Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich  - FC Munsbach 2:0 (1:0)

0:1 8' Silva

2:0 67' Rizvani

 

Wieder : staark bedeckt, liichte Reen, +- 15°

Terrain : OK

Zuschauer : 70

 

 

 

 

Duerch eng konzentréiert Leeschtung huet Tricolore 2:0 géint Mënsbech gewonn.

No engem Fräistouss vun hallëf lénks, ausgefouert vum Amer Dautbasic, huet den Joscelino Silva den 1:0 per Kapp an der 8' markéiert. Tricolore huet Mënbech gutt an Kontroll gehat, an den Elio Cardoso war just e Schrëtt ze spéit fir de Ball laangscht de Mënsbecher Keeper ze spillen. Tricolore hat d'Gescheehen am Grëff a Mënsbech hat keng geféierlech Aktioun méi bis zur Paus.

No der Paus huet d'Mënsbech d'Spill méi an d'Hand gehol, mee d'Tricolore Defensiv war Herr vun der Lag. An der 67' huet dunn den Denis Rizvani aus 25m ofgezun, de Ball ass ofgefälscht ginn, an huet sech iwwer de Mënsbecher Keeper an d'Maschen gesenkt. Mënsbech huet weider probéiert eppes ze réissen, mee ouni Gefor, dofir hat de Mike Ribeiro op Tricolore Säit eng Riesechance de Score eropzeschrauwwen. Och de Mino Tria hat nach eng super Chance no enger schéiner Kombinatioun.

Insgesammt huet Tricolore disziplinéiert a konzentréiert géint eng teschnech staark Equip vu Mënsbech gespillt, a sech esou verdéngt gewonn.