De Futtballveräin  FC Tricolore Gasperich sicht motivéiert Spiller(innen) , Hëllefen déi sportlech an/oder charakterlech dem Veräin weiderhëllefen.

 

Intro :

Den FC Tricolore Gasperich huet wéi munch aner Veräiner net de Geldschësser, sou dass een als klenge Veräin muss kucken fir Spiller(innen) oder Hëllefen ze fannen, déi zum Veräin passen an déi de Veräin weiderentwéckelen. Ween aus dem Futtball nëmmen wëllt Suen erauszéien, deen ass besser bei engem anere Veräin opgehuewen.

 

Also wanns du motivéiert bas an engem klenge, familiäre Veräin, Fussball ze spillen oder Hëllef unzebieden, fills du dech staark genug fir de Veräin weiderzebréngen, da bass du villäicht gutt beim FC Tricolore opgehouwen.

 

Hei ass eng kuerz (ideal) Profilbeschreiwung :

 

Futtballspiller(innen) :

- Motivéiert sinn fir besser Resultater ze ereechen

- akzeptabele Charakter hunn

- akzeptéiren dass een och emol aus taktëschen oder sportlëchen Grënn kann eweg gelooss ginn ( staark Spiller setzen sech       souwiesou ëmmer duerch)

- keng Problemer hunn sech an enger Grupp ze inteegréiren

- Präsenz weisen um Training

- Präsenz weisen no engem Mätch (gewonn oder verluer) oder op de verschiddene  

  Manifestatiounen vum Veräin

etc…

 

Hëllefen :

- Motivéiert sinn fir besser Resultater ze ereechen

- akzeptabele Charakter hunn

- keng Problemer hunn sech an enger Grupp ze inteegréiren

- Präsenz weisen no engem Mätch (gewonn oder verluer) oder op de verschiddene 

  Manifestatiounen vum Veräin

 

 

 

Als Géigeleeschtung bidd den FC Tricolore natiirlech och Saachen un, dat ass jo kloer. Den FC Tricolore ass eng gutt Grupp, a wann ee matmëcht, da kann ee vill Freed hunn. Natiirlech muss dat jiddfereen fir sech selwer erausfannen. Nei Ideen wéi eppes besser ka gemaach ginn, sinn natiirlech och wëlkomm.

 

 

Wann een eventuell Interesse weist, beim Tricolore matzemaachen, dee kann sech bei engem Comitésmember oder Trainer mellen (Detailer ënner der Rubrik CONTACTS).

 

 

Comité FC Tricolore Gasperich