Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : U.S. Mondorf  - FC Tricolore Gasperich 5:2 (1:2)

0:1 6' Curioso, 1:1 20', 1:2 34' Corallo, 2:2 58', 3:2 64', 4:2 69', 5:2 78'

Wieder : liicht bis staark bedeckt, +- 15°

Terrain : gutt

Zuschauer : 120

 

 

 

 

No enger gudder 1.Halschent huet Tricolore sech missen an der 2.Halschent dem Tabelleleader Mondorf beugen.

Schon an der 1' het kënne Mondorf a Féierung goen, en Tricolore Spiller huet awer op der Goallinn ofgewiert. Dueno war Tricolore on Top, den Antonio Curioso huet e Fräistouss op d'Laat gesat. An der 6' huet dunn awer den Tun Curioso mat engem fulminanten Schoss aus +- 25m de Ball an de Wénkel gesat. Kuerz drop hat Tricolore d'Riesechance fir op 2:0 ze erhéigen, mee den Orlando Da Rocha konnt de Ball net verwerten. Mondorf war ëmmer spilleresch a leeferesch staark a sou konnte si zum 1:1 an der 20' ausgläichen. Tricolore huet awer weider no vir gespillt, an no engem Fräistouss an der 34' vum Amer Dautbasic, huet de Michele Corallo de Ball um 1.Poto eragesat. Dueno war Mondorf weider aktiv, konnten awer näischt erausschloen.

An der 2.Halschent war Mondorf kloer iwwerleeën, an d'Lokalequip huet eng Attack no der anerer gestart. Tricolore huet meeschtens den 2.Präis kruut a Mondorf huet mat Tricolore Katz und Maus gespillt. A sou war déi logësch Konsequenz dass Mondorf nach 4 Goaler geschoss huet, dobäi och bei mindestens 2 Goaler huet Tricolore frëndlech Hëllef geleescht. An der Schlussphas ass Tricolore nach eng Kéier opkomm, mee et sollt beim 5:2 bleiwwen.

Opgrond vun enger staarker 2.Halschent huet Mondorf verdéngt gewonn.