Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich  - US Sandweiler 1:7 (0:2)

0:1 13', 0:2 31'

0:3 71', 0:4 80' (Penalty), 0:5 85', 0:6 87', 0:7 90', 1:7 92' Da Rocha

 

Wieder : staark bedeckt, frësch

Terrain : OK

Zuschauer : 80

 

 

 

 

Géint Sandweiler ass Tricolore mat 1:7 ënnergaang.

Tricolore huet an der 1.Period gutt matgehal an hat de Mätch relativ ënner Kontroll, mee leider sinn vir d'Chancen net verwert ginn, an hanne si Kadoen verdeelt ginn. An der 13' ass Sandweiler a Féierung gaang, wéi de Steve Wolff laangscht de Ball gegraff huet, an e Sandweiler Spiller "Merci" konnt soen, an de Ball an den eidele Goal geschiebt huet. Tricolore huet sech awer net beandrocke gelooss, an hat Sandweiler weider relativ gutt am Grëff an huet keng Goalchanchen zougelooss. Mee an der 31' huet Sandweiler trotzdem op 0:2 erhéischt, wéi fir ee Moment e Spiller fräi gelooss ginn ass, an deen aus 16m an de kuerzen Eck eragesat huet. Virun der Paus haten den Orlando Da Rocha, Joe Monteiro an Mike Ribeiro gutt Aschossméiglechkeeten, mee de Ball ass leider net am Netz geland.

Nom Säitewiesel huet Tricolore weider versicht no fir ze spillen, war méi offensiv, mee virum Sandweiler Goal war Tricolore ze onentschlossen. Och nom Platzverweis vum Michele Corallo huet Tricolore net opginn. Mee leider krut Sandweiler och den 0:3 geschenkt, wéi den Tricolore Keeper de Ball an d'Mëtt deegagéiert huet, e Sandweiler Spiller huet einfach mol aus 30m ofgezunn, de Steve Wolff huet de Ball falsch ageschetzt an statt langscht de Goal ass de Ball am Goal geland. Och wann Tricolore weider beméit war, huet Tricolore hannen d'Ofwierarbescht vernoléissegt an duerch Middegkeet a moralësch ugeschloe Tricolore Spiller konnt Sandweiler nach 4 Goaler an de leschten 10 Minutten schéissen. Den 1:7 konnt den Orlando Da Rocha erzielen, wéi hien an d'Lach geschéckt ginn ass an de Ball an den Eck gesat huet.

Brutal ass Tricolore bestroft ginn, entscheedent Geschenker sinn u Sandweiler verdeelt ginn. Mol net schlecht gespillt, ausser déi lescht 10 Minutten wou Tricolore kapituléiert huet.