Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich  - FC Una Strassen 0:0 

Wieder :  bedeckt, dueno Sonn, frësch

Terrain : bespillbar

Zuschauer : 70

 

 

 

 

E verdéngte Punkt huet Tricolore géint Stroossen erspillt.

Vun Ufank un war Tricolore konzentréiert an hat Stroossen net zur Entfaltung komme gelooss. Ab der Mëtt vun der 1.Halschent huet dunn awer Stroossen d'Commando méi iwwerholl, ouni awer geféierlech ze ginn. Tricolore hat an der 35' déi bescht Chance vun der 1.Halschent : no  engem laange Säitewiechsel vu lénks vum Edison Bardhi huet de Mike Ribeiro de Ball mam Kapp am Stroossener Strofraum opgeholl, mee den Stroossener Keeper Emmanuele Chioato huet de Ball paréiert an zum Korner ofgewiert. Den Amer Dautbasic hat och nach eng Chance per Fräistouss, mee säi Schoss ass knapp laangscht gaang. Kuerz virun der Paus huet Stroossen bal vun engem defensive Lapsus an der Tricolore Ofwier profitéiert, wéi de Keeper David Spinelli an d'Ofwier sech net eens gi sinn, mee schlussendlech konnt Tricolore de Ball klären.

Kuerz an der 2.Halschent hat Tricolore bal fir d'Féierung gesuergt, den Ferdy Ciufoli huet de Ball Richtung Stroossener Goal gekeppt, mee am Gewuels konnt e Stroossener Spiller in extremis klären. Stroossen huet dueno vill mat laange Bell operéiert, mee richteg Goalchancen sinn net dobäi erauskomm. Tricolore ass méi no hanne gedrengt ginn, mee 2X hat den Orlando Da Rocha d'Geleegenheet fir d'Lokalequip a Féierung ze bréngen. An de leschten 10 Minutten huet Stroossen nach méi Drock gemaach, an si haten eng Chance wéi e Spiller de Ball um 5m krut, mee d'Tricolore Ofwier konnt klären. Stroossen hat nach e puer geféierlech Situatiounen, mee konnten awer näischt dobäi erausschloen, sou dass trotz der Stroossener Dominanz kee Goal méi gefall ass.

E gerecht Resultat.Mat e wéineg méi Realismus hett Tricolore souguer kéinte wannen.