Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 15.04.2012 16.00h : FC Tricolore Gasperich - FC Titus Lamadelaine 0:1 (0:1)

0:1 33'

 

 

Wieder : kal, Loft, +- 5°

Terrain : OK

Zuschauer : 40

 

 

 

Tricolore verléiert doheem knapp mat 0:1 géint Lamadelaine. Tricolore huet no vir d'Duerchschlagskraaft gefeelt.

An der Ufanksphase huet Tricolore Lamadelaine kontrolléiert. Lamadelaine hat just eng konkret Aktioun, an der 13' flankt e Spiller vu riets eran, en Lamadelaine Spiller schéisst am Tricolore Strofraum knapp laangscht. An der 21' hat Tricolore d'Féierung um Fouss, den Toy Virgulino zielt per Dréihschoss an den Eck, mee de Lamadelainer Keeper kann de Ball nach mat enger Hand an de Korner ofwieren. An der 23' huet e Lamadelainer Spiller ofgezunn, mee de Sven Haag am Tricolore Goal paréiert glänzend. 1' drop keppt e Lamadelainer Spiller knapp iwwert de Goal. Lamadelaine huet besser no vir gespillt an ass an der 33' a Féierung gaangen, en Tricolore Spiller rennt laangscht de Ball, an e Lamadelainer Spiller setzt de Ball aus 20m an den Eck. Tricolore war no vir harmlos, huet awer hannen och näischt méi ubrenne gelooss.

No der Paus war Tricolore beméit, mee no vir ass weider praktesch näischt gaangen. Ab der Mëtt vun der 2.Halschent huet Lamadelaine op Konter dunn offensiv Aktiounen gehat, mee wann et geféierlech sollt ginn, da war de Sven Haag am Tricolore Goal um Posten fir Tricolore am Spill ze halen. Tricolore huet weider probéiert, mee ass kaum no vir komm, zevill Feelpassen am Spillopbau waren op Tricolore Säit ze verzeechnen. Keng Goalchance hat Tricolore méi an der 2.Halschent, esou dass et beim 0:1 bliwwen ass.

Tricolore war beméit, mee huet sech ze vill technesch Feeler no vir erlaabt. Tricolore hat Lamadelaine awer relativ kontrolléiert. Mat deem Engagement ass villes méiglech, Tricolore muss just nach déi technesch Feeler ofstellen.