Spillbericht Coupe FLF Senior 1 01.05.2013 17.00h : FC Kehlen - FC Tricolore Gasperich 5:2 (2:1)

1:0 30', 1:1 36' Trubljanin, 2:1 45' (+2')

3:1 70', 4:1 74' (penalty), 5:1 86', 5:2 88' Antonicelli

 

Wieder : bedeckt, +- 15°

Terrain : super

Zuschauer : 100

 

 

 

 

Duerch eng kloer Nidderlag zu Kielen ass d'Aventure Coupe FLF fir Tricolore eriwwer.

Kielen war am Ufank besser am Spill, dueno huet Tricolore awer dogéint gehalen. An der 30' ass Kielen awer a Féierung gaangen. An der 36' huet Tricolore ausgeglach, no engem Fräistouss vum Nuno De Almeida, huet de Resat Trubljanin um 2.Poto eragekeppt. An der 41' krut Kielen eng Giel-Rout Kaart, de Kielener Spiller deen schon an der 37' de Simon Leick verletzt hat, huet nees zougelangt an d'Arbitesch huet de Spiller vu Kielen an d'Kabine geschéckt. Virun der Paus ass Kielen awer nees a Féierung gaangen, no engem Fräistouss huet Tricolore um 2.Poto geschlof an e Spiller konnt eranetzen.

An der 2.Halschent huet Tricolore versicht den Ausgläich ze erzielen, mee et ass net gelongen. Ab der 60' huet Tricolore du weider opgemaach, hannen ass Tricolore duerch déi séier Equip vu Kielen ausgekontert ginn an esou ass et schlussendlech 5:2 ausgaang.

Tricolore huet gutt gekämpft géint eng méi séier a jonk Equip vu Kielen.