Spillbericht Senior 1 Championnat Freideg,09.05.2008 19.30h : Tricolore - Junglinster 3:0 (0:0)
Wieder : sonneg, waarm
Terrain : knubbeleg, stëpseg
Zuschauer : 70
 
1:0 52' Chioato (Penalty), 2:0 57' De Lemos, 3:0 80' Antonicelli
 
Engagéiert a konzentréiert ass Tricolore géint Jonglënster opgetrueden an huet verdéngt mat 3:0 gewonn.
 
Schon an der 4', hett e kënne schellen, wéi de Pietro Lombardini fräi virum Jonglënster Goal war, mee hien huet säi Schoss verzunn.
An der 13' ass de Carlo Antonicelli fräigespillt ginn, säi Schoss ass vum Lënster Keeper paréiert ginn. Weider offensiv Aktiounen si
vun der Lokalequip lancéiert ginn an Tricolore huet Jonglënster a Schwieregkeete bruecht. Duerch direkt Spill ass Tricolore geféierlech
opkomm. De Pietro Lombardini huet vir vill gewirbelt. An der 44' sollt dunn awer Jonglënster eng gutt Chance kréien, wéi e Spiller gekeppt huet,
de Steve Krier huet de Ball awer gutt paréiert. An der Nospillzäit vun der 1.Halschent, dunn nach eng Riesechance fir de Pietro Lombardini,
wéi hien, nodeems Jonglënster op Abseits gespillt huet, fräi virum Goal war, mee säi Lop iwert de Keeper ass langscht gaang.
 
Et ass ërem gutt ugaang an der 2.Period fir Tricolore, well an der 52' ass de Filipe De Lemos op lénks an de Jonglënster Strofraum gedrongen,
ass geluescht ginn, an de fellege Penalty ass sëcher vum Emanuele Chioato verwandelt ginn. 5' drop huet de Carlo Antonicelli vu riets op der 
Strofraumgrenz e Fräistouss an de Strofraum bruecht an um 2.Poto war de Filipe De Lemos fir zum 2:0 eranzesetzen. Jonglënster huet dueno
versicht erunzekommen, Tricolore stoung awer gutt, an huet ausser Fräistéiss aus geféierlechen Distanzen näischt zougelooss. Tricolore war
och weider geféierlech, an an der 80' huet sech de Pietro Lombardini op riets gutt duerchgetankt, huet op de Carlo Antonicelli gepasst, an de
Goalgetter huet vum 16m an de Goal gesat, wat och gläichbedeitend mam Endresultat soll sinn.
 
Gutt Leeschtung, TipTop. Jonglënster wollt zwar och wannen, Tricolore war awer méi geféierlech.