Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,25.11.2007 14.30h : Tricolore - Steinsel 2:0 (1:0)
Wieder : kal, zäitweis Reen
Terrain : et geet
Zuschauer : 60
1:0 26' Schommer 
2:0 90' Da Silva
 
Opgrond vun de Goalchancen, huet Tricolore verdéngt mat 2:0 géint Steesel gewonn.
 
Béid Equipen hunn an deenen éischte 25' näischt gerass, an hunn sech neutraliséiert. Mat der éischter reeeller Goalchance ass
dunn och den 1:0 gefall : De Carlo Antonicelli konnt um Steeseler Strofraum de Ball behaapten an huet de Ball an de Laf vum
Steven Schommer gepasst, deen op der rietser Säit am Steeseler Strofraum locker zum 1:0 eragesat huet. Kuerz dueno hat den
Emanuele Chioato eng gutt Chance, mee de Steeseler Keeper huet paréiert. Dat war et dann och an der éischter Halschent vun
konkret geféierlëch Aktiounen. 
 
Direkt an der 2.Halschent hat Tricolore duerch de Steven Schommer 2 Riesechancen, wéi hien alleng op den Steeseler Goal
gezunn ass, mee béid mol huet hier verzunn. Steesel huet Tricolore no hanne gedrängt, an d'Lokalequip huet op Konter gelauert.
2 Mol koum Steesel geféierlëch op, eng Kéier konnt den David Spinelli nach just paréiren, an eng aner Kéier ass e Kappball vun
engem Steeseler Spiller knapp driwwer gaang. Steesel huet weider d'Spill gemaach, konnt awer keng geféierlech Aktioun méi 
verbuchen. An der leschter Minutt konnt de Sabrino Da Silva no engem 20m Schoss an den Eck nach den 2:0 erzielen.
 
D'Spill war an der 1.Halschent relativ schwaach, ass an der 2.Halschent besser ginn, an Tricolore huet fir déi 3 Punkte gekämpft.