Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 06.04.2012 19.40h : Club Sportif Sanem - FC Tricolore Gasperich 4:1 (0:1)

0:1 42' Sali

1:1 50', 2:1 76', 3:1 78' (Peanlty), 4:1 87'

 

Wieder : kloren Himmel, +- 5°

Terrain : OK

Zuschauer : 60

 

 

 

Eng ganz enttäuschent Leeschtung huet Tricolore zu Suessem ofgeliwwert, dat no deenen 3 leeschte gudde Mätcher. 

Direkt vun Ufank un huet Suessem d'Spill kontrolléiert an Tricolore war net am Mätch. Schon no 15' hat d'Lokalequip 3 Riesechancen fir a Féierung ze goen, begënschtegt duerch Stellungsfeeler a Konzentratiounsmangel op Tricolore Säit. No vir ass am Ufank op Tricolore Säit guer näischt gaangen. Ab der Mëtt vun der 1.Halschent huet dunn Tricolore awer Suessem a Schach gehalen an Tricolore huet besser dowwider gehalen. Mat der 1.Goalchance ass dunn och Tricolore a Féierung gaangen, a laange Ball vum Ferdy Ciufoli krut den Erdovan Sali an de Laf, an hien huet de Ball laangscht de Keeper aus 16m an den Eck gezierkelt. Glécklech Féierung vun Tricolore. 

Wann een du geduecht huet dass Tricolore an der 2.Halschent besser géif spillen, ass Tricolore nach méi schlecht ginn. Nees direkt am Ufank huet Suessem Tricolore ënner Drock gesat, sech geféierlech Situatiounen erausgespillt bis an der 50' no engem Gewulls am Tricolore Strofraum den 1:1 gefall ass. Suessem huet weider Drock gemaach, an Tricolore huet sech weider Konzentratiounsfeeler geleescht. Mee obwohl Suessem déi kloer dominant Equip war, hat Tricolore mat senger 2.Chance bal den 2:1 geschoss, mee 2 Tricolore Spiller hunn de Ball am Suessemer Strofraum net ënnerkrut. An der 76' huet Suessem den 2:1 geschoss, wéi e Spiller vu riets de Ball an de Wénkel gesat huet. An der 78' huet Tricolore e Suessemer am Strofraum ëmgerannt, Penalty, 3:1. Den 4:1 ass dunn an der 87' gefall. 

Suessem war vill méi wëlleg an aggressiv an dobäi hunn sech op Tricolore Säit zevill Konzentratiounsfeeler ageschlach. Tricolore muss sech fir déi nächst Mätcher rappen.