Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 02.10.2013 17.45h : Football Club Ehlerange - FC Tricolore Gasperich 0:1 (0:0)

 

0:1 67' Paolo Bianco

 

 

Wieder : frësch, +- 10°

Terrain : et geet

Zuschauer : 30

 

 

 

An der Ufanksphase huet Tricolore de Mätch kontrolléiert, no +- 30' ass Éilereng besser an d'Spill komm. Ob béide Säiten ware Goalchancen awer praktesch net do. No der Paus war Tricolore méi dominant. Tricolore huet seng eenzeg konkret Goalchance och genotzt, an der 67', no engem Fräistouss vum Julio Monteiro huet de Paolo Bianco um 2.Poto mam Kapp eragesat. Éilereng war beméit, hat och déi eng oder aner Goalchance an der 2.Halschent, war awer virum Goal ze harmlos. Zum Schluss war et nach richteg däischter ginn, keng Luuchten um Terrain.