:13 (0:8) : Equip   News   Fotoen

 

 

27.08.2014 : An der Virronn vun der Coupe FLF gewënnt Tricolore verdéngt mat 3:1 zu Folscht : Equip   Fotoen

 

 

24.08.2014 : Am Mätch fir 3-4 Plaz op der Coupe zu Uespelt setzt sech Tricolore standesgemäss mat 4:1 (1:1) géint d'2.Equip vun Uespelt duerch : Equip

 

 

23.08.2014 : Op der Coupe zu Uespelt verléiert Tricolore mat 4:8 (1:4) géint Närzeng. Tricolore war schwaach a mid : Equip

 

 

14.08.2014 : An engem Frëndschaftsmätch verléiert d'2.Equip mat 1:3 (0:1) zu Märel : Equip

 

 

10.08.2014 : Coupe 95 Joer FC Tricolore : Spill 3-4 Plaz Uespelt - Bieles 2:2, 6:4 n.pen., d'Final gewënnt Bartréng mat 4:0 (1:0) géint Tricolore. Obwuel Tricolore gutt matgespillt huet an der Final, sinn d'Feeler vun der Lokalequip nees brutal vu Bartréng bestrooft ginn : Equip   Fotoen

 

 

09.08.2014 : D'2.Equip vu Bieles gewënnt de Corporatifsturnéier anlässeg der Coupe 95 Joer FC Tricolore : Resultater

 

 

08.08.2014 : Coupe 95 Joer FC Tricolore : Bartréng gewënnt mat 4:2 no Penaltyschéissen géint Bieles. No 90 Minuten stoung et 1:1. Domadder spillen e Sonndeg um 15.00h : Uespelt - Bieles an um 17.00h Tricolore - Bartréng.

 

 

05.08.2014 : Op der Coupe 95 Joer FC Tricolore gewënnt Tricolore mat 6:4 no Penaltyschéissen géint Uespelt. No 90' stoung et 2:2. Béid Equipen hate Chancen, Tricolore ass an der Final a spillt e Sonndeg um 17.00h géint de Gewënner vum Mätch Bartréng géint Bieles : Equip   Fotoen

 

 

04.08.2014 : Tricolore gëtt déi 4. op der Coupe beim Red Black Egalité. Fir d'Spill ëm 3-4 Plaz verléiert Tricolore mat 3:5 no Penaltys géint Mensdorf, no 90 Minuten stoung et 1:1 : Equip

 

 

30.07.2014 : De Championnatsprogramm vun der 2.Equip, Classe 4, Série 3 : Programm

 

 

29.07.2014 : D'1.Equip verléiert beim Turnéier vum Red Black mat 1:2 (0:2) géint Éinen. Tricolore spillt e Sonndeg ëm déi 3-4 Plaz : Equip

 

 

27.07.2014 : D'1.Equip verléiert den 1.Virbereedungsmätch fir d'nei Saison mat 0:2 (0:0) géint Éilereng zu Suessem : Equip

 

 

20.07.2014 : D'Broschür vun der Coupe 95 Joer FC Tricolore : Broschür

 

 

11.07.2014 : D'1.Equip fenkt am Championnat fir d'Saison 2014/2015 beim Red Star Merl un : Programm 2.Division Série 2 2014-2015

 

 

07.07.2014 : De virleefegen Trainingsprogramm/Spillprogramm vun der 1.Equip : Programm

 

 

01.07.2014 : D'1.Equip spillt 2014/2015 nees an der 2.Divisioun, 2.Bezierk. Insgesammt 5 Stater Veräiner sinn dobäi : Opdeelung Divisiounen

 

 

01.07.2014 : Virleefëg Transferts/Ennerungen vum 1.Equipskader : Spiller In/Out 2014-2015

 

 

01.06.2014 : D'Equipe Denis gewënnt den Turnéier fir krank Kanner : Resultater   Fotoen

 

 

31.05.2014 : Artikel Wort FC Tricolore 30.05.2014 : Artikel

 

 

26.05.2014 : Den Dan Bernard gëtt neien 1.Equipstrainer, hien ersetzt den Tino Marasco, deen op Réimech wieselt. 

 

 

18.05.2014 : Am leschte Championnatsmätch vun dëser Saison verléiert d'1.Equip (schon nees) mat 1-3 géint den FC AS Luxembourg Porto. Den FC Tricolore ass fir déi nächst Fussballsaison nees an der 2.Divisioun dorbäi : Equip   Fotoen

 

 

12.05.2014 : An engem schléifrëgen Mätch verléiert d'1. Equipe mat 0:3 géint FC Käerch/Simmern : Equip   News   Fotoen

 

 

07.05.2014 : An engem chanchenaarme Mätch verléiert d'2.Equip mat 0:1 géint d'3.Equip vun Hueschtert : Equip

 

 

02.05.2014 : Tricolore kasséiert nees eng kloer Nidderlag géint Bartréng : Equip   News   Fotoen

 

 

27.04.2014 : Tricolore verschenkt Punkten an der Schlussphase zu Steesel : Equip   News   Fotoen

 

 

25.04.2014 : D'2.Equip gewënnt duerch eng disziplinéiert Leeschtung mat 2:0 zu Beetebuerg : Equip

 

 

23.04.2014 : Duerch eng katastrophal Leeschtung an der 1.Halschent verléiert Tricolore verdéngt mat 2:4 géint Mensdorf : Equip   News   Fotoen

 

 

20.04.2014 : D'2.Equip gewënnt mat 4:1 géint de CS Uewerkuer : Equip

 

 

13.04.2014 : D'1.Equip spillt 2:2 zu Bieles gläich : Equip   News   Fotoen

 

 

13.04.2014 : D'2.Equip verléiert onglécklech mat 0:1 géint Walfer : Equip

 

 

06.04.2014 : Tricolore gewënnt duerch eng gutt 2.Halschent verdéngt mat 3:0 géint Moutfort : Equip   News   Fotoen

 

 

06.04.2014 : D'2.Equip verléiert duerch eng indiskutabel Leeschtung mat 0:8 zu Schëffleng, d'Minimes spillen 1:1 gläich beim Racing IV, d'Pupilles spillen an engem Frëndschaftsmätch 4:4 gläich géint Bieles.

 

 

30.03.2014 : D'1.Equip verléiert verdéngt mat 1:3 zu Iechternach. Traureg : Tricolore war just mat 12 Mann ugetrueden : Equip   News   Fotoen

 

 

30.03.2014 : Resultater : D'2.Equip verléiert mat 2:3 géint Péiteng : Equip, d'Pupilles gewannen mat 3:2 géint de Racing IV, d'Minimes gewannen mat 3:1 géint E Boevange III an d'Poussins verléiren mat 2:5 beim Red Star II.

 

 

23.03.2014 : D'1.Equip gewënnt opgrond vun enger besserer 2.Halschent verdéngt mat 3:0 géint Éilereng : Equip   News   Fotoen

 

 

23.03.2014 : D'Poussins verléiren mat 0:6 bei Strassen II.

 

 

22.03.2014 : D'Minimes gewannen 2:1 bei Mamer II. Goaler : Max a Mica.

 

 

22.03.2014 : D'Pupilles gewannen 12:3 bei Mamer II. Goaler : Mouhamadou (7), Justin (1), Kilian (1), Leo (1), Antoine (1) an ee Sebstgoal.

 

 

22.03.2014 : D'2.Equip verléiert mat 2:4 (0:4) géint d'3.Equip vu Kärjeng : Equip

 

 

16.03.2014 : D'Minimes verléiren 0:2 géint Jeunesse II : Fotoen

 

 

16.03.2014 : D'Pupilles gewannen 7:1 géint Strassen II : Fotoen

Tricolore_Pupilles_Mars_2014_01.JPG (404576 bytes)

 

 

16.03.2014 : D'2.Equip verléiert 1:5 zu Steesel : Equip

 

 

15.03.2014 : 6.Nidderlag a Serie, Tricolore verléiert onverdéngt mat 1:2 zu Schëffleng, 3 direkt Fräistoussgoaler : Equip   News   Fotoen

 

 

09.03.2014 : Tricolore verléiert mat 1:4 géint Beetebuerg : Equip   News   Fotoen

 

 

02.03.2014 : Tricolore wescht ze spéit op a verléiert am Championnat 2:3 zu Uespelt : Equip   News   Fotoen 

 

 

01.03.2014 : Den 2.Equip'smätch géint CS Uewerkuer ass ausgefall, den Terrain zu Gasperech stoung nees ënner Waasser.

Terrain Tricolore 28.02.2014.jpg (369477 bytes)

 

 

24.02.2014 : D'1.Equip verléiert den 1. Mätch no der Wanterpaus mat 0:3 zu Mënsbech :   Equip   News   Fotoen

 

 

24.02.2014 : E flotten Turnéier huet d'Jugendkommissioun organiséiert : Fotoen 22.02.2014   Fotoen 23.02.2014

 

 

19.02.2014 : Beim Red Star verléiert d'1.Equip an engem Frëndschaftsmätch duerch eng enttäuschent Leeschtung mat 0:2 (0:2) : Equip

 

 

08.02.2014 : D'Generalversammlung vum FC Tricolore ass roueg iwwer d'Bün gaangen : Bericht Wort

Photo vun enger Scheckiwwerreechung :

Remise Cheque AG Tricolore 2014.jpg (417871 bytes)

 

 

08.02.2014 : No enger gudder 1.Halschent verléiert d'1.Equip an engem Frëndschaftsmätch mat 2:4 (2:2) zu Izeg : Equip

 

 

08.02.2014 : An engem Frëndschaftsmätch geet d'2.Equip mat 0:6 zu Menster ënner : Equip

 

 

02.02.2014 : D'1.Equip verléiert an engem Frëndschaftsmätch mat 0:3 (0:1) géint AG Metzervisse aus Frankräich : Equip   Fotoen

 

 

26.01.2014 : Am 1.Frëndschaftsmätch 2014 gewënnt d'1.Equip mat 4:0 (0:0) géint SC Trieux aus Frankräich. D'Goaler hunn de Jo Kieffer, Ruben Ferreira, David Pettinato an Florian Gonzalez geschoss : Equip

 

 

19.01.2014 : D'Tricolore Pupilles scheeden am 2.Tour vum Futsal beim Turnéier vum FF Norden aus.

.Tricolore Pupilles Futsal 2.Tour Januar 2014.jpg (103165 bytes)

 

13.01.2014 : Am Tour Répêchage vum Futsal ginn d'Minimes déi 4. vu 5 mat 3 Punkten a scheeden domadder aus. Am 2.Tour vum Futsal gëtt d'Entente Cebra/Tricolore Dames déi 5. vu 5 mat 1 Punkt a scheed ebenfalls aus. Beim Gentlemen's Cup zu Bartréng ginn d'Vétéranen déi 5. vun 12 Equipen, an der Grupp hat d'Equip 3 Mätcher gewonn an 1 verluer, mat 9 Punkten ass d'Equip awer duerch Goaldifferenz déi 3. an der Grupp ginn.

 

 

29.12.2013 : Tricolore verstärkt sech fir d'Réckronn mat 2 Spiller vu Mënsbech : Jo Kieffer, 21 Joer, offensiv Mëttelfeld an Michel Dioh, 34 Joer, Stiermer.

 

 

26.12.2013 : Um Turnéier zu Hamm gëtt d'Tricolore Jugend déi 5.

 Tricolore Jugend Tournoi Hamm 26.12.2013 01.jpg (181738 bytes) Tricolore Jugend Tournoi Hamm 26.12.2013 02.jpg (332751 bytes)

 

04.12.2013 : Duerch eng enttäuschend Leeschtung verléiert Tricolore mat 0:1 géint Steesel : Equip   News   Fotoen

 

 

01.12.2013 : An der Coupe FLF verléiert Tricolore mat 0:2 géint Luna Uewerkuer an engem chancenaarme Mätch : Equip   News   Fotoen

 

 

01.12.2013 : D'2.Equip verléiert 1:4 zu Suessem : Equip

 

 

27.11.2013 : Tricolore verléiert de Championnatsmätch onglécklech mat 1:2 géint Bieles :   Equip   News   Fotoen

 

 

24.11.2013 : An engem ausgeglachene Mätch gewënnt Tricolore mat 2:1 géint Käerch/Simmer : Equip   News   Fotoen

 

 

17.11.2013 : D'2.Equip verléiert mat 0:5 géint Rodange. Tricolore huet mat 8 Spiller ugefaang, de Mätch ass no 30' ofgebrach ginn, well Tricolore nach just zu 6 Spiller war : Equip

 

 

16.11.2013 : Géint eng séier Equip vu Bartréng verléiert Tricolore verdéngt mat 0:3 : Equip   News   Fotoen

 

 

10.11.2013 : De Mätch vun der 1.Equip géint Steesel ass ofgesot ginn. Zevill Waasser um Terrain. 

Terrain Tricolore 10.11.2013 01.JPG (189620 bytes)

 

 

09.11.2013 : D'2.Equip verléiert bei der drëtter Equip vun Houschtert mat 0:1 : Equip

 

 

06.11.2013 : D'2.Equip gewënnt mat 4:2 géint Beetebuerg. Beetebuerg war technesch gutt, Tricolore huet awer gutt dogéint gehalen : Equip

 

 

03.11.2013 : Tricolore gewënnt opgrond vun enger gudder 2.Halschent mat 4:1 zu Menster : Equip   News   Fotoen

 

 

28.10.2013 : De Championnatsmätch vun der 1.Equip géint Bieles ass ofgesot ginn. Trotz Aarbecht vun de Spiller an Tricolore Staff d'Waasser vum Terrain ze kréien , huet den Arbiter fonnt, dass de Ball op Plazen henke bleiwwt.

.Terrain Tricolore 27.10.2013.JPG (238766 bytes)

 

 

23.10.2013 : D'2.Equip verléiert zu Walfer mat 1:3 : Equip

 

 

20.10.2013 : Tricolore spillt an engem chanchenaarme Mätch leeschtungsgerecht 0:0 gläich zu Mutfort : Equip   News   Fotoen

 

 

16.10.2013 : Dank enger gudder kämpferescher Leeschtung bezwéngt 2.Equip Schëffléng mat 1:0 : Equip

 

 

15.10.2013 : De Patrick Goergen ass nees 2.Equipstrainer. Hien ersetzt de Manuel Mandy. 

 

 

13.10.2013 : Duerch eng gutt Moral kënnt Tricolore géint Ierchternach zréck : Equip   News   Fotoen

 

 

05.10.2013 : D'2.Equip geet nees 1:6 ënner, dës Kéier zu Péiteng : Equip

 

 

02.10.2013 : D'1.Equip gewënnt mat 1:0 zu Éilereng : Equip   News   Fotoen

 

 

02.10.2013 : D'2.Equip kasséiert eng 1:6 Nidderlag zu Käerjeng : Equip

 

 

29.09.2013 : Tricolore verléiert onglécklëch géint Schëffléng : Equip   News   Fotoen

 

 

22.09.2013 : No enger gudder Ufanksphase, taucht Tricolore of, a verléiert mat 0:3 zu Beetebuerg : Equip   News   Fotoen

 

 

21.09.2013 : D'2.Equip verléiert de Championnatsmätch mat 0:2 (0:1) géint Steesel. Tricolore insgesammt ze harmlos : Equip

 

 

18.09.2013 : Tricolore verléiert am Championnat mat 0:2 géint Uespelt : Equip   News   Fotoen

 

 

16.09.2013 : Den Dan Bernard gëtt Sportdirekter beim FC Tricolore.

 

 

16.09.2013 : D'2.Equip setzt sech verdéngt mat 1:0 beim CSO duerch : Equip

 

 

08.09.2013 : Tricolore saft a kraftlos géint Mënsbech, 0:3 Nidderlag : Equip   News   Fotoen

 

 

04.09.2013 : Tricolore gewënnt den 1.Championnatsmätch mat 2:1 bei AS Luxembourg Porto : Equip   News   Fotoen

 

 

02.09.2013 : 1.Halschent top, 2.Halschent flop, Tricolore flit nees an der 1.Ronn vun der Coupe de Luxembourg eraus : Equip   News   Fotoen

 

 

31.08.2013 : D'2.Equip verléiert den 1.Championnatsmätch mat 0:3 (0:0) géint Luerentzweiler : Equip

 

 

28.08.2013 : An engem Frëndschaftsmätch verléiert Tricolore kloer bei der US Cattenom mat 0:5 (0:1) : Equip

 

 

24.08.2013 : An engem Frëndschaftsmätch verléiert Tricolore mat 1:3 (0:0) géint Jonglënster : Equip

 

 

24.08.2013 : Op der Coupe zu Uespelt gëtt Tricolore déi 2. Am Ausscheedungsmätch klappt Tricolore Steesel mat 6:0 : Equip   , an der Final verléiert Tricolore mat 2:3 géint Kärjéng II : Equip

 

 

12.08.2013 : Uespelt gëtt éischten op der Coupe Jemp Kuhlmann. An der Final setzt sech d'Equip am Elefmeeterschéissen géint de Red Black-Egalité duerch. No 90 Minuten stoung et 1:1. Fir 3-4 Plaz klappt Tricolore d'Reserveéquip vun Izeg mat 4:0 : Equip Tricolore   Fotoen vum Turnéier 11.08.2013

 

 

10.08.2013 : D'Garage Cruciani gewënnt souverän de Copératifsturnéier : Resultater   Fotoen

 

 

09.08.2013 : Uespelt iwwerrennt Izeg mat 11:0 op der Coupe Jemp Kuhlmann. Uespelt huet gutt gespillt géint eng Izeger Equip déi duerch onglécklech Ëmstenn mat der 2.Equip komm ass. Domadder spillt an de Finalen e Sonndeg um 15.00h Tricolore - Izeg an um 17.00h Uespelt - Red Black-Egalité : Fotoen Match Aspelt - Itzig

 

 

07.08.2013 : An der 1.Ronn vun der Coupe de Luxembourg trëtt Tricolore zu Mënsbech un, eng Woch virun dem Championnatsmätch géint Mënsbech. Gespillt gëtt den 1.September. De Gewënner spillt an der 2.Ronn zu Mensder oder Housen.

 

 

07.08.2013 : D'2.Equip fenkt am Championnat doheem géint Luerentzweiler un : Programm Classe 3, Série 3

 

 

07.08.2013 : Bei der Coupe Jemp Kuhlmann ennerläit Tricolore dem Red Black-Egalité mat 2:3. Tricolore huet eng gutt hallëf Stonn gespillt, dueno ass Tricolore ageschlof, an an der 2.Halschent koum quasi guer näischt méi vun der Lokalequip, an de Red Black-Egalité konnt de Mätch nach dréien : Equip   Fotoen

 

 

05.08.2013 : D'Broschür vun der Coupe Jemp Kuhlmann : Broschür

 

 

05.08.2013 : Fir 3-4 Plaz klappt Tricolore Bieles mat 4:1 op der Coupe zu Izeg. Tricolore huet e gudde Mätch gewissen : Equip

 

 

01.08.2013 : Op der Coupe zu Izeg verléiert Tricolore kloer mat 1:5 géint Weiler. Weiler war insgesammt méi séier : Equip

 

 

21.07.2013 : Tricolore spillt am Championnat 2013/2014 déi éischt 2 Mätcher auswärts, den 1.Heemmätch ass den 18.09. géint Uespelt : Programm 2.Divisioun, 2.Bezierk 2013/2014

 

 

26.06.2013 : Spiller in/out Tricolore 2013-2014 : Spiller in/out

 

 

02.06.2013 : Bei guddem Wieder an enger gudder Stëmmung gewënnt d'AS Police den Turnéier fir krank Kanner : Resultater   Fotoen

 

 

29.05.2013 : Den Dan Bernard gëtt neien 2.Equipstrainer. Hien ersetzt de Patrick "Hans" Goergen.

 

 

27.05.2013 : D'1.Equip spillt am leschte Championnatsmätch 3:3 gläich zu Éilereng : Equip   News   Fotoen

 

 

25.05.2013 : Am leschte Championnatsmätch verléiert d'2.Equip géint Schëffléng mat 2:3. Bei Dauerreen war de Mätch ausgeglach.

 

 

23.05.2013 : D'2.Equip gewënnt mat 5:3 zu Monnerech : Equip

 

 

23.05.2013 : Tricolore verléiert knapp géint Beetebuerg mat 1:2 : Equip   News   Fotoen

 

 

19.05.2013 : Tricolore verléiert kloer beim Opstiegskandidat zu Suessem mat 2:6 : Equip   News   Fotoen

 

 

15.05.2013 : Den Tino Marasco gëtt neien 1.Equipstrainer vun der Saison 2013/2014 un. Hien gëtt Novollger vum Tun Darrosa deen zum Enn vun der aktueller Saison ophellt : Artikel Wort

 

 

12.05.2013 : An engem verréckte Mätch spillt Tricolore mat Uespelt 4:4 gläich : Equip   News   Fotoen

 

 

09.05.2013 : Zu Réimech verléiert Tricolore verdéngt géint Réimech-Bous mat 0:3 : Equip   News   Fotoen

 

 

05.05.2013 : Duerch eng disziplinéiert Leeschtung gewënnt Tricolore mat 3:0 géint ASL Porto : Equip   News   Fotoen

 

 

04.05.2013 : D'2.Equip gewënnt mat 2:1 géint AS Luxembourg Porto. ASL Porto huet dominéiert an Tricolore huet gutt verteidegt : Equip

 

 

02.05.2013 : Tricolore verléiert an der Coupe FLF mat 2:5 zu Kielen : Equip   News   Fotoen

 

 

28.04.2013 : Duerch eng gutt Moral dréit Tricolore de Mätch zu Schëffléng : Equip   News   Fotoen

 

 

26.04.2013 : An der Coupe FLF setzt sech Tricolore mat 6:4 no Penaltyschéissen géint Béiwen duerch. D'Equip huet gutt gekämpft an disziplinéiert gespillt : Equip   News   Fotoen

 

 

22.04.2013 : Tricolore verléiert mat 1:2 géint Steesel : Equip   News   Fotoen

 

 

20.04.2013 : D'Nadine Rausch ass neie Comitésmember.

 

 

20.04.2013 : D'2.Equip verléiert mat 0:2 géint Bieles. Tricolore huet mat Bieles gutt matgehal, war awer net clever genug : Equip

 

 

14.04.2013 : Trotz enger gudder kämpferëscher Leeschtung verléiert Tricolore mat 0:2 (0:1) zu Waasserbëlleg : Equip   News   Fotoen

 

 

11.04.2013 : Tricolore chancelos géint Bartréng : Equip   News   Fotoen

 

 

08.04.2013 : Tricolore krit ee Punkt am Championnatsmätch géint Koplëscht : Equip   News   Fotoen

 

 

06.04.2013 : Géint Péiteng spillt d'2.Equip 1:1. Péiteng war déi spilleresch besser Equip an huet de Mätch dominéiert. Tricolore huet awer gutt gekämpft an stoung hanne gutt, esou dass Péiteng kaum geféierlech Goalaktiounen hat. No vir war Tricolore awer och ze harmlos: Equip

 

 

31.03.2013 : An der Coupe FLF setzt Tricolore sech mat 1:0 zu Koplëscht op engem schwéier bespillbaren Terrain duerch : Equip   News   Fotoen

 

 

30.03.2013 : D'2.Equip spillt beim RM Hamm Benfica 1:1 gläich. Tricolore huet gutt gespillt an hett 3 Punkte verdéngt gehat. Tricolore hat déi kloer Goalchancen, déi leider net verwert gi sinn. Dobäi huet Tricolore per Ustouss nom 1:1 no engem direkte Schoss an den Hammer Goal getraff, wat korrekt war, mee den Arbiter huet de Goal net ziele gelooss : Equip

 

 

21.03.2013 : D'2.Equip verléiert an engem Frëndschaftsmätch mat 1:5 (0:2) géinz Izeg : Equip

 

 

20.03.2013 : Nodeems 2 Championnatsmätcher vun der 1.Equip wéinst dem schlechte Wieder hette missen ofgesot ginn, huet d'FLF en neie Kalenner opgestallt. Hei sinn déi aktuell Datumer vun de Championnatsmätcher :  

So 24.03.2013 : Tricolore - Bertrange

So 07.04.2013 : Tricolore - Kopstal

So 14.04.2013 : Mertert/Wasserbillig - Tricolore

So 21.04.2013 : Tricolore - Steinsel

So 28.04.2013 : Schifflange - Tricolore

So 05.05.2013 : Tricolore - AS Luxembourg-Porto

Do 09.05.2013 : Remich/Bous - Tricolore

So 12.05.2013 : Tricolore - Aspelt

Sa 18.05.2013 : Sanem - Tricolore

Mi 22.05.2013 : Tricolore - Bettembourg

So 26.05.2013 : Ehlerange - Tricolore

 

 

20.03.2013 : D'1.Equip verléiert an engem Frëndschaftsmätch kloer mat 2:6 zu Kielen : Equip

 

 

10.03.2013 : Obwohl Tricolore dominéiert huet, spillt d'1.Equip 2:2 gläich doheem am Championnat géint Këntzeg :   Equip   News   Fotoen

 

 

09.03.2013 : D'2.Equip verléiert an engem Frëndschaftsmätch mat 1:3 (1:1) géint Red Black Egalité. De Goal huet den Thomas Breyer geschoss : Equip 

 

 

03.03.2013 : Am Championnatsmätch zu Mensdorf erkämpft Tricolore sech e Punkt :   Equip   News   Fotoen

 

 

21.02.2013 : An engem Frëndschaftsmätch geet d'1.Equip géint den Äischdall mat 0:6 (0:2) ënner. Géint eng spilleresch a leeferesch besser Equip vum Äischdall hat Tricolore Problemer. An der 2.Halschent huet dunn Tricolore och nach konditionell ofgebaut : Equip

 

 

03.02.2013 : Eng gutt Generalversammlung am Tricolore Clubhouse ass e Freideg, den 01.02. ofgehall ginn. Foto vun der Scheckiwwerechung fir krank Kanner : Bericht mywort.lu

 Remise cheque Clubhouse AG 01.02.2013.JPG (394776 bytes)

 

 

28.01.2013 : Beim Marche organiséiert vun der Section de Marche vum FC Tricolore Gasperich si +- 450 Leit matgaangen. Leider hunn sech net méi Leit afonnt. De Marche war awer super organiséiert : Fotoen

 

 

02.12.2012 : Am leschte Championnatsmätch virun der Wanterpaus spillt Tricolore 1:1 zu Beetebuerg gläich. Géint eng technesch staark Beetebuerger Equip huet Tricolore kämpferëch alles ginn. Beetebuerg hat gutt Goalchancen, mee an der Schlussphase hat Tricolore och nach Riesechancen fir ze gewannen : Equip   News   Fotoen

 

 

25.11.2012 : Am Championnat verléiert Tricolore mat 3:6 géint Suessem. Tricolore huet eng gutt 1.Halschent gespillt mat gudde Kombinatiounen. Leider ass Tricolore duerch eng zweifelhaft Penaltyentscheedung op d'Verléierstrooss geroden, an dueno ass Tricolore an eenzel Deeler verfall : Equip   News   Fotoen

 

 

18.11.2012 : Tricolore verdeelt Cadoen zu Uespelt a gëtt mat enger 0:1 Nidderlag bestrooft : Equip   News   Fotoen

 

 

17.11.2012 : Tricolore Senior 2 verléiert de leschte Championnatsmätch virun der Wanterpaus mat 1:4 géint Cebra. Tricolore huet déi éischt 30' verschlof, dueno war Tricolore besser, mee war offensiv ze harmlos : Equip

 

 

12.11.2012 : Tricolore erkämpft sech e gléckleche Punkt géint Réimech-Bus : Equip   News   Fotoen

 

 

11.11.2012 : D'2.Equip gewënnt mat 4:0 bei ASL Porto. Obwuel ASL Porto de Mätch dominéiert huet, huet Tricolore zum Schluss nach 4 Goaler geschoss. Eng gutt kollektiv Leeschtung : Equip

 

 

11.11.2012 : D'Junioren ënnerleien mat 9 Spiller knapp mat 1:2 géint Monnerech. Gutt Moral.

 

 

08.11.2012 : Tricolore gewënnt mat 3:1 am Championnat géint Schëffléng duerch eng gutt Moral : Equip   News   Fotoen

 

 

07.11.2012 : Eng ganz enttäuschtent Leeschtung huet Tricolore 2.Equip géint de Red Star Merl ofgeliwwert. Offensiv total harmlos, an an der 2.Halschent praktesch net méi preesent : Equip

 

 

04.11.2012 : Keng Goaler si gefall am Championnatsmätch zwëschen ASL Porto - Tricolore obwuel béid Equipen gutt Goalchancen haten : Equip   News   Fotoen

 

 

01.11.2012 : Am frësch gespillte Championnatsmätch zu Këntzeg gewënnt Tricolore verdéngt mat 4:1 : Equip   News

 

 

27.10.2012 : An der Coupe Seniors Réserves verléiert Tricolore mat 1:3 (0:1) géint Réimech-Bous. An der 1.Halschent huet Tricolore Riesechancen net genotzt, an der 2.Halschent war Tricolore offensiv schwaach : Equip

 

 

23.10.2012 : Zu Bieles verléiert d'2.Equip onglécklech mat 0:3. D'Equip huet gutt matgespillt an hat an der 2.Halschent rieseg Goalchancen : Equip

 

 

21.10.2012 : Tricolore spillt 1:1 zu Steesel gläich, well ze vill Goalchancen net genotzt gi sinn : Equip   News   Fotoen

 

 

17.10.2012 : D'2.Equip gewënnt am Championnat kloer mat 5:1 géint Éilereng. Tricolore huet gutt gespillt an huet nach vill Konterchancen leie gelooss : Equip

 

 

14.10.2012 : Tricolore geet mat 0:5 zu Bartréng ënner : Equip   News   Fotoen

 

 

06.10.2012 : D'2.Equip verléiert och de 4.Championnatsmätch mat 1:4 zu Péiteng. An der 1.Halschent war Tricolore gläiwerteg, dueno war d'Equip net méi richteg geféierlech an hannen war et och net méi gaangen. 3 Spiller hu scho missen duerch Verletzungen virun oder an der Paus ausgewieselt ginn. Rout Kaart fir Péiteng an der 65' : No enger Rangelei ass e Péitenger Spiller ausgeflippt an huet den Erdovan Sali, deen op de Buedem gefall ass, puer mol mat de Féiss gerannt : Equip

 

 

04.10.2012 : D'1.Equip ënnerléit Mertert/Wasserbëlleg kloer mat 1:6. An der éischter Halschent huet Tricolore de Mätch nach konnten ausgeglach gestalten, an der 2.Halschent ass Tricolore ausgekontert ginn an hat defensiv an offensiv Problemer : Equip   News   Fotoen

 

 

03.10.2012 : Tricolore 2.Equip verléiert kloer mat 0:6 géint RM Hamm Benfica. RM Hamm war technesch a leeferesch iwwerleeën an Tricolore hat praktesch keng Chance : Equip

 

 

30.09.2012 : Am Championnatsmätch zu Këntzeg spillt Tricolore 0:0. An der 2.Halschent hat Tricolore de Mätch kloer am Grëff an hat 3 Riesechancen. De Mätch ass an der 89' vum Arbitter ofgepaff ginn : Equip   News   Fotoen

 

 

26.09.2012 : D'2.Equip verléiert mat 0:2 zu Schëffléng. Déi éischt 20 Minutten hett Tricolore kënnten a Féierung goen. Nom Réckstand, huet Tricolore an der 2.Halschent gutt verteidegt a gekämpft, mee offensiv näischt méi ferdeg bruecht : Equip

 

 

23.09.2012 : Tricolore gewënnt am Championnat mat 1:0 géint Mensdorf no engem Kampf und Krampf Mätch :  Equip   News   Fotoen

 

 

19.09.2012 : An engem Frëndschaftsmätch gewënnt d'1.Equip mat 2:0 (0:0) am Pafendall géint den FC Red Black-Egalité mat 2:0 (0:0). Tricolore huet net vill zougelooss an ass an der 2.Halschent besser an d'Spill komm : Equip

 

 

15.09.2012 : D'2.Equip verléiert den éischte Championnatsmätch mat 1:3 (1:1) géint Monnerech. An der 1.Halschent war Tricolore dominant, konnt awer virum Goal net genug Gefor ausstrahlen. An der 2.Halschent ass Monnerech besser an d'Spill komm, an Tricolore war an der Offensiv ze harmlos : Equip   Foto 2.Equip 

 

 

09.09.2012 : Am 2.Championnatsmätch gewënnt Tricolore mat 3:2 zu Koplescht. An der 1.Halschent hat Tricolore Koplescht am Grëff. No der Paus war Koplescht déi besser Equip. D'Moral op der Säit vun Tricolore war nom Réckstand Top, an esou konnt d'Equip de Mätch nees dréinen : Equip   News   Fotoen

 

 

06.09.2012 : Am éischte Championnatsmätch klappt Tricolore Éilereng mat 4:0. An der 1.Halschent hat Tricolore de Mätch am Grëff an huet och spillerech gudd Kombinatiounen gewissen. No der Paus war Tricolore kuerz deesorientéiert, no +- 60' huet d'Equip sech awer nees gefangen an huet op Konter nach op 4:0 erhéischt : Equip   News   Fotoen

 

 

03.09.2012 : An der Coupe de Luxembourg verléiert Tricolore an der 1.Ronn zu Miedernach mat 2:4 (0:4). Déi éischt 30' huet Tricolore total verschlof, dueno hat Tricolore de Mätch kloer am Grëff, hat och gutt Goalchancen, mee konnt de Réckstand leider net méi ophuelen : Equip   News   Fotoen

 

 

27.08.2012 : Op der Coupe zu Krëschtnech gewënnt Tricolore de Mätch fir 3-4 Plaz mat 5:2 géint Medernach. Tricolore huet d'Goaler schéin erausgespillt. Den Turnéier huet Mensdorf gewonnen, an der Final huet Mensdorf mat 4:0 géint Krëschtnech gewonnen : Equip

 

 

24.08.2012 : Op der Coupe zu Krëschtnech spillt Tricolore 1:1 géint d'Lokalequip am Ausseedungsmätch. Am Penaltyschéissen gewënnt Krëschtnech mat 3:2. De Mätch war ausgeglach, a béid Equipen hunn net vill Goalchancen zougelooss. Dommader spillt Tricolore e Sonndeg um 16.00h fir 3-4 Plaz géint Medernach  : Equip

 

 

22.08.2012 : An engem Frëndschaftsmätch verléiert d'1.Equip mat 0:5 géint Millebaach. Millebaach war technesch a spilleresch méi séier, Tricolore huet awer an der 2.Halschent puer Goalchancen gehat : Equip

 

 

20.08.2012 : An der Final op der Coupe zu Uespelt ënnerläit Tricolore mat 3:5 géint d'Lokalequip. Bei tropeschen Temperaturen hate béid Equien vill Goalchancen. Schlussendlech huet Uespelt verdéngt 

gewonnen : Equip

 

 

17.08.2012 : D'1.Equip spillt op der Coupe zu Uespelt 0:0 géint Duelem gläich. Am Penaltyschéissen setzt Tricolore sech mat 5:3 duerch a spillt e Sonndeg um 17.00h d'Final géint Uespelt déi sech mat 3:1 géint Kärjeng (Equipe mixte) durchgesaat huet : Equip Tricolore géint Dalheim

 

 

12.08.2012 : Den FC Mamer '32 gewënnt d'Coupe Valentin Herr. An der Final setzt sech Mamer géint Beetebuerg mat 4:2 (2:0) duerch. De Mätch ëm 3-4 Plaz gewënnt Bieles mat 6:5 n.pen. géint Tricolore, nodeems de Mätch no 90 Minutten 3:3 stoung : Equip Tricolore   Fotoen

 

 

12.08.2012 : Um Copératifsturnéier e Freideg, den 10.08 hunn 8 Equipen deelgeholl. D'Garage Rodenbourg huet den Turnéier suverän gewonnen, 3 Mätcher an der Grupp gewonnen, an an der Final huet d'Garage Rodenbourg mat 3:0 géint Tricolore Senior 2 gewonnen : Resultater

 

 

10.08.2012 : Am zweeten Ausscheedungsmätch vun der Coupe Valentin Herr setzt sech Mamer mat 4:0 géint Bieles duerch. Dommader spillt e Sonndeg, den 12.08.2012 um 15.00h Tricolore géint Bieles an um 17.00h an der Final Beetebuerg géint Mamer : Fotoen

 

 

07.08.2012 : Op der Coupe Valentin Herr zu Gaasperech verléiert Tricolore mat 2:3 (2:0) géint Beetebuerg. Déi 2 Goaler vun der Lokalequip ware schéin erausgespillt. An der 2.Halschent war Tricolore d'Loft ausgaangen an Beetebuerg huet dunn nach zougeluescht : Equip   Fotoen

 

 

05.08.2012 : Op der Coupe zu Izeg, Mätch fir 3-4 Plaz, gewënnt Tricolore mat 2:0 (1:0) géint Ierchternach. Goaler duerch den Orlando Da Rocha an der 45' an duerch den Toni Panza an der 52'. De Mätch huet missen duerch eng Verletzung vum Arbitter an der 53' ofgebrach ginn : Equip

 

 

02.08.2012:  Op der Coupe zu Itzeg verléiert Tricolore kloer mat 0:4. Itzeg war einfach besser, an Tricolore muss nach opbauen. Dommader spillt Tricolore e Sonndeg um 15.00h ëm d'3.Plaz géint Sandweiler oder Iechternach : Equip

 

 

29.07.2012 : D'Broschür vun der Coupe Valentin Herr : Broschür

 

 

23.07.2012:  D'Junioren spillen am Championnat 1.Ronn an der 3.Classe, Série 1. Géigner sinn : E Itzig/Weiler, Sandweiler, E Wincrange/Wiltz, Mondercange, E Vianden/Reisdorf : Programm Championnat Juniors 1.Ronn

 

 

19.07.2012 : Coupe de Luxembourg Ronnen sinn ausgeloust ginn :

1.Ronn Coupe de Luxembourg 02.09.2012 : Medernach - Tricolore

2.Ronn Coupe de Luxembourg 16.09.2012 : Gewënner Bertrange/Colmarberg - Gewënner Medernach/Tricolore

Coupe FLF : 1.Ronn : Fräilouss fir Tricolore

 

 

19.07.2012: D'Championnater vun den 2.Equipen a vun den Dammen sinn eraus :

Programm Championnat Tricolore 2.Equip : Stater Derbyen stinn um Programm

Programm Championnat Dames E Cebra/Tricolore I

Programm Championnat Dames E Cebra/Tricolore II

 

 

09.07.2012 : Trainingsufank vun der 1.Equip ass Mëttwoch, den 18.Juli : Traininsgsprogramm Senior 1 Juli-August

 

 

09.07.2012: D'1.Equip fenkt am Championnat e Mëttwoch, den 05.September doheem géint Éilereng un : Programm Saison 2012-2013

 

 

30.06.2012 : Transferts Spiller IN/OUT bei de Seniors fir d'Saison 2012/2013 : Transferts

 

 

24.06.2012: D'1Equip spillt an der Saison 2012/2013 nees an der 2.Divisioun, 2.Bezierk : Andeelung vun der FLF

 

 

16.06.2012 : Den Turnéier vun den FC Tricolore Vétéranen gewënnt Cargolux. Insgesammt waren 6 Equipen vertrueden.

 

 

05.06.2012: Den FC Europa orgasinéiert eng Art Futtballschoul fir Kanner ab September 2012 um Terrain vum FC Tricolore : Info

 

 

05.06.2012 : Den FC Europa organiséiert e Freideg, den 08.06., e Samsdeg, den 09.06., an e Sonndeg, den 10.06. en Turnéier um Terrain vum FC Tricolore Gasperich : Affiche

 

 

03.06.2012: D'Equip Mike gewënnt den Turnéier fir krank Kanner. Merci un déi 18 Equipen déi deelgeholl hunn :   Resultater   Fotoen

 

 

30.05.2012 : Tricolore klappt Uespelt am Barragemätch mat 6:0 a bleiwwt an der 2.Divisioun : Equip   News   Fotoen   Video

 

 

25.05.2012: D'Meedercher vun der E Cebra/Tricolore gewannen 1:0 géint Colmar-Bierg a bleiwwen domadder an der 1.Liga. Gratulatioun.

 

 

23.05.2012 : D'2.Equip verléiert de leschte Championnatsmätch géint Remëléng mat 2:5 a schléisst dommader op der leschter Plaz of : Equip

 

 

23.05.2012: D'1.Equip spillt am Barragemätch fir an der 2.Divisioun ze bleiwwen Dënschdeg, den 29.05.2012 um 19.30h géint Uespelt zu Beetebuerg.

 

 

21.05.2012 : D'1.Equip gewënnt am leschte Championnatsmätch mat 2:0 zu Närzéng : Equip   News   Fotoen

 

 

14.05.2012: D'1.Equip verléiert kloer mat 0:4 géint Bartréng a kann sech elo op de Barragemätch virbereeden :  Equip   News   Fotoen

 

 

14.05.2012 : D'2.Equip geet mat 0:5 zu Wuermer ënner a steigt an d'3.Klass of.

 

 

10.05.2012 : An engem wichtege Championnatsmätch verléiert Tricolore mat 1:4 zu Beetebuerg. Beetebuerg war vill méi aggressiv : Equip   News   Fotoen

 

 

07.05.2012: Géint Rodange verléiert Tricolore vill ze däitlëch mat 1:5. Tricolore huet mat Rodange gutt matgehal, mee huet nees hannen vill ze vill Feeler gemaach : Equip   News   Fotoen

 

 

05.05.2012 : Am Championnat verléiert 2.Equip knapp mat 0:1 géint Kayl/Tétange. Iwwert déi 90 Minutten war Kayl/Tétange déi dominant Equip. De Jerome Gerner am Tricolore Goal huet mat Glanzparaden Tricolore am Spill gehalen. Kuerz viru Schluss huet den Hugo Azevedo knapp laangscht den Poto gesat. An der Nospillzäit huet Kayl/Tétange den goldene Goal per Kapp markéiert : Equip

 

 

30.04.2012: Duerch e Goal an der 92' wënnt Tricolore zu Menster an kritt wichteg Punkten am Ofstiegskampf : Equip   News   Fotoen

 

 

29.04.2012 : No enger indiskutabler Leeschtung geet Tricolore 2.Equip zu Mënsbech mat 1:6 ënner : Equip

 

 

23.04.2012: Géint Réimech-Bous spillt Tricolore 2:2 gläich an henkt weider déif am Abstiegskampf : Equip   News   Fotoen

 

 

21.04.2012 : Tricolore 2.Equip verléiert doheem mat 2:4 géint Cebra. Tricolore ass ze spéit opgewescht. Domadder gëtt et schwiereg fir an der 2.Classe ze bleiwwen : Equip

 

 

16.04.2012: No vir feelt Tricolore d'Duerchschlagskraaft a verléiert mat 0:1 géint Lamadelaine : Equip  News   Fotoen

 

 

14.04.2012 : D'Senior 2 geet mat 1:7 zu Hueschtert ënner. Hueschtert kloer besser a vill méi agespillt : Equip

 

 

07.04.2012: Tricolore enttäuscht zu Suessem a verléiert mat 1:4 : Equip   News   Fotoen

 

 

02.04.2012 : An engem Frëndschaftsmätch gewënnt Tricolore mat 4:1 géint Folscht. Goaler hunn den Antonio Curioso (2), Denis Rizvani an Michele Corallo geschoss : Equip

 

 

01.04.2012: D'2.Equip dréit an der 2.Halschent op a klappt d'Jeunesse mat 5:1 (1:1) : Equip

 

 

01.04.2012: Zu Mondorf ass Tricolore 2.Equip mat 0:7 ënnergaang : Equip

 

 

26.03.2012 : Tricolore spillt géint Éileréng 2:2 gläich. Tricolore huet fir d'Chancen net genotzt, an ass hanne brutal gestrooft ginn : Equip   News   Fotoen

 

 

22.03.2012: D'2.Equip verléiert mat 1:3 (0:0) zu Beyren, Goal duerch de Gilles Volken : Equip

 an d'Junioren verléiren mat 1:3 (0:3) zu Weidingen. De Goal huet de Roberto Sidella geschoss.

 

 

18.03.2012 : D'1.Equip gewënnt verdéngt mat 5:1 (1:0) zu Remerschen : Equip   News   Fotoen

 

 

18.03.2012: D'2.Equip verléiert mat 1:3 (0:0) zu Beyren, Goal duerch de Gilles Volken : Equip

 an d'Junioren verléiren mat 1:3 (0:3) zu Weidingen. De Goal huet de Roberto Sidella geschoss.

 

 

11.03.2012 : Championnatsmätch Senior 1 : Tricolore - Luna Obercorn 1:1 (1:1). Tricolore huet gutt géint Luna Uewwerkuer gespillt. Opgrond vun de Chancen hett Tricolore kéinten 3 Punkten afueren : Equip   News   Fotoen

 

 

10.03.2012: Frëndschaftsmätch Senior 2 : Tricolore - Äischdall 2:4 (1:1). Déi 2 Goaler fir d'Lokalequip huet den Thomas Breyer geschoss : Equip

 

 

05.03.2012 : D'1.Equip verléiert am Championnat an engem ruppege Mätch mat 2:3 bei ASL-Porto : Equip   News   Fotoen

 

 

04.03.2012: An engem weideren Frëndschaftsmätch spillt Tricolore 2.Equip géint Izeg 3:3 gläich. Déi Izeger waren no 30' schon 3:0 vir, dueno huet den Hugo Azevedo den 1:3 nach virun der Paus markéiert, an de Flavio Morabito huet an der 2.Halschent weider 2 Goaler geschoss : Equip

 

 

29.02.2012 : Frëndschaftsmätch Senior 2 : Tricolore - Strassen 2:1 (1:0). D'Goaler hunn den David Da Silva a Gilles Volken geschoss.

 

 

27.02.2012: Ze vill Ofwierschnitzer : Tricolore verléiert doheem mat 2:4 géint Izeg : Equip   News   Fotoen

 

 

22.02.2012 : Frëndschaftsmätch Senior 1 : Tricolore - Mondorf 2:5 (0:0). Géint eng technësch gutt Equip vu Mondorf huet Tricolore zunächst gutt dowwider gehalen, mee an der Schlussphase war d'Equip net méi nokomm : Equip

 

 

04.02.2012: D'Generalversammlung vum FC Tricolore ass séier iwwert d'Bün gaangen. Merci un all déi Leit
déi komm sinn. An de Comité huet sech d'Jacky Schumacher gemellt : Résumé vum Wort
Virun der Versammlung sinn 2 Schecken iwwerreescht ginn : Dons FC Tricolore 03.02.2012.jpg (105928 bytes)

 

29.01.2012 : Den FC Tricolore huet den tradionnelen Marche organiséiert. Puer Impressiounen : Fotoen

 

 

28.01.2012: Am éischten Frëndschaftsmätch 2012 verléiert Tricolore mat 2:3 (1:2) géint Äischdall. Et war en zimlech zerfahrene Mätch. 

Score : 0:1 10' Äischdall, 1:1 35' Antonio Virgulino, 1:2 38' Äischdall, 2:2 54' Denis Rizvani, 2:3 86' Äischdall :

Equip

 

 

22.01.2012 : Beim Askal-Cup Hallenturnéier organiséiert vun US BC01 Berdorf-Consdorf gëtt Tricolore déi 3. An der Finalronn gouf et fir Tricolore folgend Resultater : Tricolore - Berbourg 3:5, Tricolore - Grevenmacher 2:4, Tricolore - Rosport 7:0. Den Turnéier huet Berdenia Berbourg gewonn.

 

 

21.01.2012: Beim Askal-Cup Hallenturnéier organiséiert vu Berdorf/Consdorf steet Tricolore an der Finalronn e Sonndeg.

Resultater vun der Vironn : Tricolore - Berdorf/Consdorf 3:4, Christnach - Grevenmacher 0:6, Tricolore - Grevenmacher 7:3, Christnach - Berdorf/Consdorf 0:9, Christnach - Tricolore 3:11, Berdorf/Consdorf - Grevenmacher 4:8.

Géigner an der Finalronn sinn : Rosport, Berburg a Grevenmacher.

 

 

15.01.2012 : Tricolore gewënnt den Indoorturnéier zu Beetebuerg. An der Final setzt Tricolore sech mat 2:0 géint Beetebuerg duerch. 

 

 

08.01.2012: Beim Tree Top Cup organiséiert vum FC Bieles get Tricolore déi 7. vun 8 Equipen

 

 

16.12.2011 : Den FC Tricolore spillt zu Bieles en Indoor Cup e Samsdeg, den 07.01.2012 : 

Programm Tree Top Cup  

 

 

01.12.2011: Am leschte Championnatsmätch 2011 verléiert Tricolore ze héisch mat 0:4 zu Bartréng :       Equip  News

 

 

26.11.2011 : An der Coupe Senior 2 setzt sech Tricolore mat 6:4 no Penaltyschéissen géint Käerjeng 3 duerch. No 90 Minutten stoung et 3:3.

An deenen éischten 30' huet Tricolore praktesch um Terrain geschlof, déi technesch staark Equip vun Käerjeng hat de Mätch am Grëff. De Sven Haag am Goal huet Tricolore awer nach am Mätch gehalen. Nom 1:2 ass e Ruck duerch d'Lokalequip gaangen, an d'Equip huet dunn méi Bëss gewissen an de Mätch dominéiert. 2' viru Schluss ass dunn Tricolore fir déi engagéiert 2.Halschent duerch den Ausgläich belount ginn. Am Penaltyschéissen huet jeweils de Sven Haag am Tricolore Goal an den David Zenner am Käerjenger Goal e Penalty paréiert, an 2 Spiller vu Käerjeng hunn laangscht respektiv driwwer gesat : Equip

 

 

23.11.2011: Géint Beetebuerg gewënnt Tricolore verdéngt mat 3:2 : Equip  News

 

 

19.11.2011 : Championnatsmätch Senior 2 : Tricolore - Wuermer 4:2. Gutt éischt Halschent vun Tricolore. Bis zur 40' huet d'Lokalequip et verpasst d'Chancen ze verwerten, dueno banne 5' 3:1 an der Paus. 

An der 2.Halschent ass Wuermer besser opkomm, Tricolore huet awer de 4:1 geschoss, an duerno war "The cat in the sack". 

Remarkabel : De Philippe Fontaine get an der 33' agewieselt, an der 36' kritt hien Muskelproblemer, an der 40' schéisst hien den 1:1, an an der 54' get hien ausgewieselt : Equip

 

 

16.11.2011: An engem Frëndschaftsmätch gewënnt Tricolore mat 2:1 géint Weiler. Weiler war an der Ufanksphase iwwerleeën, dueno ass Tricolore besser an de Mätch komm, an huet de Mätch gedréit : Equip

 

 

14.11.2011 : Zu Rodange verléiert Tricolore mat 1:3 : Equip  News  Fotoen

 

 

12.11.2011: D'2.Equip geet am Championnat mat 2:7 zu Kayl géint Kayl/Tétange ënner. Bei Tricolore hu vill wichteg Spiller gefeelt, zumols hannen war Tricolore zum Deel deesorganiséiert. Kayl/Tétange war och méi séier wéi Tricolore : Equip

 

 

07.11.2011 : Géint Menster verspillt Tricolore 2 Punkten : Equip  News  Fotoen

 

 

05.11.2011: D'Dammen I E Cebra/Tricolore gewannen mat 2:0 beim Tabelleleader Niederkuer. D'Dammen II gewannen doheem mat 3:1 géint US Esch.

 

 

05.11.2011 : D'2.Equip spillt 2:2 gläich géint Mënsbech. 2 Punkten henke gelooss, Tricolore hat méi a vill Goalchancen. Mënsbech war och aktiv, an esou war et en dynamesche Mätch : Equip

 

 

30.10.2011: D'1.Equip gewënnt verdéngt mat 2:1 am Championnat zu Réimech : Equip  News  Fotoen

 

 

28.10.2011 : An der Coupe Senior 2 setzt Tricolore sech verdéngt mat 3:2 géint Ierchternach duerch : Equip

 

 

24.10.2011: Eng weider hefteg Nidderlag kasséiert Tricolore zu Lamadelaine : Equip  News  Fotoen

 

 

23.10.2011 : Zu Zéisseng gewënnt d'2.Equip am Championnat verdéngt mat 4:2 géint Cebra. Iwwert déi gesammt Spillzäit huet Tricolore dominéiert, béid Keeperen hunn och gutt Paraden gemaach : Equip

 

 

17.10.2011: D'1.Equip gewënnt am Championnat mat 4:2 géint Suessem : Equip  News  Fotoen 

 

 

15.10.2011 : D'Dammen vun der E Cebra/Tricolore kruten eng nei Uniform vun Boissons Raposeiro gesponsert. Déi Uniform ass fir déi 2.Equip geduecht.

E Cebra-Tricolore Nei Uniform 14.10.2011 01.JPG (205101 bytes)E Cebra-Tricolore Nei Uniform 14.10.2011 02.JPG (241462 bytes)E Cebra-Tricolore Equip 14.10.2011 01.JPG (237236 bytes)E Cebra-Tricolore Equip 14.10.2011 02.JPG (249529 bytes)

 

 

15.10.2011: D'2.Equip huet eng ganz schwaach Leeschtung am Championnat géint Hueschtert gebueden. Hueschtert huet och nach nëmmen mat 10 Mann gespillt : Equip 

 

 

12.10.2011 : Tricolore verléiert an engem Frëndschaftsmätch däitlech mat 1:5 zu Weimerskierch géint Red Black Egalité. Tricolore huet schéin de Ball hinn an hier gespillt, eng Art Pass à dix, ouni Gefoer auszestralen, soubal de Ball awer verluer ginn ass, ass d'Post beim Géigner ofgaang a plus huet Tricolore erëm krass Ofwierschnitzer produzéiert : Equip

 

 

08.10.2011: Senior 2 : Bei der Jeunesse erkämpft sech 2.Equip nach an der leschter Minutt e Punkt. An der éischter Halschent hat Tricolore nach Schwieregkeeten déi séier Jeunesse Spiller an de Grëff ze kréien. An der 2.Halschent huet Tricolore méi offensiv gespillt, an hat der Jeunesse Paroli gebueden. Natiirlech hat d'Jeunesse en däitlechen Chanceplus, an den Sven Haag am Tricolore Goal huet puer gutt Interventiounen gemaach : Equip

 

 

04.10.2011 :Den Tun Darrosa ass neien 1.Equip'strainer. Als Spiller an Trainer war den Tun Darrosa laang an der Millebaach aktiv, als Spiller war hien och 3 Saisons bei Tricolore, weider Statiounen waren Mamer, Kärch an reezent Närtzeng. 

 Tun Darrosa Oktober 2011.JPG (89314 bytes)

 

 

02.10.2011: Nächst 1:1 Gläichspill vun der 1.Equip, dës Kéier zu Éilereng : Equip  News  Fotoen

 

 

01.10.2011 : D'2.Equip ënnerläit knapp mat 2:3 (2:2) géint Mondorf. An der 1.Halschent war de Mätch ausgeglach, and der 2,Halschent war Mondorf dominant an huet verdéngt gewonn : Equip

 

 

29.09.2011: Géint Remerschen spillt d'1.Equip 1:1 gläich : Equip  Spillbericht

 

 

26.09.2011 : No der Deemissioun vum Denis Pfeiffer muss den FC Tricolore en neien 1.Equip'strainer fannen. Kandidaten déi interesséiert sinn sollen sech beim FC Tricolore mellen. E Méindeg, den 03.Oktober 2011 um 18.30h sinn Interviews geplangt.

 

 

26.09.2011 : Den Denis Pfeiffer huet nom 1.Equip'smätch bei Luna Uewwerkuer deemissionéiert. 
Denis Pfeiffer September 2010.jpg (100699 bytes)

Den FC Tricolore seet dem Denis merci fir säin Asaatz deen en beim FC Tricolore gewissen huet a wënscht dem Denis sportlechen Erfolleg op sengem weidere Wee.

 

 

25.09.2011 : Blamabel Virstellung vun der 1.Equip. Mat 0:6 geet Tricolore bei Luna Uewwerkuer ënner :  Equip  News  Fotoen

 

 

24.09.2011: Déi éischt 3 Punkten krit d'Senior 2 géint Fluessweiler/Beyren. An engem Mätch mat wéineg Goalchancen huet Tricolore konzentréiert hanne gespillt an huet vir 1 Goal méi geschoss : Equip

 

 

22.09.2011 : D'2.Equip verléiert am Championnat mat 0:6 zu Remëléng. D'Lokalequip war méi séier, an Tricolore huet vill individuell Feeler gemaach, déi zu de Goaler gefouert hunn : Equip

 

 

19.09.2011: Tricolore verspillt géint ASL Porto onglécklech den Dreier : Equip  News  Fotoen

 

 

15.09.2011 : An der Coupe Senior Reserves setzt sech Tricolore knapp mat 2:1 (0:1) géint Koplëscht duerch. Vill Goalchancen sinn op Tricolore Säit net genotzt ginn, esou dass d'Lokalequip eréischt an der Schlussphase de Mätch konnt entscheeden : Equip  Fotoen

Tricolore 2.Equip September 2011 01.JPG (267397 bytes)Tricolore 2.Equip September 2011 02.JPG (295930 bytes)

 

 

12.09.2011: D'1.Equip verléiert ongléck mat 0:3 zu Izeg : Equip  News  Fotoen

 

 

12.09.2011 : D'2.Equip ënnerléit an engem Virbereedungsmätch mat 2:5 (0:3) zu Äischen.

 

 

12.09.2011: D'Junioren kruten nei Trainingskostümer : 

Tricolore Juniors Jogging September 2011 01.JPG (296354 bytes)Tricolore Juniors Jogging September 2011 02.JPG (337867 bytes)

 

 

08.09.2011 : Mat 1:2 setzt Tricolore den 1.Championnatsmätch géint Närzeng an de Sand : Equip  News  Fotoen

 

 

01.09.2011: D'1.Equip gewënnt e Frëndschaftsmätch zu Steesel mat 2:1. No Ufangsschwieregkeeten ass Tricolore besser an d'Spill komm an huet verdéngt gewonn : Equip

 

 

29.08.2011 : No enger schwaacher Virstellung géint Mensdorf, ass Tricolore schon an der Coupe de Luxembourg eraus, 1:3, Mensdorf huet verdéngt gewonn : Equip  News  Fotoen

 

 

24.08.2011: Den Trainingsufank vun de Junioren ass e Méindeg, den 29.August 2011 um 17.45h. Traininger si jeweils Méindes an Donneschdes vun 17.45h - 19.15h.

 

 

24.08.2011 : Tricolore klappt Cebra an engem Frëndschaftsmätch mat 4:3 (0:2). An der éischter Halschent war Cebra méi séier a war verdéngt vir. An der 2.Halschent huet Tricolore eng gutt Energieleeschtung gewissen an huet Cebra ënner Drock gesat, an zum Schluss nach mat 4:3 gewonnen : Equip

 

 

22.08.2011: Zu Uespelt op der Coupe ënnerléit Tricolore mat 3:4 géint Iechternach. Iechternach war insgesammt besser, well se méi séier waren : Equip

 

 

18.08.2011 : Op der Coupe zu Uespelt behaapt sech Tricolore mat 4:0 géint Izeg. No enger schwiereger Ufangsphase ass Tricolore dueno besser an d'Spill komm : Equip

 

 

16.08.2011: Spillerdaten vun de Senioren fir d'Saison 2011-2012 sinn agedroe ginn. Nëmme Spiller an der Lëscht déi bis elo an engem Mätch dobäi waren, Spiller ouni Lizens net ugewissen : Spillerdaten

 

 

15.08.2011 : An enger gudder Atmosphäre, gewënnt Bieles d'Coupe Gillig virun Mamer an Tricolore :       Equip Tricolore   Fotoen

 

 

13.08.2011: FC Spuerkeess gewënnt de Copeeratifsturnéier annlesseg dem Sportsweekend beim FC Tricolore : Resultater   Fotoen

 

 

11.08.2011 : Zu Béiwen gewënnt d'1.Equip mat 8:3. Nodeems déi éischt hallef Stonn Tricolore de Mätch am Grëff hat, ass dueno Béiwen besser an d'Spill komm. An der 2.Halschent war dunn en Offensivfestival mat 10 Goaler, an Tricolore huet gutt Offensivaktiounen gewissen : Equip

 

 

06.08.2011: D'Broschür vun der Coupe Gillig : Deckel  Inhalt

 

 

06.08.2011 : D'1.Equip gewënnt an engem Frëndschaftsmätch mat 2:0 (0:0) géint Biwer. Béid Goaler huet den Nelito Dos Santos geschoss : Equip

 

 

30.07.2011: D'Junioren spillen 2011-2012 am 1.Tour an der Classe IV, Série 2 : Programm

 

 

28.07.2011 : Aus logischtësche Grënn ass de Frëndschaftsmätch vun der 1.Equip zu Reisdorf ofgesot ginn.

 

 

25.07.2011: D'1.Equip verléiert am 1.Virbereedungsmätch mat 0:2 géint Schuller. Schuller war einfach méi séier, vill Kaderspiller sinn an der Vakanz, dofir ass et schwéier de Mätch anzeschetzen : Equip

 

 

20.07.2011 : Coupesmätcher sinn ausgeloust ginn. Hei sinn d'Paarungen :

 

Coupe de Luxembourg Senior 1 : 

Sonndeg 28.08.2011 : Tricolore - Mensdorf, 

Sonndeg 04.09.2011 Gewënner Tricolore/Mensdorf - Gewënner Schouweiler/Lamadelaine

 

Coupe Seniors Réserves :

Mëttwoch 14.09.2011 : Tricolore - Kopstal

Freideg 28.10.2011 : Gewënner Tricolore/Kopstal - Gewënner Echternach/Lorentzweiler

 

Coupe Dames :

Samsdeg 29.10.2011 : Lintgen - E Cebra/Tricolore

 

 

17.07.2011: D'Championnatsprogrammen vun der 2.Equip, Dames E Cebra/Tricolore I an II :

Programm 2.Equip

Programm Dames I

Programm Dames II

 

 

11.07.2011 : De Programm vun der 1.Equip fir de Juli an August steet fest. Trainingsoptakt ass Dënschdeg, den 12.07.2011. Éischte Frëndschaftsmätch ass e Méindeg, den 25.Juli géint Schuller : Programm 1.Equip

 

 

07.07.2011: D'1.Equip spillt den éischte Championnatsmätch doheem géint Närtzeng :  Programm 2.Divisioun 2.Bezierk 2011/2012

 

 

03.07.2011 : D'1.Equip spillt 2011/2012 an der 2.Divisioun 2.Bezierk : Equipen

 

 

02.07.2011: D'Spiller vun de Seniors 2011/2012 déi nei dobäi sinn oder déi fort gaange sinn : Spiller In/Out

 

 

02.06.2011 : An der Coupe FLF verléiert Tricolore géint Fluessweiler/Beyren mat 1:7. Fluessweiler/Beyren war technesch iwwerleeën a war vill méi aggressiv. D'Moral am Tricolore Lager war souwisou zimlech niddreg no deene leschte Resultater : Equip  Fotoen

 

 

29.05.2011: E flotten Nomëtteg war et beim Turnéier fir krank Kanner. An der Finalronn setzt sech d'Equipe Denis virun de Loverboys an der Police duerch : Fotoen  Video 1  Video 2

 

 

29.05.2011 : Am Barragemätch verléiert d'1.Equip mat 4:5 géint Walfer a steigt esou an d'2.Divisioun of : Equip  News  Fotoen

 

 

23.05.2011: No enger enttäuschender Leeschtung verléiert d'1.Equip mat 0:2 géint de Meeschter Stroossen a muss elo an engem Barragemätch kämpfen fir eng Plaz an der 1.Divisioun : Equip  News  Fotoen  Tabell

 

 

23.05.2011 : D'Cadets gewannen hieren 1.Championnatsmätch géint E Gilsdorf mat 4:3 (0:3). Gratulatioun un d'Jongen.

 

 

22.05.2011 : D'Dammen vun der E Ceba/Tricolore verléiren an der 1/2 Final vun der Coupe des Dames mat 0:3 géint de neie Landesmeeschter Nidderkuer.

 

 

18.05.2011 : D'2.Equip verléiert hiere leschte Championnatsmätch knapp mat 1:2 zu Sandweiler. Goalchancen si leider net konseequent genotzt ginn. Insgesammt awer huet 2.Equip eng gutt 5.Plaz als Opsteiger areecht : Equip

 

 

16.05.2011 : Duerch eng 1:4 Nidderlag zu Sandweiler rutscht Tricolore op d'Releegatiounsplaz: 

Equip  News  Fotoen  Tabell

 

 

12.05.2011 : Duerch eng Leeschtungssteigerung an der 2.Halschent klappt Tricolore Bartréng mat 6:1 a krit 3 wichteg Punkten am Ofstiegskampf : Equip  News  Fotoen  Tabell

 

 

12.05.2011 : D'Dammen vun der E Cebra/Tricolore spillen an der Semi-Final vun der Coupe doheem géint Nidderkuer, gespillt get e Samsdeg, den 21.05.2011 um 19.00h zu Zéisseng.

 

 

08.05.2011 : Am Championnatsmätch zu Schëffléng krit Tricolore nach e wichtege Punkt am Ofstiegskampf : Equip  News  Fotoen  Tabell

 

 

07.05.2011 : Op der Grenz verléiert Tricolore 3:0 géint d'Jeunesse. d'Jeunesse war kloer spillbestëmmend :  Equip  Fotoen

 

 

 

E Cebra-Tricolore Dames Mee 2011.jpg (512480 bytes)

05.05.2011 : D'Dammen vun E Cebra/Tricolore gewannen an der Coupe 1/4 Final 2:0 bei der E Itzig/Remich-Bous a stinn dommader an der Semi-Final, déi den 21.05 gespillt get. Gratulatioun.

 

 

 

04.05.2011 : D'2.Equip klappt Mamer verdéngt mat 6:1 : Equip

 

 

01.05.2011 : Tricolore verschenkt liichtsënneg wichteg Punkten am Ofstiegskampf géint Këntzeg : Equip  News  Fotoen  Tabell

 

 

27.04.2011 : No engem packende Mätch verléiren d'Dammen vun der E Cebra/Tricolore mat 3:4 (1:3) géint den Tabelleleader vun Nidderkuer. Nodeems d'Lokalequip op 3:3 erukomm ass, huet Nidderkuer 10 Minutte viru Schluss nach den 3:4 erzielt.

 

 

23.04.2011 : De Championnatsmätch zu Mamer setzt Tricolore an de Sand opgrond vun enger schlechter 2.Halschent : Equip  News  Fotoen

 

 

20.04.2011 : D'2.Equip verléiert mat 1:5 zu Nidderkuer. Nidderkuer war déi technesch besser Equip, zumols an der 1.Halschent hat Tricolore Schwieregkeeten. D'2.Halschent war besser : Equip Tricolore

 

 

17.04.2011 : Verdéngt klappt Tricolore Fluessweiler/Beyren mat 1:0 : Equip  News  Fotoen

 

 

11.04.2011 : An engem spilleresch schwaache Mätch verléiert d'1.Equip mat 2:3 beim FC Cebra :  Equip

News  Fotoen

 

 

10.04.2011 : D'2.Equip ënnerläit Fluessweiler/Beyren mat 3:4 (1:1). An deenen éischten 30 Minutten war Tricolore net richteg am Spill, dueno war et besser a kuerz virun der Paus huet d'Equip den 1:1 geschoss. Am 2.Durchgang ware béid Equipen drop aus fir de Mätch ze wannen, an an der Schlussphase ass de Mätch nach turbulent ginn, mat dem glécklechen Enn fir d'Auswärtsequip : Equip Tricolore

 

 

03.04.2011 : D'1.Equip verléiert onglécklech mat 1:2 zu Mënsbech : Equip  News  Fotoen  Tabell

 

 

03.04.2011 : D'Senior 2 gewannen mat 4:2 zu Éilereng. Tricolore war staark ersatzgeschwächt, no enger schwaacher 1.Halschent huet Tricolore no der Paus besser gespillt. Éilereng war an der 2.Halschent och just nach méi zu 10, well e Spiller sech verletzt hat : Equip

 

 

28.03.2011 : Duerch eng gutt Leeschtung an der 2.Halschent setzt sech Tricolore géint Beetebuerg duerch :

Equip  News  Fotoen  Tabell

 

 

23.03.2011 : An engem gudden a spannende Mätch verléiert d'2.Equip nach zum Schluss mat 2:4 zu Stroossen : Equip

 

 

21.03.2011 : Dank enger eenergëscher Leeschtung gëwennt Tricolore zu Wasserbëlleg : Equip   News  Tabell Fotoen   Video vum Mätch

 

 

17.03.2011 : Frëndschaftsmätch Senior 1 : Jonglënster - Tricolore 1:1 (1:1) : Equip

 

 

16.03.2011 : D'2.Equip festëgt d'4.Plaz mat engem 4:1 am Championnat géint Hueschtert. Eng gutt Leeschtung, béid Equipen haten nach gutt Chancen fir weider Goaler ze schéissen : Equip

 

 

12.03.2011 : Tricolore verléiert duerch eegen Dommheet mat 3:5 am Championnat géint d'US Esch : Equip

News  Fotoen  Video vum 2:1 duerch de Pietro Lombardini

 

 

07.03.2011 : Championnatsmätch 1.Equip : Bieles - Tricolore 2:2 (1:0), verdéngt Gläichspill, Tricolore huet gutt gespillt an huet Moral gewissen :  Equip  News  Fotoen  Tabell

 

 

05.03.2011 : D'2.Equip gewënnt mat 5:3 am Championnatsmätch zu Beetebuerg. Beetebuerg war iwwerleeën, mee Tricolore huet méi konseequent no vir gespillt : Equip 

 

 

28.02.2011 : Tricolore 1.Equip, defensiv wéi en Hühnerhaufen, offensiv d'Chancen net eragemaach, Resultat : verdéngt Nidderlag am Championnatsmätch géint Schëffléng :  Equip   News   Fotoen  Tabell  Video vum Mätch beim Stand vun 0:0

 

 

27.02.2011 : D'2.Equip setzt sech an engem Frëndschaftsmätch mat 7:1 zu Jonglënster duerch : Equip

 

 

22.02.2011 : "D'Senior 2" (mat verschidde wichteg Spiller fir d'1.Equip) gewannen an engem schwachen Mätch géint Duelem mat 6:0. Op Tricolore Säit, war déi 1.Halschent grotteschlecht, déi 2.Halschent war dunn akzeptabel : Equip

 

 

16.02.2011 : An engem weideren Frëndschaftsmätch vun der 1.Equip, klappt Tricolore Éinen mat 3:1 (2:0). D'Heemequip war dominant an hett kéinten nach méi Goaler schéissen : Equip

 

 

07.02.2011 : 1.Equip's Frëndschaftsmätch Tricolore - Duelem geet 6:0 aus. Tricolore war iwwerleeën, an der 2.Halschent hett Duelem awer och kéinten een oder deen anere Goal schéissen : Equip  Goal zum 5:0 vum Ferdy Ciufoli op youtube.

 

 

05.02.2011 : D'Generalversammlung vum FC Tricolore ass insgesammt roueg iwwert d'Bün gaangen. Merci un déi Leit déi komm sinn. : Résumé vun der Generalversammlung

Enttäuschend war, dass ërem esou wéineg Leit do waren. Dofir war d'Stëmmung ënnert deene Leit déi nach bliwwe sinn emsou besser. 

Virun der Versammlung huet Tricolore dann och nach 2 Schecken iwwerreecht fir krank Kanner :

Scheck Krank Kanner Clubhouse 04.02.2011.jpg (218298 bytes)

 

 

01.02.2011 : De Frëndschaftsmätch vun en Donneschdeg, den 03.02.2011 géint Ierchternach fellt aus. Dofir ass elo e neien Frëndschaftsmätch um Programm vun der 1.Equip : e Méindeg den 07.02.2011 um 19.30h empfängt Tricolore d'Equip vun Duelem.

 

 

01.02.2011 : Am 1.Frëndschaftsmätch no der Wanterpaus setzt sech Tricolore mat 3:0 (2:0) géint Izeg duerch. Op engem gefruerenen Terrain war et schwéier ze spillen, mee Tricolore huet trotzdem gutt Kombinatiounen gewissen : Equip   Fotoen

 

 

16.01.2011 : De Marche duerch d'Alstad vu Lëtzebuerg organiséiert vun der Section de Marche vum FC Tricolore war insgesammt gutt ofgelaf. Merci un all déi Leit déi gehollef hunn.

 

 

12.01.2011 : Beim Haallenturnéier zu Bieles ereescht d'1.Equip déi 6.Plaz.

Resultater : Tricolore - Fola 2:1, Tricolore - Pétange 1:3, Tricolore - Belvaux 1 4:5. Spill ëm d'5-6 Plaz : Tricolore - Belvaux 2 2:3.

 

 

04.01.2011 : Den 1.Rendez-vous 2011 fir d'1.Equip ass beim Haallenturnéier zu Bieles : Programm Tree Top Cup 2011

 

 

11.12.2010 : Gutt Ambiance bei der Chrëschtsdagsfeier am Clubhouse : Fotoen

 

 

07.12.2010 : Duerch déi schlecht Wiederkonditiounen an déi schlecht Zoustenn vun den Terrainen huet d'FLF décidéiert dass 2010 keen offiziellen Mätch méi dobaussen gespillt get. 

 

 

06.12.2010 : E flotten Owend huet de Comité mat Leit déi dem Tricolore hëllefen am Café Millewee verbruecht : Fotoen

 

 

02.12.2010 : Erwaardungsgeméiss sinn all Mätcher fir dëse Weekend 02/03/04/05.12 vun der FLF ofgesot ginn. 

 

 

30.11.2010 : 1.Equip's Frëndschaftsmätch géint Izeg fellt dem Wieder zum Opfer. Dat ass dann elo scho fir d'3.Kéier dass e Frëndschaftsmätch géint Izeg 1./2.Equip dës Saison ofgesot get. De Mätch soll awer eng Kéier gespillt ginn, mee wéini. Fir e Sonndeg gesäit et momentan och düster aus wéinst dem Wieder wat de Spillprogramm ubelaangt. 

 

 

28.11.2010 : Duerch 2 Goaler an der Schlussphase spillt d'1.Equip 2:2 géint Sandweiler gläich :

Equip Tricolore   News   Fotoen   Tabell

 

 

21.11.2010 : Ërem keng Punkten fir d'1.Equip zu Bartréng : Equip Tricolore   News   Fotoen   Tabell

 

 

13.11.2010 : D'2.Equip klappt d'Jeunesse mat 7:1. Tricolore huet de ganze Mätch dominéiert an huet nach vill Riesechancen ausgelooss. D'Jeunesse war awer och just zu 10, an 2 Feldspiller si an de Goal gaangen (deen een déi 1.Halschent, an den aneren déi 2.Halschent) : Equip Tricolore   Fotoen

 

 

07.11.2010 : Debakel fir d'1.Equip an der Coupe de Luxembourg zu Téiteng : 0:9 geet d'Equip géint Kayl/Tetange ënner : Equip Tricolore   News   Fotoen

 

 

06.11.2010 : FC Tricolore verkeeft säi Minibus :

Tricolore_Minibus_Marz_2005_01.JPG (34068 bytes)

Vend Mini-bus pour 9 personnes
 
HYUNDAI  TYPE:H1/H1
DIESEL
PUISSANCE 74-----CYLINDREE:2476
COULEUR: GRIS
KM: 87500
PRIX: 8500 EURO   PRIX A DISC.
ANNEE: 2003
 
FC TRICOLORE GASPERICH
MOSSONG JEAN-MARIE
621363544

 

 

06.11.2010 : Championnatsmätch vun den Dammen E Cebra/Tricolore - SC Ell dee fir de Samsdeg 06.11.2010 programméiert war, ass ofgesot ginn, well eng Spillerin vum SC Ell am Komma louch a mëttlerweil gestuerwen ass. Häerzlechst Bäileed.

 

 

06.11.2010 : D'2.Equip verléiert total onverdéngt mat 1:3 zu Mamer. Iwwert déi ganz 90 Minutten war Tricolore déi tonangeebend Equip, huet och gutt kombinéiert, mee vir war et verhext an hannen sinn 2 onglécklech Goaler kasséiert ginn. Goalchancen en masse, 3X Poto, 3X Lat, Mamer Spiller op der Linn gerett, Keeper gehal, dolaangscht, dee ganze Programm.

 

 

01.11.2010: D'1.Equip verléiert mat 1:2 zu Kënzeg :

Equip Tricolore   News   Fotoen   Tabell

 

 

30.10.2010 : D'2.Equip verléiert mat 1:2 zu Beetebuerg an der Coupe Senior Reserves. No enger schlechter 1.Halschent wou Tricolore scho mat 0:2 hanne war, huet d'Equip an der 2.Halschent besser gespillt, huet awer just nach konnte verkierzen.

 

 

27.10.2010: Am 2.Equip's Championnatsmätch ënnerläit Tricolore dem Tabelleleader aus Niederkuer mat 3:5. Niederkuer war besser an huet en héigen Tempo gespillt. Tricolore huet awer gutt dogéintgehalen :

Equip Tricolore

 

 

24.10.2010 : Blamage fir Tricolore : 0:6 verléiert d'1.Equip doheem géint Mamer :

Equip Tricolore   News   Fotoen   Tabell

 

 

21.10.2010: De Frëndschaftsmätch vun der 2.Equip géint Itzeg hett missen ofgesot ginn, well bei Tricolore zevill Spiller sech ofgemellt hunn.

 

 

21.10.2010 : Ërem Louspech fir Tricolore. An der Coupe de Luxembourg muss Tricolore den 07.November bei Kayl/Téiteng aus der Éirepromotioun untrieden. Dofir krut Tricolore awer e Fräilouss an der Coupe FLF.

 

 

18.10.2010: De "Beyresche Weekend" schléisst d'1.Equip mat engem 2:2 of, dat no enger däitlecher Leeschtungssteigerung an der 2.Halschent :  Equip Tricolore   News   Fotoen

 

 

17.10.2010 : Grottekick zu Beyren. D'2.Equip gëwennt mat 4:3 géint Fluesweiler/Beyren, mee de Mätch an dat Rondërem war esou schlecht. Feelpess en Masse, krass individuell Feeler, Tempo fir bal anzeschlofen, Geripps an Schléig, dat op engem ganz schlechten Terrain. An der Endphase huet Tricolore de Mätch nach gedréit, dank eng kollektiver Verbesserung. Zum Schluss ass dunn de Paulo Mendes nach ëmgeméit ginn, a kuerz drop ass et bal eng Klepperei um Terrain ginn : Equip Tricolore

 

 

14.10.2010: D'1.Equip geet 0:5 zu Beetebuerg ënner. No engem gudden Ufank war de Schluss just nach en Horror Szenario. : Equip Tricolore   News   Fotoen

 

 

13.10.2010 : An engem enttäuschenden Mätch spillt d'2.Equip 3:3 géint Éilereng. Wéi sou oft war Tricolore vir, an huet dueno d'Spillen ërem quasi agestallt. Eréischt an der Schlussphase huet Tricolore ërem opgedréit, mee do war et ze spéit : Equip Tricolore

 

 

10.10.2010: D'1.Equip gëwennt an der Coupe de Lëtzebuerg mat 2:0 zu Këntzeg :

Equip Tricolore  News  Fotoen

 

 

08.10.2010 : De Joscelino Silva krut eng Strof vu 5 offiziell Mätcher vum Verbansgeriicht vun der FLF opgebrummt, dat no den Agressiounen nom Mätch Tricolore - Cebra. D'Sperr trëtt a Kraaft no Publikatioun am BIO. 

 

 

06.10.2010: De Lizenzefichier ass ugedate ginn. : Lizenzen Tricolore

 

 

04.10.2010 : Trotz gudder Chancen spillt Tricolore mat Cebra 0:0 gläich :

Equip Tricolore  News  Fotoen  Tabell 

 

 

02.10.2010: D'2.Equip gëwennt de Championnatsmätch géint Stroossen mat 5:3. De Mätch war ausgeglach, mee Tricolore war einfach méi realistesch. D'Goaler sinn op Tricolore Säit schéin erausgespillt ginn :

Equip Tricolore 

 

 

01.10.2010 : Mëttwoch de 06.Oktober spillt ërem d'U13 vu Lëtzebuerg géint USB Longwy U14 en Testmätch um Terrain zu Gaasperech. Ustouss ass um 19.00h.

 

 

26.09.2010: 3 nei Comiteesmemberen si co-optéiert ginn : de Fernand Federspiel, d'Florence Gillig an d'Sandra Thommes.  

 

 

26.09.2010 : D'1.Equip huet näischt ubrenne gelooss am Championnatsmätch géint Mënsbech :

Equip Tricolore   News   Fotoen   Tabell

 

 

26.09.2010: 1:1 geet den 2.Equip'smätch aus zwëschen Hueschtert an Tricolore. Den Mätch ass um syntheeteschen Terrain gespillt ginn, deen en neie Belag krut huet. Obwohl Hueschtert gréisstendeels déi dominant Equip war, gouf et Chancen op bäide Säiten. Den David Spinelli huet an der 55' e Penalty paréiert. An der 75' huet dunn de José Fortes mat engem schäine Schoss aus 20m den 1:0 besuergt, an Hueschtert huet an der Nospillzäit ausgeglach : Equip Tricolore

 

 

24.09.2010 : Zu Beetebuerg huet et zevill geblëtzt a gedonnert, Championnatsmätch Senior 1 : SC Bettembourg - Tricolore ass beim Stand vun 1:0 an der 41' Minutt ofgebrach ginn. 10' Minutten huet Tricolore geschlof, dueno ass Tricolore opgewescht an hat gutt Chancen fir auszegläichen. Kuerz virun der Paus huet den Arbiter de Mätch ofgebrach, an aus Sëcherheetsgrënn net méi ugepaff.

Et huet hefteg gereent, geblëtzt a gedonnert zu Beetebuerg :

Bettembourg - Tricolore 23.09.2010.JPG (72835 bytes) 

 

 

23.09.2010: Schwéier Géigner fir d'1. an 2.Equip an der Coupe. Am 3.Tour vun der Coupe de Lëtzebuerg muss d'1.Equip zu Këntzeg untrieden, woubäi Këntzeg och scho Géigner am Championnat ass. D'2.Equip muss derweil zu Beetebuerg an der Coupe Senior Reserves spillen, och hei spillt Tricolore schon géint Beetebuerg am Championnat. 

 

 

19.09.2010 : Verdéngt gëwennt d'1.Equip mat 2:1 géint Mertert/Wasserbillig : 

Equip Tricolore   News   Fotoen   Tabell

 

 

19.09.2010: D'2.Equip spillt och den 2.Championnatsmätch gläich, 3:3 no enger 3:0 Féierung. No der klorer Féierung huet Tricolore d'Spillen agestallt an ass dofir bestroft ginn. Eklatant Ofwierverhalen bei der Lokalequip. An der Schlussphase hate béid Equipen gutt Chancen fir nach weider Goaler ze schéissen :

Equip Tricolore

 

 

16.09.2010 : An der Coupe Senior 2 gëwennt Tricolore mat 6:5 géint den Avenir Beggen. 0:2 hannen, dunn 6:2 vir an um Schluss nach frou fir 6:5 gewonnen ze hunn : Equip Tricolore

 

 

16.09.2010: An engem Frëndschaftsmätch zu Ierchternach spillt d'1.Equip 3:3 gläich : Equip Tricolore

 

 

12.09.2010 : 2:2 spillt d'1.Equip bei der US Esch a krit esou denn 1.Punkt am Championnat :

Equip Tricolore  News  Fotoen  Tabell

 

 

12.09.2010: D'Cadets si chancelos bei der 2.Equip vum F91 Diddeleng : 0:14 Nidderlag.

 

 

11.09.2010 : D'2.Equip spillt géint Sandweiler 1:1 gläich am 1.Championnatsmätch. De ganze Mätch war Tricolore iwwerleeën, zumols an der 2.Halschent. Sandweiler war awer och op Konter hinn geféierlech. Nom 0:1 an der 29', huet de Jo Kieffer an der 84' Minutt den héischverdéngten Ausgläich geschoss. Eng gutt Leeschtung vun der 2.Equip : Equip Tricolore

 

 

06.09.2010: Och den 2.Championnatsmätch verléiert Tricolore verdéngt mat 2:3 géint Bieles : 

Equip Tricolore  News  Fotoen

 

 

03.09.2010 : No enger katastrophaler Leeschtung verléiert d'2.Equip an engem Frëndschaftsmätch 0:3 an der Millebaach : Equip Tricolore

 

 

29.08.2010: D'1.Equip verléiert den 1.Championnatsmätch zu Stroossen opgrond vun enger verpasster 1.Halschent verdéngt mat 1:3 : Equip Tricolore  News  Fotoen

 

 

27.08.2010 : Am 1.Tour vun der Coupe Senior Reserves spillt Tricolore doheem géint den Avenir Beggen. De Mätch ass fir Mëttwoch, den 15.September virgesinn.

 

 

27.08.2010: D'2.Equip gëwennt an engem Frëndschaftsmätch mat 3:1 zu Izeg

 

 

27.08.2010 : D'Cadets fenken en Dënschdeg, den 31.August um 18.15h mam Training un.

 

 

23.08.2010: Am leschte Virbereedungsmätch virum Championnat verléiert d'1.Equip géint eng staark Equip vu Weiler um Turnéier zu Weiler mat 0:2 : Equip Tricolore

 

 

22.08.2010 : D'1.Equip verléiert an engem Frëndschaftsmätch zu Colmarbierg mat 1:2. Obwohl spilleresch iwwerleeën, war vum 16m Raum oft Schluss : Equip Tricolore

 

 

17.08.2010 : Op der Coupe zu Weiler kann sech Tricolore nach just géint Märel duerchsetzen (3:2) a spillt domadder e Sonndeg an der Final um 18.00h. Tricolore war zwar kloer iwwerleeën an hat och kloer Goalchancen, mee Märel huet gutt matgehal, an huet onglécklech verluer : Equip Tricolore

 

 

16.08.2010 : A miserabelen Wiederkonditiounen (Reen) gëwennt Tricolore d'Coupe FC Tricolore virun Bieles a Steesel : Equip Tricolore  Fotoen

 

 

14.08.2010 : D'Broschür vun der Coupe FC Tricolore am August 2010 : Deckel Broschür  Inhalt Broschür

 

 

14.08.2010 : Den Copératifsturnéier um Terrain zu Gaasperech gëwennt d'Cargolux mat engem 2:0 an der Final géint FC Europa : Resultater

 

 

14.08.2010 : An engem Frëndschaftsmätch vun der 1.Equip klappt Béiwen Tricolore mat 1:0 . Fazit : Éischt Halschent ganz schwaach, zweet Halschent d'Chancen net genotzt. : Equip Tricolore

 

 

11.08.2010 : Tricolore gëwennt an engem Frëndschaftsmätch zu Berdorf mat 3:1 (2:1) géint Berdorf/Consdorf.: Equip Tricolore

De Mino Tria huet sech kuerz virun der Paus an engem Loftkampf d'Nues gebrach. Gudd Besserung op dësem Wee Mino.!

 

 

08.08.2010 : D'1.Equip gëwennt 6:1 (3:0) bei dem Racing (equipe mixte-2.Equip) : Equip Tricolore

 

 

05.08.2010 : An engem weidere Frëndschaftsmätch spillt d'1.Equip e Samsdeg, den 07.August bei dem Racing FCUL (Equipe Mixte) um Stade Camille Polfer (Aris). Ustouss ass um 18.30h.

 

 

03.08.2010 : Dënschdeg, den 10.August spillt d'1.Equip an engem Frëndschaftsmätch bei Berdorf/Consdorf, hieren aktuellen Dauerfrëndschaftsgéigner.

 

 

30.07.2010 : An der Coupe Dames spillt d'Entente Cebra/Tricolore an der 1.Ronn géint                                      E Wormer/Münsbach/Hostert. De Mätch ass op Samsdeg, den 11.September ugesat ginn.

 

 

25.07.2010 : D'1.Equip verléiert am 1.Frëndschaftsmätch fir déi nei Saison mat 3:5 zu Berbuerg : Equip 

 

 

25.07.2010 : D'Section de Marche vum FC Tricolore huet en neien Comité : Opstellung vum Comité

 

 

21.07.2010 : D'Cadets spillen an der Classe 5, Série 3 an der Saison 2010/2011 : Programm 

 

 

18.07.2010 : D'2.Equip fenkt am Championnat auswärts zu Sandweiler un, an d'Dammen spillen den éischte Mätch doheem géint de Champion Jonglënster :

Programm 2.Equip

Programm Dames

 

 

12.07.2010 : Den 1.Championnatsmätch vun der 1.Equip ass bei engem Opstiegskandidat, beim FC Una Stroossen  :  FLF Programm 1.Divisioun 2.Bezierk

 

 

12.07.2010 : WM um Knuedler Final Holland - España : Fotoen

 

 

11.07.2010 : WM um Knuedler Spill ëm 3-4 Plaz Uruguay - Deutschland : Fotoen

 

 

11.07.2010 : Tricolore gëwennt den Turnéier "D'Stëmm schweesst zesummen 2" zu Esch organiséiert vun der Stëmm vun der Strooss . An der Final bezwéng Tricolore d'Jeunesse Junioren mat 2:1 : Flyer

 

 

08.07.2010 : WM um Knuedler Semi-Final Deutschland-España : Fotoen

 

 

07.07.2010 : WM um Knuedler Semi-Final Uruguay - Holland : Fotoen

 

 

30.06.2010 : Déi 3.Gëwennernummeren vum "Balla Bal" vum 12.Juni : News

 

 

30.06.2010 : Komplett Lëscht vun den Transferts 1.Equip/2.Equip/Dames Tricolore Saison 2010/2011 : News

 

 

30.06.2010 : D'1.Equip spillt d'nächst Saison an der 1.Divisioun, 2.Bezierk. Folgend Equipen sinn do vertrueden : 1.Divisioun 2.Bezierk

 

 

28.06.2010 : Spiller in/out Tricolore Senior Saison 2010/2011 : News

 

 

28.06.2010 : D'Saison 2010/2011 huet Tricolore 5 Equipen ugemellt : Senior 1, Senior 2, Dames (Entente Tricolore-Cebra), Cadets a Vétérans.

 

 

13.06.2010 : D'Equip "No Name" gëwennt den Tournoi "Hëllef fir kriibskrank Kanner" An der Finalronn konnt sech d'Equipe "No Name" géint Intesa a géint Tricolore Veteranen duerchsetzen. Insgesammt hunn 17 Equipen deelgeholl. Merci fir d'Participatioun. Foto vun der Gëwennerequip :

  Tournoi Hellef Kriibskrank Kanner a Bal 12.06.2010  58.JPG (157423 bytes)

Fotoen vum Turnéier a vum Bal am Clubhouse

 

 

06.06.2010 : Den FC Europa huet den 05.06.2010 an 06.06.2010 en Turnéier fir Kanner ërem brillant organiséiert. Respekt : Fotoen vum 05.06.2010   Fotoen vum 06.06.2010

 

 

30.05.2010 : Ofschlossfeier um Terrain an am Clubhouse : Fotoen

 

 

30.05.2010 : Am leschte Championnatsmätch vun der Saison 2009/2010 spillt d'1.Equip 2:2 zu Beetebuerg a bleiwt esou an der 1.Divisioun :  Equip  News  Tabell  Fotoen 

 

 

29.05.2010 : Tricolore gëwennt den Härrenequipsturnéier zu Péiténg anlesseg hirem 100 Joer Anniversaire.

An der Vironn sinn et folgend Resultater ginn :

Tricolore - Déifferdeng 4:0

Tricolore - Lamadelaine 2:0

Tricolore - Péiteng 1:1

An der Final huet Tricolore sech géint Rodange mat 2:0 no Siewemeeterschéissen duerchgesaat nodeems et no regulärer Spillzäit 1:1 stoung.

 

 

20.05.2010 : D'1.Equip vun Tricolore gëwennt géint Éilereng mat 5:3 (2:0). No enger kontrolléierter 1.Halschent war et an den 2. 45 Minuten wéi am Wilden Westen. : Equip  News  Tabell  Fotoen 

 

 

19.05.2010 : De Michele Corallo huet sech beim 1.Equip'smätch bäi Fluessweiler/Beyren no engem Zusammeprall am Tricolore Strofraum méi uerg verletzt. Op dësem Wee eng gudd Besserung Michele. 

 

 

17.05.2010 : Kampf und Krampf zu Beyren. D'1.Equip spillt 1:1. : Equip  News  Tabell  Fotoen

 

 

16.05.2010 : An de Samsdegmätcher verléiren d'Dammen zu 10 mat 1:4 géint eng staark Equip vu Colmarbierg an d'Scolairen verléiren mat 2:6 géint den RM Hamm Benfica II (de Mätch huet missen 10 Minuten no der Paus ofgebrach ginn, well Tricolore no enger Verletzung vun engem Spiller just nach zu 6 war)

 

 

 

12.05.2010 : Duerch e 4:0 zu Kielen steigt d'2.Equip als Champion aus der 3.Classe an déi 2.Classe op. 

Kielen war an den éischten +- 15' besser, an de Steve Wolff am Tricolore Goal huet missen 3 Paraden maachen. An der 21' ass den Orlando Da Rocha geluescht ginn, an de Penalty huet de Jo Kieffer eragesaat. Dueno hat den Orlando Da Rocha eng gutt Chance, mee de Kielener Goalie huet de Ball ofgewiert.

An der 41', huet sech den André Soares op lénks duerchgetankt, de Ball ass beim Adel Sinanovic geland, dee secher eragesat huet. 2 weider Goaler vum André Soares hunn d'Entscheedung bruecht. Kielen huet einfach seng Chancen net genotzt oder ass um Steve Wolff henkebliwwen.

De Mätch ass ënner superschwieregen Konditiounen gespillt ginn : Land unter, onheemlech vill Reen a Wand. 

Equip

Kehlen 2 - Tricolore 2  0-4 11.05.2010 01.JPG (429267 bytes)Kehlen 2 - Tricolore 2  0-4 11.05.2010 02.JPG (724016 bytes)Kehlen 2 - Tricolore 2  0-4 11.05.2010 03.JPG (633526 bytes)Kehlen 2 - Tricolore 2  0-4 11.05.2010 04.JPG (507938 bytes)

 

 

10.05.2010 : Den FC Tricolore gratuléiert dem FC Spuerkeess zur Meeschterschaft am Copératifschampionnat : 

Spuerkeess 08.05.2010 03.JPG (655329 bytes) Spuerkeess 08.05.2010 05.JPG (843257 bytes)

 

 

10.05.2010 : An engem durschnëttleche Mätch setzt sech Tricolore géint Suessem duerch :

Equip  News Tabell  Fotoen

 

 

07.05.2010 : Bei der 2.Equip an der 3.Classe, Série 3 kënnt e um leschte Spilldag en Dënschdeg, den 11.Mee zum absolute Showdown.

 

An all deene 6 Partien geet et nach ëm eppes, souwuel ëm den Opstieg wéi ëm den Ofstieg.

 

Hei déi eenzel Partien :

Belvaux - Schifflange (fir Bieles geet et ëm den Opstieg a fir Schëffléng ëm den Ofstieg)

E Kehlen/Koerich - Tricolore (fir Tricolore geet et ëm den Opstieg)

US Esch - Rodange (fir Rodange geet et ëm den Ofstieg)

Sanem - Pétange (fir Suessem geet et ëm den Ofstieg a Péiteng steigt op wann nach 2 vun deenen 3 éischten Equipe verléiren)

Strassen - AS Luxembourg-Porto (fir Stroossen geet et ëm den Opstieg)

 

Spannung pur also, an op allen Terrainen wärt esou entweder gefeiert ginn oder Frust ugesot sinn. 

 

Tabell virum leschte Spilldag : Tabell

 

 

03.05.2010 : Beim Tabelleleader zu Mondorf verléiert d'1.Equip no enger gudder 1.Halschent nach 2:5 :

Equip  News  Tabell  Fotoen

 

 

01.05.2010 : D'2.Equip spillt am Spëtzemätch 2:2 géint Stroossen gläich. Gerecht Gläichspill obwohl Tricolore an der Schlussphase mega Drock gemaach huet, awer gutt Chancen net verwert huet. Dommader kënnt et (wa Bieles wënnt) um leschte Spilldag zum "Herzschlagfinale", da wären 3 Equipen mat 34 Punkten punktegläich. Spannung pur. Opstellung géint Stroossen : Equip

 

 

26.04.2010 : D'Senior 1 verléiert onglécklech mat 0:1 géint Rodange : Equip  News  Tabell  Fotoen

 

 

25.04.2010 : D'Dammen gewannen verdéngt mat 4:1 géint Uewerkuer an d'Scolaires spillen no engem 1:3 Pauseréckstand nach 4:4 gläich géint Diddeléng II

 

 

25.04.2010 : An engem entscheedene Mätch ëm den Opstieg verléiert d'2.Equip mat 2:3 zu Bieles. Zumols an der éischter Halschent eng schwaach Virstellung, an der 2.Halschent sinn d'Chancen net genotzt ginn. : Equip 

 

 

18.04.2010 : D'1.Equip setzt sech mat 3:0 zu Këntzeg duerch : Equip  News  Tabell  Fotoen 

 

 

17.04.2010 : Tricolore 2 iwwerrennt d'US Esch no enger roueger Hallefstonn mat 9:0 : Equip  Fotoen

 

 

11.04.2010 : Keng Goaler am 1.Equip'smätch zwëschen Tricolore a Stroossen :  Equip  News  Tabell  Fotoen

 

 

11.04.2010 : D'2.Equip gëwennt verdéngt mat 1:0 zu Suessem. De goldene Goal huet de Max Mosson geschoss : Equip.

D'Dammen gewannen zu 10 no Ufanksschwieregkeeten mat 4:0 géint Dikkrech, an d'Scolairen verléiren mat 2:6 bei der 2.Scolairesequip vum RM Hamm Benfica.

 

 

07.04.2010 : No verschidden Problemer a Mangel un Interessen vun Spiller/Trainer/Elteren/Hëllefen muss d'Poussinsequip ofgemellt ginn. 

 

 

07.04.2010 : 9 Goaler am Frëndschaftsmätch vun der 2.Equip géint Bastenduerf : Equip

 

 

04.04.2010 : D'1.Equip schéisst an der leschter Sekonn den 3:3 am Championnatsmätch géint Mertert/Wasserbëlleg :  Equip   News   Tabell   Fotoen

 

 

28.03.2010 : No enger staarker Leeschtung kasséiert Tricolore den 1:1 zu Sandweiler an der Nospillzäit :

Equip   News   Tabell   Fotoen

 

 

27.03.2010 : De Scolaires Mätch zwëschen Tricolore an der Entente Itzeg/Weiler ass ofgesot, et ass zevill Waasser um Terrain.

 

 

24.03.2010 : Christian Schneider ass neie Comitésmember :

Christian Schneider Mars 2010.jpg (20504 bytes)

 

 

24.03.2010 : René Morth net méi Poussinstrainer

 

 

23.03.2010 : Frëndschaftsmätch Senior 1 : Merl - Tricolore 4:4 (1:1), no enger 4:1 Féierung huet Tricolore nach an Zäit vu 7 Minutten 80'-87' 3 Goaler kasséiert.

 

 

23.03.2010 : D'Vétéranen gewannen mat 5:4 zu Kärjéng.  No enger 5:1 Pauseféierung ass et nach eng Kéier eng ginn, well Kärjeng mega Drock gemaach huet an Tricolore zu 10 hett missen de Mätch fäerdeg spillen (Mauro verletzt).

 

 

21.03.2010 : Eng schwaach Leeschtung vun der 1.Equip am Mätch géint Bartréng : Equip  News  Tabell  Fotoen

 

 

21.03.2010 : D'Dammen verléieren mat 2:5 géint den Tabelleleader Ell/Béiwen. 1 Rout Kaart an 2 Spillerinnen vun Tricolore déi hette missen an d'Klinik gefouert ginn.

D'Scolaires setzen sech mat 3:2 um alen Alliance Terrain géint Diddéleng III duerch 

 

 

21.03.2010 : D'2.Equip gëwennt duerch eng konzentréiert Leeschtung mat 3:0 géint Rodange

 

 

17.03.2010 : An der Coupe de Lëtzebuerg verléiert Tricolore mat 0:7 géint Nidderkuer. Tricolore vill ze sorglos hannen an huet Nidderkuer d'Goaler deelweis selwer servéiert. Nidderkuer natiirlech mat engem méi héige Rythmus, d'Lokalequip hat awer och Chancen, huet se awer net verwert. De Score vu 0:7 ass vill ze brutal.

Equip   Artikel am Quotidien   Artikel am Tageblatt   Fotoen

 

Tricolore - Niederkorn 0-7 17.03.2010 03.jpg (58928 bytes) Tricolore Ofwier hat e schwéire Stand

 

 

15.03.2010 : D'1.Equip verléiert am Championnat doheem géint Cebra mat 2:3. Keng schlecht Virstellung, mee vir sinn d'Chancen net genotzt ginn :  Equip  Tabell  Fotoen

 

 

07.03.2010 : Bei äisegen Temperaturen gëwennt Tricolore zu Mënsbech :  Equip  News  Tabell  Fotoen

 

 

07.03.2010 : Géint d'ASL-Porto spillt d'2.Equip 4:4 gläich. Dramatësch Schlussphase. Tricolore huet de Mätch zwar dominéiert, mee ASL-Porto war och geféierlech. Motto vum Mätch : Vorne hui, hinten pfui : Equip

 

 

03.03.2010 : D'Scolaires spillen an dem 2.Tour an der Classe 5, Série 5 : Programm

 

 

03.03.2010 : D'2.Equip kann sech knapp mat 4:3 zu Izeg an engem Frëndschaftsmätch behaapten : Equip

 

 

28.02.2010 : All Mätcher sinn ofgesot ginn wéinst engem mega Stuerm. Tricolore - Progrès an der Coupe muss also op en aneren Datum geluescht ginn.

 

 

27.02.2010 : De Scolairesmätch zwëschen Tricolore an Hesper II ass ofgesot ginn. Den Terrain ass a kengem gudden Zoustand.   

 

 

23.02.2010 : Opgrond vun enger däitlecher Leeschtungssteigerung an der 2.Halschent huet sech Tricolore am Frëndschaftsmätch géint de Red Star mat 4:1 (1:1) duerchgesat :  Equip

 

 

21.02.2010 : De Championnatsmätch zwëschen Tricolore a Mertert/Waaserbëlleg ass kurzfristeg dem Schnéi zum Opfer gefall. 

 

 

17.02.2010 : De Frëndschaftsmätch vun der 1.Equip de 16.02 géint Märel het missen ofgesot ginn, well den Terrain onbespillbar war. 

 

 

13.02.2010 : Den 1.Frëndschaftsmätch vun 2010 vun der 1.Equip zwëschen Berdorf/Consdorf an Tricolore ass 1:1 ausgaang : Goal duerch den Neizugang Edi Bardhi per Penalty :  Equip

 

 

31.01.2010 : D'Frëndschaftsmätcher vun der 1.Equip en Dënschdeg zu Jonglënster (26.01) an haut zu Ierchternach (31.01) sinn ofgesot ginn, wéinst Frascht a Schnéi.

 

 

23.01.2010 : D'Generalversammlung vum FC Tricolore ass onspektakulär verlaf. No dem Motto : Business as usual.

 

 

18.01.2010 : D'1.Equip get bei dem Hallenturnéier zu Bieles déi 6. (2.Januar) an zu Consdorf déi 4. (17.Januar).

 

 

14.12.2009 : Tricolore empfängt an der 5.Ronn vun der Coupe de Luxembourg den FC Progrès Nidderkuer :

Paarungen vun der 5.Ronn vum 28.02.2010

 

 

Tricolore - Aischdall 11-10 n.pen. Coupe de Luxembourg 03.12.2009 13.jpg (49117 bytes)

04.12.2009 : An der Coupe de Luxembourg gëwennt Tricolore mat 11:10 n.pen. géint Äischdall a steet an der 5.Ronn : Equip  News  Fotoen  Artikel am Quotidien

 

 

29.11.2009 : Leeschtungsgerechten Remis am Championnatsmätch vun der 1.Equip zwëschen Éilereng an Tricolore : Equip  News  Fotoen

 

 

28.11.2009 : Mätch vun de Scolaires géint Hesper ass ofgesot. Den Terrain steet ënner Waasser.

 

 

28.11.2009 : D'2.Equip gëwennt 5:2 géint Péiteng. Péiteng war just zu 9, huet awer aufopferungsvoll gekämpft. Tricolore hat Problemer, huet zum Schluss awer nach eng Kéier opgedréit. : Equip

 

 

22.11.2009 : D'1.Equip ënnerläit Fluessweiler/Beyren mat 1:2 an engem ausgeglachene Mätch : 

                       Equip   News   Fotoen

 

 

22.11.2009 : D'Damen gewannen géint Rodange mat 4:1, an d'Scolaires verléiren beim Racing mat 0:5. 

 

 

19.11.2009 : An der nächster Ronn vun der Coupe de Lëtzebuerg empfängt Tricolore d'Equip vun der Alliance Äischdall aus der 1.Divisioun 1.Bezierk

 

 

15.11.2009 : An engem ganz schwaache Mätch ass et eng Nullnummer ginn beim 1.Equip'smätch zwëschen Suessem an Tricolore : Equip  News  Fotoen

 

 

15.11.2009 : D'2.Equip gëwennt 4:2 zu Stroossen a behellt domadder d'Tabelleféierung : Equip

 

 

08.11.2009 : 0:0 beim Championnatsmätch vun der 1.Equip géint Mondorf : Equip  News  Fotoen

 

 

08.11.2009 : Round-up vun de Mätcher e Freideg an e Samsdeg :

D'2.Equip gëwennt kloer mat 6:2 géint Bieles an iwwerhëllt d'Tabellespëtz : Equip

D'Dammen gewannen 7:1 mat 10 Meedercher beim Tabelleleschten Diekirch

De Mätch vun de Scolaires ass ofgesot ginn, well den Terrain schlecht war

 

 

04.11.2009 : An der Coupe Seniors Reserves geet d'2.Equip mat 1:6 zu Wäiswampech géint FF Norden ënner : Equip

 

 

31.10.2009 : An der Coupe de Luxembourg gëwennt Tricolore mat 5:4 am Elefmeeterschéissen géint Fluessweiler/Beyren : Equip  News  Fotoen

 

 

25.10.2009 : D'1.Equip setzt sech 3:1 zu Rodange duerch : Equip  News  Fotoen

 

 

25.10.2009 : An de Samsdegmätcher heescht et Tricolore +4 : 

D'2.Equip ka sech kloer mat 4:0 bei der US Esch behaapten : Equip

D'Dammen gewannen dank eng staarker 2.Halschent géint Rousport mat 6:2

D'Scolaires setzen sech mat 7:3 beim Cebra duerch, déi mat puer Meedercher gespillt hunn

 

 

18.10.2009 : Verdéngt gëwennt d'1.Equip am Championnatsmätch géint Këntzeg : Equip  News  Fotoen

 

 

17.10.2009 : D'2.Equip verléiert doheem mat 4:5 géint Suessem.  Riese Goalchancen op béide Säiten, Tricolore hett kënnen iwwer 10 Goaler schéissen, Spiller oft alleng virum Suessemer Keeper. Fazit : Vir d'Goaler net eragemaach an d'Defensivverhalen grotteschlecht : Equip

 

 

11.10.2009 : D'1.Equip verléiert 2:1 zu Stroossen : Equip  News  Fotoen

 

 

05.10.2009 : Round-up vun den Equipen vum Weekend : 

1. Equip gett gnadelos betroft vu Sandweiler : Equip  News  Fotoen

2. Equip gëwennt héischtverdéngt mat 4:2 géint Schëfflèng : Equip

Dames ginn 0:7 géint Kanech ënner, Meedchen vu Kanech schéisst 6 Goaler an 2 Meedercher vun Tricolore

mussen mat der Ambulanz oftransportéiert ginn, well si deelweis bewosstlooss waren

Scolaires setzen sech mat 4:2 géint Lëntgen duerch 

 

 

27.09.2009 : Duerch 2 spéit Goaler gëwennt Tricolore zu Bartréng : Equip  News  Fotoen

 

 

27.09.2009 : An de Samsdegmätcher gëwennt d'2.Equip verdéngt mat 3:2 bei ASL-Porto : Equip , d'Damen klappen Housen mat 5:1, an d'Scolaires verléiren mat 10 Mann 1:9 zu Izeg.

 

 

23.09.2009 : D'2.Equip spillt 1:1 zu Péiteng a verschéisst an der leschter Minutt e Penalty : Equip  

 

 

20.09.2009 : Och zu Zéisseng geet Tricolore 1.Equip eidel aus. : Equip News Fotoen

 

 

17.09.2009 : An der Coupe Senior Reserves gëwennt Tricolore mat 4:2 zu Berbuerg. Vill Leerlauf, zumols an der éischter Halschent, no engem 1:0 Réckstand paréiert de Nelson Da Silva nach e Penalty. An der 2.Halschent ass Tricolore du besser an d'Spill komm an huet de Mätch gedréit. Obwohl keng gutt Leeschtung, huet Tricolore verdéngt gewonn. : Equip  

 

 

14.09.2009 : No enger schwaacher Virstellung kasséiert d'1.Equip eng 1:4 Nidderlag géint Mënsbech : 

Equip  News  Fotoen

 

 

12.09.2009 : D'2.Equip setzt sech am 1.Championnatsmätch mat 4:2 géint Kielen duerch. Mätch mat ville Goalchancen op bäide Säiten, Tricolore hat awer nach méi Goalchancen an hett scho missen zur Paus kloer virleien. Gutt Kombinatiounen offensiv, awer och schlecht Passen defensiv. : Equip  

 

 

07.09.2009 : Zu Waasserbëlleg kasséiert d'1.Equip eng 2:4 Nidderlag. No guddem Ufank, hat Tricolore dueno Problemer mam Rythmus.  Equip News Fotoen

 

 

30.08.2009 : 2:2 zwëschen Tricolore a Beetebuerg am 1.Championnatsmätch 2009/2010 vun der 1.Equip : Equip  News  Fotoen 

 

 

23.08.2009 : Um Turnéier zu Bieles setzt sech d'1.Equip mat 8:7 no Penalty (3:3, 1:2) géint Schuller duerch fir 3-4 Plaz. Virum Championnat war dat einfach schwaach, hannen wi fir :  Equip

 

 

22.08.2009 : Um Turnéier zu Bieles verléiert d'1.Equip 0:1 géint d'Lokalequip.  Tricolore huet kloer Goalchancen net genotzt a krut nach 2 Spiller vum Terrain gesat, 1 duerch Maulen an den 2. duerch Foulspill. D'Spill war insgesammt roueg erofgaang, leider huet den Arbitter dat net esou gesinn. : Equip 

 

 

20.08.2009 : An engem Frëndschaftsmätch verléiert d'1.Equip 1:5 zu Schieren. Schwaach Leeschtung. : Equip

 

 

17.08.2009 : An der Final vun der Coupe FC Tricolore gewënnt Yellow Boys Weiler géint Tricolore mat 4:2 (2:1). Verdéngten Erfollëg fir Weiler. : Equip FC Tricolore  Fotoen vum Finaldag  

Am Spill ëm 3-4 Plaz gewënnt Blo-Wäiss Itzeg géint Red Star Merl mat 4:2 (2:0) : Fotoen vum Finaldag

 

 

15.08.2009 : FC Hygiena gewënnt de Copératifsturnéier anlesseg den 90 Joer Aktivitéiten vum FC Tricolore : 

Spillplang  Fotoen

 

 

13.08.2009 : Anlässeg den 90 Joer Feier Aktivitéiten vum FC Tricolore gewënnt am Galamätch Etzella 4:1 (0:1) géint Käerjéng. Etzella huet misse an enger Tricolore Uniform spillen, well hier Uniform déi gläich Faarwen hat wéi Käerjéng. Schéin dass den FC Tricolore och mol eng Kéier erëm géint en Nationaldivisiounsveräin gewonnen huet J Fotoen 

 

 

12.08.2009 : 3:2 kann sech d'1.Equip géint Märel duerchsetzen op der Coupe FC Tricolore am Ramen vum 90 Joer Anniversaire. Knapp gewonn awer verdéngt. Awer deelweis ze ëmstendlech gespillt. : Equip Fotoen

 

 

10.08.2009 : Tricolore Broschür vun der Coupe FC Tricolore : 
Tricolore Broschur August 2009 01.jpg (80940 bytes)

 

 

09.08.2009 : D'1.Equip gewënnt 2:1 zu Téiteng géint Kayl/Tétange. Eng gutt Virstellung, kämpferësch, leeferësch a spillerësch. : Equip

 

 

09.08.2009 :  : D'2.Equip gëtt beim Turnéier zu Izeg déi 2. Géint Märel gëtt et een 5:1 a géint Uespelt een 0:2. D'Mätcher waren 1 X 45 Minutten.  

Hei déi genau Resultater :

Itzig - Aspelt 1:3

Tricolore - Merl 5:1 : Equip

Itzig - Merl 3:0 (Spill ëm 3-4 Plaz)

Tricolore - Aspelt 0:2 (Spill ëm 1-2 Plaz) : Equip

 

 

08.08.2009 : D'1.Equip verléiert an engem Frëndschaftsmätch zu Berdorf 1:2 géint Berdorf/Consdorf. Trotz Iwerleeënheet huet Tricolore et vermësst Goaler ze schéissen : Equip

 

 

07.08.2009 :  : Et ass eng nei Rubrik op der Homepage bäikomm : Lizensen

 

 

26.07.2009 : Tricolore gët 3. op dem Summercup zu Jonglënster duerch en 5:4 géint Biwer. Doduerch sinn an den 2.Mätcher (géint Biissen a Biwer) 15 Goaler gefall. Tricolore huet also zum Entertainment bäigedroen : Equip

 

 

24.07.2009 : Op der Coupe zu Jonglënster (Summercup) verléiert d'1.Equip 2:4 géint Biissen. Vill Goalchanchen op béide Säiten, Biissen huet se besser genotzt : Equip

 

 

20.07.2009 : Den Trainingsoptakt vun de Junioren ass Méindeg, den 10.August : Programm

 

 

18.07.2009 : D'2.Equip spillt an der 1.Ronn vun der Coupe Senior Réserves zu Berbuerg. Et géif et bal mengen dass Tricolore en Abonnement huet fir zu Berbuerg ze spillen.

 

 

16.07.2009 :  Championnatsprogrammer vun de Junioren a Scolaires Saison 2009/2010 1.Tour :

Programm Juniors   Programm Scolaires

 

 

11.07.2009 : Divisiounsobdeelungen an de Jugendkategorien Saison 2009/2010 : Opdeelung

 

 

11.07.2009 :  Championnatsprogramm vun der 2.Equip Saison 2009/2010 Classe 3, Série 3 : Programm

 

 

08.07.2009 : Championnatsprogramm vun der 1.Equip Saison 2009/2010, 1.Divisioun 2.Bezierk : Programm

 

 

27.06.2009 :  De Programm vun der 1.Equip Saison 2009/2010 Mount Juli an August : Programm

 

 

24.06.2009 : D'Transferts fir d'Saison 2009/2010 : Transferts

 

 

18.06.2009 :  D'1.Equip spillt an der Saison 2009/2010 mat folgenden Equipen : 1.Divisioun Série 2

 

 

02.06.2009 : 90 Joer FC Tricolore : Fotoen vum 29.05.2009 Fotoen vum 30.05.2009 Fotoen vum  31.05.2009

 

 

01.06.2009 :  90 Joer FC Tricolore Festivitéiten am Mee : Programm mat Resultater

 

 

25.05.2009 :  Grillfeier um Terrain nom leschte Championnatsmätch vun der 1.Equip : Fotoen

 

 

25.05.2009 :  Mat enger Energieleeschtung géint Suessem an dank der Hëllef vu Weiler steigt Tricolore an d'1.Divisioun op : Equip News Tabell Fotoen  

 

 

23.05.2009 :  D'Scolaires an d'Junioren kruten hieren Jogging anlässeg 90 Joer FC Tricolore am Clubhouse iwerreescht  : Photos

 

 

22.05.2009 :  Den André Soares get neien Juniorstrainer. Hien iwerhëllt d'Equip elo schon fir d'Junioren fir de Mätch den 30.05. géint RM Hamm Benfica ze preeparéiren. 

 

 

22.05.2009 :  Programm vun de 90 Joer Festivitéiten vum FC Tricolore am Mee : Programm 

 

 

17.05.2009 : An engem entscheedene Mätch fir den Opstieg enerläit Tricolore onglécklech an ongerecht mat 1:2 zu Këntzeg : Equip News Tabell Fotoen  

 

 

11.05.2009 : An engem Gedoldspill klappt Tricolore Izeg mat 1:0 : Equip News Tabell Fotoen 

Tricolore - Itzig 1-0 10.05.2009 25.jpg (63981 bytes) De Mike Ribeiro huet de goldene Goal geschoss

 

 

03.05.2009 : Zu Schëffléng verléiert d'1.Equip mat 4:3 : Equip News Tabell Fotoen  

 

 

26.04.2009 : Zu Jonglënster gewënnt d'1.Equip verdéngt mat 4:0 : Equip News Tabell Fotoen  

 

 

23.04.2009 : Bei der 1.Equip gewënnt Tricolore am Lokalderby knapp mat 3:2 géint de Red Star 

Equip News Tabell Fotoen  

 

 

20.04.2009 : D'1.Equip gewënnt verdéngt mat 4:1 géint Bieles : Equip News Fotoen Tabell

Tricolore - Belvaux 4-1 19.04.2009 07.jpg (76852 bytes)Den Orlando da Rocha huet per Dréischoss den 1:0 geschoss

 

 

19.04.2009 : D'Junioren verléiren 2:3 (1:0) géint Dikrech, nodeems se 2 Goaler an de leschten 2 Minutte kasséiert hunn. D'Scolaires si chancelos zu Mondorf a verléiren 1:12, zumindest schéissen se den 1.Goal.

 

 

18.04.2009 : D'2.Equip gewënnt 3:2 géint d'Jeunesse : Equip  

Géint eng technësch staark a séier Jeunesse, huet Tricolore taktësch a kämpferësch gutt dogéint gehal, an huet géint déi spillbëstemmend Jeunesse Equip kaum Goalchancen zougelooss.

 

 

12.04.2009 : 1:1 Gläichspill fir d'1.Equip zu Weiler : Equip News Fotoen Tabell

 

 

06.04.2009 : D'1.Equip krit de vollen Asaatz zu Zéisseng beim AS Lëtzebuerg-Porto : Equip News Fotoen Den entscheedene Goal huet de Pietro Lombardini an der 23' geschoss.

 

 

05.04.2009 : Keng Punkten a Goaler an de Championnatsmätcher vun e Samsdeg, Dames 0:3, Juniors 0:1, Scolaires 0:8

 

 

31.03.2009 : D'2.Equip setzt sech 2:0 zu Rodange duerch : Equip

 

 

30.03.2009 : 2:1 setzt sech d'1.Equip géint Schuller duerch : Equip News Fotoen

Tricolore - Schouweiler 2-1 29.03.2009 15.jpg (88475 bytes)Den Tun Curioso huet per Fräistouss de wichtegen 1:0 geschoss

 

 

28.03.2009 : D'Junioren feieren hiren 2.Sieg am Championnat : Tabell

 

 

25.03.2009 : Keng Goaler zu Réimech am Championnatsmätch vun der 1.Equip : Equip News

Béid Equipen si voll dowider gaang, d'Ofwierreihen hunn sech net iwwerwanne gelooss

 

 

 

21.03.2009 : D'2.Equip gëwennt géint Schuller mat 3:1 (2:0) : Equip

Insgesammt verdéngt, Tricolore hat just no der Paus eng Schwächeperiode

 

 

18.03.2009 : Frëndschaftsmätch Senior 1  : Sandweiler - Tricolore 4:4 (3:1)                                             

Den Adel Sinanovic schéisst 3 Goaler : Equip

 

15.03.2009 : Championnatsmätch Juniors  : Tricolore - Rosport 0:8

An der 2.Halschent ass Tricolore agaangen, dobäi krut d'Lokalequip och nach e Spiller vum Terrain gesat

 

 

15.03.2009 : Frëndschaftsmätch Senior 1  : Bourscheid - Tricolore 3:3 (0:2) : Equip

 

14.03.2009 : Championnatsmätch Senior 2  : Strassen - Tricolore 4:0 (1:0), Stroossen kloer besser : Equip

 

08.03.2009 :  : Jake Fraser neie Comitésmember : Contact

 

08.03.2009 :  : Nullnummer am Championnatsmätch vun der 1.Equip géint Berbuerg

News Equip Tabell Fotoen

 

01.03.2009 : Tricolore setzt sech 4:0 zu Remerschen duerch : News Equip Tabell Fotoen
Tricolore konnt 4 mol zu Remerschen jubeln


28.02.2009 : An der Coupe du Prince verléiert Tricolore géint Sandweiler mat 1:3

22.02.2009 : Tricolore gëwennt géint den Tabelleleader aus Këntzeg : News Equip Tabell Fotoen   
Den Joscelino Silva trefft per Kapp um 2.Poto  


Bericht Generalversammlung vum 30.01.2009 : News  
30.01.2009 :Genarelversammlung am Clubhouse ass roueg erofgaang.   
30.01.2009 : Tricolore mëscht eng Spend un d'Associatioun ELA Luxembourg  

 

 

 

20.01.2009 : Beim Indoorsturnéier zu Consdorf get Tricolore déi 2. hanner Gréivemaacher.

Resultater : Tricolore - Berbourg 2:0, Tricolore - Consdorf 2:2, Tricolore - Grevenmacher 2:2

 

Beim Indoorsturnéier zu Consdorf huet Tricolore sech fir d'Finalronn qualifizéiert.

No 3 gewonnenen Mätcher géint Rosport, Berbourg a Medernach. D'Finalronn get e

Sonndeg den 18.01.2009 ausgedroen.

 

 12.01.2009 :

Senior 1 get 2. beim Indoorturnéier zu Weiler, an der Finale huet Tricolore 2:5 géint Hueschtert verluer

Resultater : Tricolore - Soetrich 7:0
                  Tricolore - Steinsel 3:1
                  Tricolore - Aspelt 1:1
Final :         Tricolore - Hostert 2:5

------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------

 
 

Am Kader vum 90 Joer Anniversaire vum FC Tricolore Gasperich 2009, get d'portugiesesch Equip Associação Naval 1º de Maio agelueden. D'Festivitéiten

sinn 3 Deeg, vum Freideg 29.05.2009 - Sonndeg 31.05.2009 geplangt. (Peengschtpeeriod). 

 

D'portugiesesch Futtballsequip vu Naval ass 1893 gegrënnt ginn.

------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------

14.12.2008 : Beim Juniorsmätch zwëschen Tricolore a Mensdorf (Resultat 2:2), ass et nom Mätch bal zu Kleppereie komm, déi vum FC Tricolore 

                       ugezettelt gi sinn, Polis het misse geruff ginn.
08.12.2008 : Zu Izeg stierwt Tricolore an der Iwwerhieflechkeet : News Equip Tabell Fotoen
29.11.2008 : Zu Schuller kritt d'2.Equip ee Punkt : News Equip
22.11.2008 : D'2.Equip huet e Laf, och den Talleleader Mamer ass geklappt ginn : News Equip
16.11.2008 : 2:2 am Championnatsmätch vun der 1.Equip géint Schëffléng : News Equip Tabell Fotoen
15.11.2008 : Weider 3 Punkten fir d'2.Equip géint Schëffleng : Equip
10.11.2008 : Ongléklech Nidderlag vun der 1.Equip géint Jonglënster : News Equip Tabell Fotoen 
07.11.2008 : Zu Izeg hëllt d'2.Equip 3 Punkte mat : Equip
02.11.2008 : An der Coupe verléiert d'2.Equip zu Stengefort mat 1:4 : Equip
29.10.2008 : 1:0 ge¨wennt d'2.Equip géint d'AS Luxembourg-Porto duerch e Goal vum Alex Ferreira 5' viru Schluss : Equip
26.10.2008: Am Stater Derby setzt sech Tricolore 4:0 zu Märel duerch : News Equip Tabell Fotoen
24.10.2008 : An engem Frëndschaftsmätch trennen sech Märtzeg an Tricolore 2:2 : Equip
23.10.2008 : De John Sowa huet als Arbiter den 02.10.2008 opgehal. Den FC Tricolore wënscht dem John vill Gléck fir d'Zukunft.
20.10.2008 : Leeschtungsgerechten 1:1 zwëschen Tricolore a Weiler : News Equip Tabell Fotoen
13.10.2008 : An der Schlussphase huet d'1.Equip de Mätch zu Bieles gedréit : News Equip Tabell Fotoen
06.10.2008 : Tricolore kann den Ofwärtstrend stoppen : 2:1 géint AS Lëtzebuerg-Porto  News Equip Tabell Fotoen
29.09.2008 : An der Coupe de Luxembourg verléiert Tricolore zu Käerch : News Equip Fotoen
22.09.2008 : An engem schwaache Mätch verléiert Tricolore zu Schuller mat 1:2 : News Equip Fotoen
20.09.2008 : D'2.Equip verléiert zu Kielen mat 3:6 : News Equip
18.09.2008 : D'1.Equip spillt mat 10 géint 11 2:3 géint Réimech, den David Spinelli säit 318' ërem bezwonngen : News
17.09.2008 : An der Coupe setzt sech d´2.Equip 2:1 géint Lasauvage duerch : Equip
15.09.2008 : D´Minimesequip ass ofgemellt ginn, well net genug Leit fonnt gi sinn fir matzehëllefen. 
15.09.2008 : D´1.Equip Maxi-Minimalisten weider on Tour : 1:0 Erfolleg zu Berbuerg : News Equip Fotoen
09.09.2008 : An engem Frëndschaftsmätch gëwennt d´2.Equip 4:1 zu Menster : Equip
08.09.2008 : Och am 3.Mätch bleiwt d´Null hanne stoen, d´1.Equip gëwennt 2:0 géint Remerschen : News Equip Tabell Fotoen
03.09.2008 : ërem wënnt d´1.Equip 1:0, dës Kéier an der Coupe de Luxembourg zu Feelen : Equip
31.08.2008 : Zu Suessem setzt sech Tricolore verdéngt mat 1:0 duerch : News Equip Fotoen
31.08.2008 : 1:3 verléiert d´2.Equip an engem Frëndschaftsmätch doheem géint Lëntgen : Equip
28.08.2008 : Am 1.Mätch vum neien Trainer Patrick Goergen kann sech Tricolore zu Berbuerg mat 3:1 behaapten : Equip 
24.08.2008 : Zu Weiler huet Tricolore sech am 11mSchéissen géint Izeg behaapt : Equip 
21.08.2008 : Géint Beetebuerg huet Tricolore gutt matgehal, knapp verluer : Equip 
20.08.2008 : Indiskutabel Virstellung vun der 1.Equip am Frëndschaftsmätch zu Iechternach : Equip
18.08.2008 : D´Coupe FC Tricolore gëwennt d´Lokalequip : Equip Fotoen
12.08.2008 : Coupe FC Tricolore 17.08.2008 : Broschür
10.08.2008 : Duerch en 0:3 géint Sandweiler zu Izeg setzt Tricolore seng Bilanz an de Coupe fort : 2:1, 0:3, 2:1, 0:3 : Opstellung 
07.08.2008 : Tricolore kann sech knapp op der Coupe zu Izeg géint d'Lokalequip duerchsetzen : Opstellung
04.08.2008 : An der Final zu Märel enerläit Tricolore däitlech géint den Äischdall : Opstellung
30.07.2008 : Den 1.Mätch gëwennt d'1.Equip mat 2:1 zu Märel : Opstellung
30.07.2008 : Den FC Tricolore sicht en Scolairestrainer : News
25.07.2008 : D'2.Equip fenkt den 19.08.2008 mam Training un, a spillt an der 1.Ronn vun der Coupe géint Lasauvage : Programm
09.07.2008 : D'1.Equip fenkt am Championnat zu Suessem un : Programm
06.07.2008 : Den 1.Equip's Programm fir d'Saison 2008/2009 : Programm
26.06.2008 : D'Transferen In/Out fir Saison 2008/2009 : News
13.06.2008 : De Patrick Goergen "Hans" get Trainer vun der 2.Equip
09.06.2008 : Rodange geleengt bei den Damen den Opstieg an 1.Klasse : Fotoen
09.06.2008 : Den Turnéir fir kriibskrank Kanner gëwennt den FC Europa : Fotoen
02.06.2008 : Duerch e 5:0 zu Remerschen get d'1.Equip 3. : News Opstellung Tabell Fotoen
28.05.2008 : D'Personalkarussell dréit sech beim FC Tricolore : News
26.05.2008 : D'1.Equip gëwennt 5:1 géint Red Black/Egalité : News Opstellung Tabell Fotoen
24.05.2008 : Den FC Tricolore sicht nei Spiller oder Hëllefen : News
24.05.2008 : D'Dammenequip brauch fir dé nächste Saison eng Goalkeeperin : News
24.05.2008 : D'2.Equip kritt endlech ërem e Punkt zu Bruch : News Opstellung
18.05.2008 : D'1.Equip kann sech 2:0 zu Steesel duerchsetzen : News Opstellung Tabell Fotoen
17.05.2008 : Grotteschlechte Mätch vun der 2.Equip géint Izeg : News Opstellung
10.05.2008 : D'1.Equip gëwennt kloer géint Jonglënster : News Opstellung Tabell Fotoen
04.05.2008 : Tricolore schléift an, a Biwer gëwennt : News Opstellung Tabell Fotoen
03.05.2008 : Keng Punkten a Goaler fir d'Senior 2 géint Steesel : News Opstellung
02.05.2008 : FC Jeunesse Junglinster gëwennt den Tournéier fir Minimes "Le Ballon de la Solidarité" organiséiert vun Schülerinnen vun der 12 CG 2 
                       vum Fieldgen : Fotoen
28.04.2008 : Kloren Erfolleg fir d'1.Equip beim Fëschmaart : News Opstellung Tabell Fotoen
25.04.2008 : An der Schlussphase léisst d'2.Equip d'Punkten zu Réimech henken : News Opstellung
22.04.2008 : Am 2.Equip's Championnatsmätch klappt Tricolore Mënsbech mat 5:2 : News Opstellung
21.04.2008 : Kee Gëwenner am Mätch Tricolore - Berbuerg : News Opstellung Tabell Fotoen
17.04.2008 : Realismus bréngt Rousport an d'1/2 Final vun der Coupe Senior 2 : News Opstellung Fotoen 
14.04.2008 : Knappen 3:2 Erfolleg fir 2.Equip zu Luerentzweiler : News Opstellung
14.04.2008: D'Senior 1 gëwennt 3:2 beim Tabelleleader Mensdorf, vill Chancen op bäide Säiten, Mensdorf nach puer méi, an dobäi huet den Tricolore 
                      Keeper Steve Krier e puer Glanzparaden gemaach : Opstellung Tabell
06.04.2008 : Keng Goaler am 1.Equipsmätch zwëschen Tricolore a Réimech : News Opstellung Tabell Fotoen 
05.04.2008 : D'Senior 2 gëwennt de Spëtzemätch géint Millebaach mat 4:0 : News Opstellung
02.04.2008 : An engem Frëndschaftsmätch kann sech Tricolore mat 4:0 géint Krëschtnech duerchsetzen, Tricolore a Krëschtnech nom Mätch
                       am Café Millewee : Opstellung  4 Fotoen vum Mätch
30.03.2008 : D'2.Equip gëwennt an der Coupe verdéngt mat 2:0 zu Lëntgen : News Opstellung  
28.03.2008 : Zu Uespelt kritt d'1.Equip de vollen Asaatz : News Opstellung
17.03.2008 : 1.Equip : Haaptsaach géint Éinen gewonn : News Opstellung Tabell Fotoen
16.03.2008 : D'Veteranen a Form : 3.Halenturnéier hannereneen gewonn
15.03.2008 : Trotz Superleeschtung spillt 2.Equip nëmmen 2:2 zu Sandweiler, no enger 2:0 Féierung ass Tricolore ze liichtsinneg ginn. Gudde Spillopbau a 
                       vill Goalchancen erausgespillt : Opstellung
12.03.2008 : D'Nullinger sinn ërem lass : kee Goal a kee Punkt doheem géint Bous : News Opstellung
09.03.2008 : Grottekick zu Moutfort am Championnatsmätch vun der 1.Equip : News Opstellung Tabell Fotoen
09.03.2008 : 10 Goaler am Senior 2 Championnatsmätch Tricolore - Biwer, ënnerierdech Ofwierverhalen op béide Säiten, dofir awer kruten d'Leit schéi Goaler
                       gebueden : Opstellung
21.02.2008 : 1:1 Remis am 1.Equip's Frëndschaftsmätch zwëschen Schouweiler an Tricolore : Opstellung
16.02.2008 : Den 1.Championnatsmätch vun der 1.Equip an der Réckronn doheem géint Bous fënnt wahrscheinlech Dënschdeg, den 04.03.2008 statt
13.02.2008 : No enger miserabeler Virstellung verléiert Tricolore am Frëndschaftsmätch géint Kayl/Téiteng mat 1:5 : Opstellung 
02.02.2008 : De Guy Herr get an der Generalversammlung zum Éirepresident ernannt : Bericht
31.01.2008 : An engem Frëndschaftsmätch zu Mënsbech verléiert d'1.Equip mat 1:3 : Opstellung
14.01.2008 : D'1.Equip krut e neie Spiller. Et handelt sech em de Pietro Lombardini (19.05.1984). Hien ass vu Sandweiler komm.
14.01.2008 : Den Training vun der 1.Equip fenkt un
03.01.2008 : Et si Biller vu den Equipen bis d'Saison 1979/1980 agesat ginn : Equipen  
22.12.2007 : D'Generalversammlung ass Freideg, den 01.Februar 2008 géint 20.30h an d'Après-Ski Party ass Freideg den 15.02.2008
22.12.2007 : Den 1.Equip's Training fenkt ërem de 14.Januar 2008 un : Programm
22.12.2007 : Neijoesdagbroschür 2008 
08.12.2007 : D'2.Equip gëwennt de Championnatsmätch zu Izeg nodréilëch mat 3:0 ff, well Izeg 4 Spiller um Spillbou hat, déi och schon beim Spilldag virdrun bei 
                       der 1.Equip um Bou stoungen
02.12.2007 : De Filipe De Lemos Mätchwinner am Pafendall : News Opstellung Tabell Fotoen
01.12.2007 : D'2.Equip kann sech knapp an der Coupe am Penaltyschéissen zu Menster duerchsetzen : Opstellung 
30.11.2007 : Gëwenner vun de Billets vun der Oldiesparty November 2007 : Lëscht
25.11.2007 : 2:0 Erfollëg am Mätch vun der 1.Equip géint Steesel : News Opstellung Tabell Fotoen
24.11.2007 : Géint en ze staark Equip aus Izeg kënnt d'ersatzgeschwächt 2.Equip zu Izeg ënner d'Rieder : Opstellung 
18.11.2007 : D'1.Equip wescht ze spéit zu Jonglënster op : News Opstellung Tabell Fotoen
18.11.2007 : D'Damen vum SC Ell gewanne verdéngt mat 3:1 zu Gaaspërech, an déi 3.Halschent wënnt de Staff vum SC Ell an iwweragender Manéier : Fotoen
17.11.2007 : Debakel fir Senior 2 zu Steesel, 1.Halschent nach matgehal, 2.Halschent ass d'Tricolore Schëff ënnergaang : Opstellung
11.11.2007 : 2:0 Erfollëg fir Tricolore zu Biwer : News Opstellung Tabell Fotoen
11.11.2007 : Senior 2 gëwennt 2:1 géint Réimech, net gutt gespillt, Haaptsaach gewonn, De Patrick Goergen am Tricolore Goal leeft vun engem Fuus fort
                       deen eng Visite um Gaaspërecher Terrain gemaach huet : Opstellung
04.11.2007 : Mat 3:2 huet Tricolore sech géint de Fëschmaart behapt : News Opstellung Tabell Fotoen
03.11.2007 : Zu Berbuerg avancéiert de Patrick Goergen zum "Elefmeetertöter" : News Opstellung
28.10.2007 : D'2.Equip ennerläit mat 1:4 zu Mënsbech, 1.Halschent verschlof, 2.Halschent erwescht, a Chancen fir bäizekommen, mee den 3:0 huet der Equip
                       d'Geneck gebrach : Opstellung
28.10.2007 : D'Scolairen verléiren no enger Ophueljued mat 3:4 géint Steesel, den Ervin Ceman huet sech total verausgabt
21.10.2007 : Tricolore gëwennt mat 2:1 zu Berbuerg : News Opstellung Tabell Fotoen
21.10.2007 : D'Scolaires gewannen no enger schwaacher Leeschtung 2:1 zu Wëlwerwoltz, nodeems keen Auswieselspiller méi do war an een Tricolore Spiller
                       dem Trainer seng Uweisungen net befollëgt huet, ass en eraus gehol ginn an Tricolore huet de Mätch zu 10 weidergespillt an nach kuerz viru Schluss
                       de glécklëchen 2:1 geschoss
19.10.2007 : An engem schwaache Mätch gëwennt d'2.Equip géint E Lorentzweiler mat 3:1 : Opstellung
14.10.2007 : Géint eng spillëresch gutt Equip vu Mensder behellt Tricolore d'Iwerhand : News Opstellung Tabell Fotoen
14.10.2007 : D'Damen gewannen 13:0 géint Swift Hesper, Goalie Elodie Hafner hett missen an d'Klinik gefouert ginn an d'Sylvie Goncalves ass  verletzt                        ausgewieselt  ginn
14.10.2007 : No engem Disput zwëschen dem Scolaires Trainer an dem Arbitter gewannen d'Scolaires verdéngt mat 4:1 géint E Berdorf/Consdorf/Krëschtnech
13.10.2007 : 2:2 Gläischspill am 2.Equip's Mätch an der Millebaach : News Opstellung
08.10.2007 : Bum Bum zu Réimech beim 1.Equipsmätch : News Opstellung Tabell Fotoen
06.10.2007 : 3:1 Erfollëg fir 2.Equip géint Sandweiler : Verdéngt awer net iwwerzeegend, Trainer net zefridden : Opstellung
01.10.2007 : D'1.Equip gëwennt verdéngt mat 4:0 géint Uespelt : News Opstellung Fotoen Tabell
30.09.2007 : D'Damen spillen mat der US Esch 3:3 gläich, Fazit : vir d'Chancen net genotzt, hannen ze vill Lescher an der Ofwier
30.09.2007 : D'Scolaires gewannen 7:1 géint Duelem, mee den Trainer ass onzefridden : Hette missen 15 schéissen
27.09.2007 : D'2.Equip gëwennt souverän zu Biwer : Opstellung
23.09.2007 : Zu Éinen henken D'Drauwen fir d'1.Equip ze héisch : News Opstellung Fotoen
22.09.2007 : D'2.Equip klappt Brouch am éischte Championnatsmätch mat 5:1 : News Opstellung
16.09.2007 : Aventure Coupe de Luxembourg fir Tricolore schon eriwwer : News Opstellung Fotoen
14.09.2007 : Nullinger Passé, Tricolore eröffnet Punktekonto : News Opstellung Tabell
09.09.2007 : D'Nullinger on Tour : News Opstellung Tabell Fotoen
02.09.2007 : No enger indiskutabeler 2.Halschent verléiert Tricolore verdéngt géint Remerschen : News Opstellung Tabell Fotoen
01.09.2007 : Tricolore Clubhouse ass nei ugestrach ginn : Nei Fotoen ënner der Rubrik Info
30.08.2007 : Am leeschte Virbreedungsmätch virum Championnat gëwennt d'1.Equip 3:1 géint Dideleenger Espoiren : Opstellung
28.08.2007 : 2:1 gëwennt d'1.Equip zu Kielen (Mätch vum 24.08.2007) : Opstellung
20.08.2007 : Op der Coupe FC Tricolore get d'Lokalequip déi 2. : Opstellung + Resultater Fotoen 
16.08.2007 : Tricolore get 3. op der Coupe zu Izeg : Opstellung Fotoen
15.08.2007 : Tricolore Broschür vun der Coupe FC Tricolore August 2007 : Broschür
13.08.2007 : Verdéngt verléiert d'1.Equip géint Sandweiler um Turnéir zu Izeg : Opstellung Fotoen
12.08.2007 : Programm 2.Equip August/September : Programm
12.08.2007 : Sportsweekend Coupe FC Tricolore 17+19.08.2007 : Programm
12.08.2007 : Equipenzoudeelung an de Coupen : Archive
31.07.2007 : Zu Hollërech gëwennt Tricolore verdéngt mat 4:0 géint Märel Opstellung Fotoen
25.07.2007 : Am 1.Frëndschaftsmätch vun der Saison 2007/2008 get et eng Nullnummer zu Ell Opstellung
28.06.2007 : D'1.Equip spillt an der Saison 2007/2008 ërem an der 2.Divisioun, 2.Bezierk Programm
03.06.2007 : Géint de Red Black kann Tricolore och am Réckmätch näischt huelen News Opstellung Tabell Fotoen
26.05.2007 : Marc Baum kënnt ërem op Gaaspërech zréck News
26.05.2007 : Tricolore iwwerennt Duelem mat 8:0 News Opstellung Tabell Fotoen
20.05.2007 : Zu Bous kréien d'Spectateuren "nëmmen" 4 Goaler gebueden News Opstellung Tabell Fotoen
19.05.2007 : Trotz engem grandiose Comeback vum Patrick Goergen am Tricolore Goal huet 2.Equip géint Mondorf verluer News Opstellung
13.05.2007 : Minimalsieg beim 1.Equip's Championnatsmätch géint Weimerskierch News Opstellung Tabell Fotoen
11.05.2007 : D'Schëff vun der 2.Equip steiert Richtung 3.Classe News Opstellung
09.05.2007 : Knapp Nidderlag am 1.Equip's Championnatsmätch zu Mënsbech News Opstellung
06.05.2007 : De Ferdy Ciufoli Mätchwinner am 1.Equip's Mätch géint Mensdorf News Opstellung Tabell
05.05.2007 : 1:1 Gläichspill am Championnatsmätch vun der 2.Equip géint Bieles Opstellung Fotoen
28.04.2007 : D'1.Equip verspillt eng Féierung zu Berbuerg News Opstellung
16.04.2007 : Bei Super Wieder eng Nullnummer am 1.Equip's Mätch zwëschen Tricolore a Merl News Opstellung Tabell Fotoen
15.04.2007 : D'2.Equip fellt niewend dem Beetebuerger Märchepark an en Dornröschenschlof News Opstellung
01.04.2007 : Championnatsmätch 1.Equip, kloer Nidderlag géint Biwer : News Opstellung Tabell Fotoen  
31.03.2007 : D'Junioren schenken Duelem en Dose Goaler an : News
25.03.2007 : D'1.Equip gewennt knapp bei der AS Lëtzebuerg : News Opstellung Tabell Fotoen
25.03.2007 : D'2.Equip huet Nullnummer ofgeluescht, Schoss ass awer no hanne gaang : Opstellung
18.03.2007 : Triple fir Fluessweiler/Beyren géint Tricolore an der Saison 2006/2007 News Opstellung Tabell
17.03.2007 : Senior 2 mutéiert zur Nullnummer News Opstellung
11.03.2007 : 2:0 Auswärtserfolleg fir Senior 1 zu Uespelt News Opstellung Tabell Fotoen
11.03.2007 : Den David Spinelli Matchwinner am 2.Equip's Championnatsmätch géint Monnërech News Opstelllung
04.03.2007 : Kampf a Krampf zu Gaasperech News Opstellung
03.03.2007 : Präsenzen vun der 1.Equip Januar-Februar 2007 : Tabell
03.03.2007 : Onglécklesch Nidderlag vun der Senior 2 an der 1/8 Final vun der Coupe zu Lëntgen News Opstellung
27.02.2007 : 5:3 geet et am 2.Equip's Frëndschaftsmätch zwëschen Jonglënster an Tricolore aus News Opstellung
25.02.2007 : Championnatsmätch vun den Damen Tricolore - Etzella ass ofgesot ginn : Den Terrain ass ënner Waasser
17.02.2007 : Zu Hueschtert verléiert d'1.Equip an engem Frëndschaftsmätch mat 1:3 Opstellung
15.02.2007 : 3:3 zwëschen Tricolore an Itzig am 2.Equip's Frëndschaftsmätch News Opstellung
11.02.2007 : Am Frëndschaftsmätch zu Hollerech verléiert d'1.Equip mat 0:1 géint Itzeg Opstellung
11.02.2007 : D'Scolaires verléiren doheem géint Wuermer mat 0:3 News
08.02.2007 : D'1.Equip erlieft e Waterloo am Frëndschaftsmätch zu Lëntgen Opstellung
31.01.2007 : Kee Goal am Senior 1 Frëndschaftsmätch zwëschen Schëffléng an Tricolore Opstellung
27.01.2007 : Kuerze Bericht vun der Generalversammlung am Tricolore Clubhouse News
20.01.2007 : An der Wanterpaus krut Tricolore e neie Spiller fir d' 1.Equip bäi : De Sabrino Da Silva (20 Joer) vu Weimerskirch 
16.01.2007 : Den 2.Equip's Training fenkt ërem den Donnëschdeg 01 Februar 2007 un
01.01.2007 : Vill Gléck am Neie Joer Broschür

23.12.2006 : Den 1.Equip's Training fenkt ërem de Freideg, 19 Januar 2007 un

22.12.2006 : En Donneschdeg den 28.12.2006 ass et virgesinn fir déi traditionell Neijoersdaagsbroschür zu Gaasperech auszedeelen

03.12.2006 : Haaptsaach zu Duelem gewonnen : Opstellung Bericht Fotoen

26.11.2006 : Tricolore kann dach nach gewannen : Opstellung Bericht

19.11.2006 : Erëm keng Punkten fir d'1.Equip zu Weimerskierch Opstellung Bericht Fotoen

19.11.2006 : Zu Gaasperech fléien 3 Spiller beim 2.Equip's Mätch Opstellung Bericht 

12.11.2006 : Tricolore versénkt am Mëttelfeld : Opstellung Bericht Fotoen

11.11.2006 : Tricolore Senior 2 verléier 0:3 zu Mondorf : Opstellung Bericht

05.11.2006 : Tricolore verléiert zu Mensdorf : Opstellung Bericht Fotoen

22.10.2006 : 1:1 am Mätch zwëschen Tricolore a Berbourg Opstellung Bericht

15.10.2006 : Knappen Erfolleg zu Merl : Opstellung Bericht 

08.10.2006 : 3 Punkten kann Tricolore zu Biwer afueren : Opstellung Bericht Fotoen

01.10.2006 : Entscheedene Goal an der Nospillzäit fir d'Senior 1 géint de Fëschmaart : Opstellung Bericht

24.09.2006 : Och zu Beyren huet Tricolore verluer : Opstellung Bericht Fotoen

18.09.2006 : Coupe de Luxembourg : Tricolore - Flaxweiler/Beyren 0:3 Opstellung Fotoen

14.09.2006 : Tricolore eröffnet endlesch de Punktekonto : Opstellung Bericht

10.09.2006 : Keng Punkten a Goaler fir Tricolore zu Remerschen : Opstellung Bericht Fotoen

04.09.2006 : Tricolore verléiert géint de Red Black mat 0:1 : Opstellung Bericht

01.09.2006 : Sandra Reuter neien Comitésmember

31.08.2006 : Tricolore gëwennt mat 5:2 n.V zu Uespelt an der Coupe de Luxembourg : Opstellung

27.08.2006 : Tricolore mat Opstellungssuergen

27.08.2006 : Tournoi Eclair zu Mondorf : Resultater an Opstellung

20.08.2006 : Coupe FC Tricolore : Resultater Opstellung Fotoen

19.08.2006 : Coupe FC Tricolore Football Corporatif : Resultater + Tabell

17.08.2006 : Coupe FC Tricolore 2006 : Broschür

12.08.2006 : Frëndschaftsmätch Senior 1 : RFCU Luxembourg (Espoirs) - Tricolore 4:2 (2:1) : Opstellung

10.08.2006 : Tournoi Eclair FC Tricolore : Programme

05.08.2006 : Programm 2.Equip August-Dezember 2006

05.08.2006 : Frëndschaftsmätch Senior 1 : Sandweiler - Tricolore 1:2 (0:1) : Opstellung

27.07.2006 : Frëndschaftsmätch Senior 1 : Bettembourg - Tricolore 2:0 (1:0) : Opstellung

20.07.2006 : Programm 2.Equip Championnat 2006/2007 + Programm Dames Championnat 2006/2007

13.07.2006 : Programm 1.Equip Championnat 2006/2007

05.07.2006 : Programm 1.Equip Juli-August 2006

01.07.2006 : Tricolore 1.Equip spillt an der Saison 2006/2007 an der 2.Divisioun, Série 2

 

Archive