Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 31.10.2012 19.40h : Etoile Sportive Clemency - FC Tricolore Gasperich 1:4 (1:1)

1:0 6', 1:1 45' (+1') Foetz

1:2 78' De Almeida N., 1:3 83' De Almeida N., 1:4 86' Antonicelli

 

Wieder : kal, +- 3°

Terrain : OK

Zuschauer : 30

 

 

 

 

Beim nei gespillte Mätch zu Këntzeg (de Mätch hett misse frëschgespillt ginn well den Arbitter den 30.09 de Mätch Këntzeg - Tricolore an der 89' ofgebrach huet) huet Tricolore verdéngt gewonnen.

Am Ufank war Tricolore nach net ganz bei der Saach, an esou ass d'Lokalequip an der 6' a Féierung gaangen, e Spiller vu Këntzeg huet d'Tricolore Ofwier am Réck iwwerlaf, ass fräi op de Goal gezunn an huet dem Simon Leick am Tricolore Goal keng Chance gelooss. Tricolore war awer déi dominant Equip an hat an der 1.Halschent Riesechancen fir e Goal ze schéissen. Mëtt vun der 1.Halschent ass Këntzeg heiansdo net méi nokomm an huet missen Tricolore Spiller foulen. Giel Kaarten si vum Arbitter verdeelt ginn. An der 40' krut Këntzeg dunn eng Rout Kaart wéi bei der Ausselin den Nuno De Almeida vun hannen ëmgeméit ginn ass. No enger kuerzer Verletzungspaus konnt den Nuno De Almeida awer nees zum Gléck weiderspillen. An der 45' (+1') huet dunn Tricolore endlech gescort, no engem Korner vu riets huet de Jacques Foetz am 5m Raum de Ball iwwer d'Linn gedréckt.

Déi 2.Halschent huet Tricolore dunn total dominéiert, an d'Spill ass quasi op ee Goal gelaf. Tricolore hat awer zunächst déi néideg Konseequenz no vir vermësse gelooss, an esou si kaum konkret Goalchancen entstan. Këntzeg wollt och wannen mee hat no vir keng Argumenter méi. An der Schlussphase vum Mätch huet dunn Tricolore opgedréit. No engem Pass vum Ervin Ceman ass den Nuno De Almeida an der 78' op riets duerchgaang an konnt de gudde Këntzeger Keeper iwwerwannen. An der 83' huet den Ervin Ceman nees eng schéi Pass dem Nuno De Almeida an de Laf gespillt, an hien huet den 3:1 markéiert. No enger Flank vum Ervin Ceman op den 1.Poto huet de Carlo Antonicelli de 4:1 geschoss. Dueno hat Tricolore nach weider Riesechancen.

Gutt Moral vun der Equip, an et muss esou weider goen.