Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : Etoile Sportive Clemency  - FC Tricolore Gasperich 0:3 (0:2)

0:1 39' Dautbasic, 0:2 45' Dautbasic

0:3 54' Bardhi (Penalty)

 

Wieder : sonneg, +- 20°

Terrain : OK

Zuschauer : 100

 

 

 

 

Zu Këntzeg huet Tricolore de ganzen Asaatz krut.

An den éischten 30' war Këntzeg déi dominant Equip, an den David Spinelli am Tricolore Goal huet 2X missen um Posten sinn fir d'Attacken vun der Lokalequip ofzewieren. Dueno huet Tricolore d'Spill an de Grëff krut, an an der 35' hat den Orlando da Rocha eng super Goalchance gehat, wéi hien fräi op de Goal gezunn ass, mee de Keeper vu Këntzeg konnt säi Schoss an de Korner ofwieren. An der 39' krut Tricolore e Frästouss, an aus +-25m huet den Amer Dautbasic de Ball an de Goalwénkel gesat. An der 45' de gläiche Scenario, no Berodungen am Tricolore Lager, huet den Amer Dautbasic de Ball ërem an de Goalwénkel gesat, Copy-Paste.

An der 2.Halschent hat Tricolore de Mätch kloer a Kontroll an huet d'Lokalequip net zur Entfaltung komme gelooss. An der 54' ass den Toy Virgulino op lénks geschéckt ginn, hien huet e super Säitewiesel op riets gemaach, de Mike Ribeiro huet de Ball mam Kapp opgeholl, an e Këntzeger Spiller krut de Ball op d'Hand, huet awer d'Richtung vum Ball beaflosst, a sou ass et Penalty ginn, deen den Edison Bardhi locker verwandelt huet. Dueno war net méi vill passéiert, Këntzeg hat nach eng gutt Goalchance, Tricolore och, mee et ass beim 0:3 bliwwen.

No Ufangsschwieregkeeten ass Tricolore besser an de Mätch komm an huet Këntzeg a Schach gehal, a sou verdéngt gewonn.