Sonndeg, den 01.10.2006 Championnatsmätch Senior 1 :

FC Tricolore Gasperich  - FC Amis des Sports Luxembourg 2:1 (1:1) 

1:0 15' Acquistapace, 1:1 25'

2:1 90' (+1') Mambu

An engem Kampf a Krampf gepreegte Spill konnt sech Tricolore géint de Fëschmaart duerchsetzen. De Mätch war duerch vill Fouls ëmmer ërem ënnerbrach ginn, sou dass och genug Kaarte verdeelt gi sinn. 

An der éischter halwer Stonn war den ASL spillbestëmment ouni awer richteg geféierlech ze ginn. Tricolore huet an der Phase ze vill reeagéiert. E Paukeschlag dunn awer an der 15' : mat enger gudder Aktioun ass Tricolore a Féierung gaang, wéi de Laurent Acquistapace schéi fräigespillt ginn ass an zum 1:0 eragesat huet. AS Lëtzebuerg huet awer schon an der 25' ausgeglach no engem direkte Fräistouss. Ab der 30' huet dunn Tricolore endlesch d'Heft an d'Hand gehol an d'ASL dominéiert, woubäi an der Period Tricolore eng Riesechanche hat, mee de Laurent Acquistapace huet alleng virum Goal kleeglech versot. 

No der Paus huet Tricolore weider d'Initiative ergraf an huet d'AS Lëtzebuerg no hanne gedrengt. Tricolore war offensiv geféierlech. No der Giel-Rouder Kaart fir AS Lëtzebuerg an der 60', war Tricolore mat 11 géint 10 awer e bee mol ageschlof an huet dem Géigner erem d'Spill iwerlooss. Dunn huet et och bal geschellt am Tricolore Goal, wéi am Strofraum e Ball ënnerlaf guef, an en ASL Spiller fräi zum Schoss komm ass, mee den David Spinelli huet paréiert. An der Schlussphase ass Tricolore dunn ërem opgewescht a konnt glécklëscherweis an der Nospillzäit den 2:1 erzielen.

Dem Zuschauer war kee Leckerbissen preesentéiert ginn, mee den Asaatz huet gestëmmt, an Tricolore huet och emol eng Kéier d'Gléck op sénger Säit gehat.     

 

Tricolore - AS Luxembourg Opstellung