Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 12.11.2014 19.40h : FC The Belval Belvaux - FC Tricolore Gasperich 3:1 (1:1)

1:0 38' Belvaux, 1:1 40' Camara Nouhoun

2:1 52' Belvaux (Penalty), 3:1 83' Belvaux

Giel-Rout Spiller Belvaux 66'

 

Wieder : bedeckt, bësse Niwwel, +- 8°

Terrain : syntheetesch

Zuschauer : 60

 

 

 

 

 

 

 

Eng weider onglécklech Nidderlag kasséiert Tricolore zu Bieles. De Negativlaf geet weider : 7.Nidderlag a Serie. Tricolore war Bieles eebebürteg. No Chanchen op béide Säiten, huet Bieles per Fräistouss den 1:0 erzielt. 2' drop huet Tricolore ausgeglach, no engem Korner ass de Ball op de Poto geland, an den Abstauber konnt de Camara Nouhoun zum 1:1 verwerten. An der 52' krut Bieles en onberechtege Penalty zougesprach a Bieles huet den 2:1 geschoss. Tricolore huet net opginn a versicht auszegläichen, mee och mat 11-10 sollt et net geleengen, a sou huet Bieles duerch e Konter nach op 3:1 erhéischt. Krass wat fir een Opwand Tricolore an de Mätcher bedreift ouni belount ze ginn.