Sonndeg, den 22.10.2006 Championnatsmätch Senior 1 :

FC Tricolore Gasperich  - FC Berdenia Berbourg 1:1 (1:1) 

1:0 5' Curioso, 1:1 33'

Engagéiert a mat ville Wëllen ass Tricolore géint Berbourg opgetrueden. Schon an der 5' ass Tricolore 1:0 a Féierung gaang duerch en direkte Schoss aus 20m vum Antonio Curioso, de Ball ass am lénksen Eck ageschloen. Nach eng gutt Chance hat Tricolore duerch den Arnaud Andoque, deen am Strofraum schéin ugespillt gouf, mee säi Schoss war ze harmlos. Eng kal Dusch fir Tricolore dunn an der 33', wéi op der lénkser Säit e Berbourger Spiller an de Strofraum agedrongen ass, an hien de Ball am kuerzen Eck ënnerbruecht huet. An der 37', dunn Penalty fir Tricolore, nodeem e Berbourger Spiller de Ball am Strofraum mat der Hand gespillt huet, mee den Antonio Curioso huet de Penalty driwer gesat. No der Paus ass dunn Berbourg zunächst besser an d'Spill komm an hat de Mätch kontrolléiert. No enger gutter Stonn huet dunn awer Tricolore d'Spill erem an de Grëff kruet an huet dominéiert. Leider konnt Tricolore awer net méi scoren, obwohl eng oder déi aner geféierlech Situatioun nach do war.

Tricolore - Berbourg Opstellung