Spillbericht Senior 1 Championnat 17.09.2008 19.40h : Tricolore - Remich 2:3 (2:0)

1:0 26' Curioso, 2:0 41' Nobre

2:1 48' (Penalty), 2:2 55', 2:3 69' 

Wieder : kloren Himmel, frësch

Terrain : OK

Zuschauer : 60

 

Opgrond vum Spillverlaf onglécklech Nidderlag fir Tricolore, mee insgesammt akzeptablen Erfolleg vun Réimech.

 

Schon am Ufank war Réimech 2 mol geféierlech, an den David Spinelli am Tricolore Goal huet glänzend gerett. Dueno ass d'Lokalequip besser an d'Spill komm,

konkret Goalchancen blouwen awer aus. An der 26' huet den Antonio Curioso duerch e Fräistouss an de Wénkel vum Goalkeeper's Eck den 1:0 geschoss.

Duerch Reklaméiren a Meckeren sinn Kaarte verdeelt ginn. Trauregen Höhepunkt war d'Giel-Rout Kaart fir de Filipe De Lemos an der 37', wéi hien op der Säitelinn

e Réimecher Spiller zu Fall bruecht huet, eng haart Entscheedung den Flipe De Lemos an d'Kabinen ze schécken, well ouni Virwarnung.  Tricolore ass awer 2:0 virkomm, wéi op der rietser Säit de Sabrino Da Silva an d'Mëtt geflankt huet, an de Joel Nobre mat engem Kappballlob markéiert huet.

 

No der Paus ass Tricolore awer kal erwëscht ginn, wéi an der 48' Réimech duerch e Penalty verkirzt huet. An der 55' huet et dunn ërem am Gaaspërecher Goal geschellt, wéi op der rietser Säit de Ball erageflankt ginn ass, den David Spinelli glänzend paréiert huet, mee d'Tricolore Ofwier geschlof huet, a sou Réimech den 2:2

konnt schéissen.  An der 69' huet Réimech zum 3:2 eragesaat, wéi Tricolore Ofwier ërem geschlof huet. Tricolore war an der 2.Halschent no vir praktësch inexistent.

Réimech huet de Score verwalt, an Tricolore konnt keng Mëttelen fannen fir nach eppes ze räissen.

 

Tricolore  huet sech selwer geschwächt an hat an der 2.Halschent näischt entgéigen ze setzen.