Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - FC Münsbach 1:4 (1:2)

1:0 2' Curioso (Penalty), 1:1 4', 1:2 35'

1:3 59', 1:4 89'

 

Wieder : staark bedeckt, frësch

Terrain : OK

Zuschauer : 80

 

 

 

 

Géint Mënsbech huet Tricolore verdéngt verluer.

Et ass awer gutt ugaang fir d'Lokalequip, an der 1' ass den Orlando da Rocha am Mënsbecher Strofraum geluescht ginn, an de fellegen Elefmeeter huet den Tun Curioso sëcher verwandelt. Schon an der 4' ass den Ausgläich gefall, e Mënsbecher Spiller ass fräi am Tricolore Strofraum zum Schoss komm an hien huet eragesat. Dueno war vill Leerlauf ugesot ob bäide Säiten, Goalchancen ware keng do. Duerch eng Rei vu Feeler am Tricolore Camp, huet Mënsbech den 2:1 an der 35' markéiert. Virun der Paus huet Tricolore nach eng Kéier d'Ruder iwwerhol, mee et ass näischt méi konkretes erauskomm.

An der 2.Halschent war Tricolore total out. Keng Goalchance, an trotz Beméihen war Mënsbech einfach méi séier. Mënsbech hat net vill, mee e puer Goalchancen. An der 59' huet Mënsbech den 3:1 geschoss, an der 89' de 4:1 duerch e Sonndesschoss. Tricolore huet villes vermësse gelooss fir an der 2.Halschent nach eng Kéier erunzekommen.

Insgesammt ganz schwaach Virstellung vun Tricolore.