Sonndeg, den 03.09.2006 Championnatsmätch Senior 1 :

FC Tricolore Gasperich - FC Red Black Pfaffenthal 0:1 (0:1) 

 

Eng enteuschent Nidderlag huet Tricolore géint de Red Black kasséiert.

An der éischter Halschent huet Tricolore gepennt, an ass eréischt kuerz virun der Paus opgewescht. De Red Black huet clever gespillt an huet verdéngt zum 0:1 an der 32' eragesat. Tricolore hat just 2 geféierlech Situatiounen opzeweisen : e (Goal) duerch den Eric Schiavo, dee wéinst angeeblechen Abseits net gi war, an an der 40' eng gutt Kombinatioun, wou den David Scheulen am Strofraum zum Schoss komm ass, mee de Red Black Goalie zum Korner paréiert huet.

En anert Bild kruut een dann an der 2,Halschent ze gesinn : Tricolore huet endlech Drock gemaach an dobäi sinn hochkareeteg Chancen versiebt ginn. Ob béide Säiten ass nach eng kritësch Penalty Situatioun vum Referee net ungerkannt ginn. Tricolore ass ugerannt mee konnt de Red Black Keeper net iwwerwannen. (Unwermögen, Pech an Super Paraden vum Red Black Goalie). 

Fazit : 1. Halschent vergiess et, an der 2.Halschent sinn d'Goalchancen net genëtzt ginn.

 

Tricolore - Red Black Opstellung