Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 04.03.2012 15.00h : AS Luxembourg-Porto - FC Tricolore Gasperich 3:2 (2:0)

1:0 6', 2:0 10' (Penalty)

2:1 61' Sali, 2:2 71' Silva, 3:2 83'

 

Wieder : staark bedeckt, +- 5°

Terrain : gutt

Zuschauer : 20

 

 

 

Bei AS Lëtzebuerg-Porto verléiert Tricolore no engem ruppege Mätch mat 2:3.

An der 6' war d'Tricolore Ofwier schon nees net opmierksam an en ASL-Porto Spiller konnt de Ball am Strofraum kontrolléiren an aus 5m de Ball eraschéissen. No 10' stoung et dunn schon 2:0, de Steve Volz am Tricolore Goal huet de Ball am Strofraum gefaang, dobäi och en ASL-Porto Spiller gerodden an den Arbitter huet op de Punkt gewissen ???, den ASL-Porto Spiller huet den Penalty locker verwandelt. Tricolore war guer net am Mätch an den Arbitter huet sech deem ugepasst. Hien huet mat zweeerlee Mooss gepaff. No +- 30 Minutten ass dunn Tricolore opgewescht. Virun der Paus konnt sech d'Equip nach gutt Goalchancen erausspillen. An der 45' dunn awer den nächste Schock, den André Soares, dee permanent der op d'Socken krut vun ASL-Porto Spiller huet sech zu enger dommer Aktioun hiräisse gelooss a krut déi rout Kaart vum Arbitter gewissen. 

Och mat 10 géint 11 huet Tricolore awer weider no vir gespillt. Duerch e super Reflex huet de Sven Haag am Tricolore Goal awer d'Equip am Spill gehalen. An der 61' huet den Erdovan Sali den 1:2 geschoss no engem schéine Schoss an de laange Wénkel. Tricolore war weider um Drécker, ASL-Porto huet op Konter gespillt. Erëm ass den Arbitter an der 2.Halschent negativ opgefall, well ee mat giel belaaschte Spiller vun ASL-Porto sech nach konnt 1 taktescht Foul an een anert Foul erlaben ouni awer bestrooft ze ginn. Den ASL-Porto Trainer huet dee Spiller och dunn kuerz drop ausgewieselt. An der 71' huet de Sandro Silva den Ausgläich besuergt wéi hien de Ball flach an den Eck gesat huet. Béid Equipen wollte wannen, den Denis Rizvani ass eng Kéier zréckgepaff ginn, wéi hien alleng Richtung ASL-Porto Goal duerch war, obwohl en angeeblech net am Abseits stoung. An natiirlech ass et nees esou komm wéi et hett misse kommen, an der 83' huet en ASL-Porto Spiller vum 16m ofgezunn, de Ball ass ofgefälscht ginn, an huet de Sven Haag am Tricolore Goal um falsche Fouss erwëscht. An der Schlussphase ass dunn de Raphael Reiter no engem Foul mat Giel-Rout vum Terrain gesat ginn. An och d'ASL-Porto huet e färdeg bruecht de Mätch net mat 11 ze beenden, e Spiller huet op der Mëttellinn de Mino Tria nach missten ëmseebelen, esou dass den Arbitter hett misse rout ginn. 

Tricolore hat nees eng Period wou geschlof ginn ass, den Arbitter war schlecht, nees 2 Spiller gespaart. Mee et muss weider gekämpft ginn an d'Gléck muss och nees zréckkommen fir dass Tricolore ka bestoen.