Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 27.11.2013 19.30h : FC Tricolore Gasperich - FC The Belval Belvaux 1:2 (1:2)

0:1 8' (Belvaux), 0:2 24' (Belvaux), 1:2 45' (+2') Paolo Bianco

 

 

 

Wieder : drëschen, kal, +- 0°

Terrain : bespillbar

Zuschauer : 30

 

 

 

 

 

 

Eng onglécklech Nidderlag huet Tricolore géint Bieles kasséiert. An der 4' hat de Miguel Pereira eng Riesechance, hien ass alleng op de Bieleser Goal gezunn, mee hien huet de Ball driwwer gesat. An der 8' ass Bieles a Féierung gaangen, e Bieleser Spiller huet vu riets de Ball an den Tricolore Strofraum gepasst, wou en aneren Bieleser Spiller konnt fräi erasetzen. An der 24' huet Bieles den 2:0 geschoss, e Spiller huet aus 20m ofgezunn, an de Ball krut eng komesch Flugkurve, an huet de Luis Feliciano am Tricolore Goal um falsche Fouss erwëscht. Tricolore huet de Kapp awer net henke gelooss an huet weider no vir gespillt. Ab der 30' hat Tricolore de Mätch besser am Grëff an huet Bieles no hanne gedrängt. Just virun der Paus ass Tricolore fir den Opwand belount ginn, wéi de Paolo Bianco no engem Fräistouss de Ball um 2.Poto eragesat huet. An der 2.Halschent war Tricolore weider beméit, d'Equip war awer net richteg geféierlech. Bieles huet och dogéint gehalen, Tricolore huet awer Bieles keng Goalchance gestatt. Déi beschte Chance an der 2.Halschent hat de Miguel Pereira, wéi no engem Fräistouss vum Pasquale Antonicelli, de Miguel Pereira de Ball um 5m gekeppt huet, mee de Bieleser Keeper huet glänzend paréiert. Tricolore war weider beméit, konnt awer kee Kapital méi draus schloen.