Spillbericht Senior 1 Championnat Freideg,27.04.2007 20.00h : Berbourg - Tricolore 2:1 (0:1)
Wieder : sonnëg, summerlëch waarm
Terrain : super
Zuschauer : 60
0:1 10' De Lemos 
1:1 56', 2:1 72' 
 
No enger hektescher 2.Halschent huet d'Lokalequip nach de ganzen Asaatz krut. 
 
Vun Ufank un huet Tricolore d'Spill an d'Hand geholl an huet Berbourg ënner Drock gesat. An der 10' huet et dunn am Berbuerger Goal
geschellt : den Antonio Curioso deeviéiert de Ball op den Filipe De Lemos an hien ka fräi zum 0:1 erasetzen. Anstatt dueno awer Rou
an d'Spill ze kréien ass leider de Géigendeel agetratt : Berbuerg koum besser op, an huet d'Tricolore Ofwier an Schwieregkeete bruecht,
de Steve Krier am Goal hat puer mol misse säi Kënnen weisen. Tricolore huet nach sporadësch no vir gespillt, mee et koum trotz der
enger oder aner Méiglëschkeet näischt dobäi eraus. 
 
No der Paus huet du Berbuerg direkt d'Spill kontrolléiert, an hat gutt no vir gespillt. No enger super Parade vum Steve Krier kuerz no
der Paus, huet Berbuerg an der 56' den 1:1 zougesprach krut : E Spiller huet de Ball op d'Lat gedonnert, vun do spréngt de Ball erof an
den Arbiter entscheed op 1:1 ??? (wéi konnt en aus +-20m gesinn dass de Ball iwwert der Linn war?). Jiddefalls soll de Ball kloer net iwwert
der Linn gewiescht sinn. Trotzdem war den 1:1 verdéngt, Tricolore koum kaum méi no vir. No engem Konter, wéi en Tricolore Spiller
virum Berbourger Strofraum behënnert ginn ass, huet d'Lokalequip den 2:1 geschoss. Kuerz dueno hunn déi Berbuerger nach de Poto
getraff. Tricolore war an der Phase einfach net preesent. Eng oder déi aner Offensivaktioun huet fir Tricolore näischt bruecht. An der 78'
ass dunn en Berbuerger Spiller geflunn. Vun do un huet Tricolore Berbuerg zréckgedrenkt. An der Nospillzäit ass dunn en 2. Berbuerger
geflunn no enger Noutbremse um Mino Tria deen alleng het kéinten op de Goal zéien. De fellëge Fräistouss ass awer iwwert de Goal
gesat ginn. Den Arbiter huet nach puer Minuten nospille gelooss, mee et sollt beim 2:1 bleiwen.   
 
Berbuerg huet duerch eng gutt Leeschtung an der 2.Halschent de Mätch nach gedréit, obwohl d'Goaler onglécklëch waren. Tricolore war virum
Goal alt ërem eng Kéier ze harmlos.