Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - FC Etoile Sportive Schouweiler 2:1 (2:0)

1:0 10' Curioso, 2:0 27' Da Rocha

2:1 82'

 

Wieder : staark bedeckt, liichte Reen, Sonn

Terrain : OK

Zuschauer : 40

 

 

 

 

Géint Schuller huet Tricolore verdéngt 3 Punkten agefuer, ass awer mega verschwenderësch mat de Goalchancen ëmgaang.

Vun Ufang un huet d'Lokalequip dominéiert an an der 10' ass den 1:0 gefall. Den Orlando da Rocha ass aleng op de Goal gezunn, hien ass vum Schuller Keeper geluecht ginn, an de fellege Fréistouss huet den Tun Curioso eragesat. Dueno war weider Tricolore um Drécker, zum Deel super Goalchancen sinn awer net genotzt ginn. Den 2:0 ass dunn awer an der 27' gefall, wéi de Pietro Lombardini sech op lénks duerchgesat huet, op den Orlando Da Rocha gepasst huet an aus 5m huet hien eragesat. Schuller hat just virun der Paus eng gutt Goalchance.

No dem Pausentéi war Tricolore weider kloer iwwerleeën, trotz super Goalchancen ass et hienen awer net gelongen de Score eropzeschrauwen. Deelweis war et scho peinlech, wat fir Chancen vermasselt gi sinn. Et hett kéinten e Schützefestival ginn, awer Tricolore huet et net ferdeg bruecht d'Bell an de Goal ënner ze bréngen. An der 80' ass dunn och nach e Schuller Spiller vum Terrain gesat ginn, wéi hien nogerannt huet. An der 82' ass den 2:1 gefall wéi Schuller en direkte Fräistouss schéin an de Wénkel gesat huet. Tricolore hat weider gutt Chancen a Schuller koum och nach eng Kéier kuerz viru Schluss op.

Fazit : 3 Punkten, Iwwerhieglechkeet virum Goal op der Lokalsäit.