Spillbericht Senior 1 Championnat 14.09.2008 15.40h : Berbourg - Tricolore 0:1 (0:1)

Wieder : sonneg, mee fresch

Terrain : TipTop

Zuschauer : 50

 

Och am 3.Championnatsmätch huet Tricolore hannen dicht gemaach.

 

Direkt am Ufank, Opreegung op Berbuerger Säit, de Stammkeeper hat sech beim Opwiermen verletzt, an de Paul Crelo ass agesprongen.

Berbuerg huet am Ufank d´Spill gemaach, an den David Spinelli huet am Tricolore Goal scho fréi misse säi Kënnen opweisen. Tricolore huet

op Konter gespillt, huet awer net genug de  Berbuerger Goalie getest. Dueno ass Tricolore besser opkomm, an huet d´Spill kontrolléiert.

An der 37´ass Tricolore dunn och a Féierung gaang, wéi de Mike Ribeiro aus 20m ofgezunn huet, an de Ball ass voll an de Wénkel gaang, an de Berbuerger Goalie war chancelooss. 

 

No der Paus war et Berbuerg ërem dat d´Spill kontrolléiert huet, ouni awer geféierlech ze ginn. Mëtt vun der 2.Halschent ass Tricolore besser an d´Spill komm,

an hat Riesechancen fir ze erhéigen, mee Envermögen an e gudde Berbuerger Goalie waren am Wee. An der Schlussphase huet Berbuerg nach eng Kéier

alles versicht, hat och 3 Mol den Ausgläich um Fouss/Kapp, mee Tricolore huet et iwerstann, och dank engem gudde Goalie David Spinelli.

 

3 Mätcher = 9 Punkten, 4:0 Goaler, minimal, maximal Ausbeut.