Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,21.10.2007 15.00h : Berbourg - Tricolore 1:2 (0:1)
Wieder : kal, +- 5°
Terrain : TipTop
Zuschauer : 60
0:1 26' Antonicelli
0:2 72' Tria, 1:2 75'
 
Taktësch a clever huet sech Tricolore zu Berbuerg ugeluescht.
 
No enger gudder Ufangsphase vun Tricolore, huet d'Lokalequip d'Kommando iwerhol an Tricolore huet sech zréckgezunn
an d'Räim versicht eng ze maachen. Berbuerg war optësch iwerleeen, hat och méi Ballbësetz, mee war an der Offensiv
ze harmlos. De Steve Krier am Tricolore Goal ass kaum gepréift ginn. Tricolore huet op Konter gelauert an an der 26'
ass e sou een erfollgräich gegléckt : De Ferdy Ciufoli konnt aus der eegener Halschent dovunzéien, a vun der rietser Säit
huet hinn eng super Pass op lénks gemaach an de Laf vum Carlo Antonicelli, de cool zum 1:0 fir Tricolore eragesat huet.
Insgesammt waren d'Chancen op béide Säite rar a sou ass et beim 1:0 bliwen. 
 
Chaos dunn : Den Arbiter hat 3' ze fréi ofgepaf, an no Berbuerger Interventioun huet hien nom Pausentéi déi 3' nospille
gelooss. Déi mescht Leit ware verdutzt. 
 
An der 2.Halschent war de Mätch du vun de Goalchanchen besser ginn. No langweilëscher 15 Minuten ass et besser ginn,  
an de Mino Tria, deen agewieselt ginn ass, huet ëmmer ërem fir Gefor gesuecht. Hien ass oft op der rietser Säit duerch gewiecht
an huet fir gutt Chancen op Tricolore Säit gesuergt. Wéi d'Matspiller seng Passen net konnte verwerten, ass et him ze bont ginn
an huet selwer den 2:0 geschoss. Nëmmen 1' méi spéit konnt de Steve Krier mat enger Glanzparade e Berbuerger Goal
verhënneren . Awer an der 75' krut Tricolore de Ball no engem Korner net aus dem Strofraum, an Berbuerg huet zum 1:2 verkierzt.
Dueno war Berbuerg beméit nach eppes ze räissen an hat nach eng Riesechance, wéi e Berbuerger Spiller clever vum Paul Crelo
de Ball virgeluescht krut, mee de Spiller huet fräi verzunn. Tricolore hat och nach Konteren, huet sech awer ze domm ugeluescht
wir e weidere Goal ze schéissen.
 
Berbuerg huet zwar dominéiert, mee war ze spillverléift a virum Goal ze ongenau. Tricolore huet clever gespillt, gekämpft, a verdéngt gewonn.
Nëmme Schued dass Berbuerg um Spillbou Protest agelouscht huet, well den Arbiter an der éischter Halschent 3' ze fréi ofgepaf huet.