Spillbericht Senior 2 Championnat Freideg, 23.05.2008 20.00h : Brouch - Tricolore 2:2 (2:1)
Wieder : sonneg, gutt
Terrain : OK
Zuschauer : 40
0:1 10' Virgulino, 1:1 22', 2:1 45' 
2:2 83' Schanet
 
No 3 Nidderlagen a Serie, krut Tricolore mol ërem e Punkt. Déi éischt hallef Stonn war Bruch besser an hat méi vum Spill, dueno war
Tricolore kuerz besser, éier virun der Paus Bruch den 2:1 geschoss huet. An den zweete 45' huet Tricolore kloer dominéiert a praktesch
op ee Goal gespillt, huet awer just nach den 2:2 Ausgläich gepakt, no engem Schoss vum Steve Schanet aus 20m an de lénksen Eck.
 
Op der 3.Plaz schléisst d'2.Equip d'Saison also of, mat 33 Punkten. No engem gudde Start, an laang als Tabelleleader ass
d'Equip zum Schluss agebrach an bleiwt soumat weider an der 3. Klasse.