Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 10.03.2013 16.00h : FC Tricolore Gasperich - Etoile Sportive Clemency 2:2 (1:2)

1:0 32' Nuno De Almeida, 1:1 43', 1:2 45' (+2')

2:2 71' (Selbstgoal)

 

Wieder : bedeckt, +- 5°

Terrain : OK

Zuschauer : 20

 

 

 

 

Tricolore huet géint Këntzeg nëmmen 2:2 gespillt.

Am Ufank war net vill lass, Tricolore huet de Mätch an de Grëff geholl, ouni awer geféierlech ze ginn. Këntzeg huet eng jonk a séier Equip, déi näischt méi ze verléiren huet, a Këntzeg huet Tricolore puer mol iwwerlaf ouni awer och Gefor auszetrahlen. Mëtt vun der 1.Halschent huet Tricolore méi Souvereenitéit gewissen, an de Mätch kontrolléiert. Eng oder déi aner gutt Offensivaktioun ass awer net genotzt ginn. An der 32' ass dunn Tricolore verdéngt a Féierung gaangen, de Resat Trubljanin huet e laange Ball an de Strofraum gespillt, den Nuno De Almeida huet de Ball am Këntzeger Strofraum kontrolléiert, de Goalie iwwerdribbelt an zum 1:0 eragesat. Këntzeg war just op Konter geféierlech, hir bescht Chance war duerch e Fräistouss aus 25m, de Simon Leick am Tricolore Goal huet de Ball awer aus dem Eck gefëscht. Tricolore hat de Mätch am Grëff, mee virun der Paus huet Këntzeg nach 2 Goaler geschoss. Den 1:1 an der 43' : e Këntzeger Spiller huet aus 20m ofgezunn, de Simon Leick konnt de Ball net festhalen an en aneren Spiller huet am 5m de Ball iwwer d'Linn gedréckt. Déi lescht Aktioun an der 1.Halschent war fir Tricolore kontraproduktiv, no engem Fräistouss hat Tricolore d'Chance op den 2:1, mee de Ball net erageschoss, Këntzeg huet e Konter gesat, iwwer lénks huet e Spiller d'Tricolore Ofwier iwwerlaf an zum 1:2 eragesat.

Direkt no der Paus ass eng Gedenkminutt ageluescht ginn fir de Jos Baustert, en treien Tricolore Supporter, deen am Februar gestuerwen ass. An der 2.Halschent huet Tricolore gekämpft fir nees auszegläichen, mee deelweis hunn d'spillerech Elementer gefeelt, d'Equip ass méi nervös ginn an Tricolore konnt sech keng kloer Goalchance erausspillen. Këntzeg huet sech zréckgezunn a konnt vir näischt méi mellen. An der 71' konnt Tricolore seng Dominanz awer an e Goal ëmsetzen, no engem Korner vum Tun Curioso huet en Këntzeger Spiller de Ball an den eegene Goal gesat. Dueno huet Tricolore weider gedréckt, an hat an der Schlussphase nach 2 super Chancen duerch den Erdovan Sali, eng Kéier huet hien de Ball knapp laangscht de Goal gesat, an an der 90' huet hien e Volleyschoss op d'Lat gesat.

Tricolore huet gekämpft an hat méi vum Spill, huet awer nëmmen 2:2 gläichgespillt.