Spillbericht Senior 1 Championnat Mëttwoch,12.03.2008 19.45h : Tricolore - Bous 0:1 (0:0)
Wieder : liicht bedeckt, Loft, kal
Terrain : bespillbar
Zuschauer : 20
 
0:1 61' 
 
Géint Bous ass eng Nidderlag akasséiert ginn.
 
Am éischten Abschnitt war de Mätch mau, a sou sinn d'Féiss fir déi wéineg Leit kal ginn. Wéineg Aktiounen firum Goal an net eng 
echt Goalchance, Bous war méi vibbeleg, dorfir huet Tricolore e puer Schëss ofgelooss, awer näischt konkretes.
 
No der Paus war et praktesch dat nemlecht Bild : Kampf a Krampf, an awer huet Bous de goldene Goal an der 61' geschoss :
No engem Aworf op der lénkser Säit ass de Ball erageflankt ginn, an um 2.Poto konnt e Buser Spiller fräi erakeppen. Bus huet
sech dueno nach méi zréckgezunn. Tricolore hat dunn eng Riesechance, wéi de Carlo Antonicelli de Pietro Lombardini fräi gespillt
huet, mee säi Schoss konnt de Goalie paréiren. An der 76' ass de Filipe de Lemos am Buser Strofraum geluescht ginn, an de fellege
Penalty vum Steven Schommer huet de Buser Keeper ouni Problemer gehal. Obwohl Tricolore nach versicht huet den Ausgläich ze
fannen, war näischt méi gaangen.
 
Fazit : 2 Equipen op gläichem Niveau, Bus gewonn, Tricolore soll och mol kucken wat ënne lass ass!