Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - Union Sportive Esch/Alzette 3:5 (2:2)

1:0 1' Lombardini, 1:1 9', 2:1 41' Lombardini, 2:2 44' 

3:2 70' Lombardini, 3:3 79', 3:4 88', 3:5 90' (Selbstgoal)

 

Wieder : liicht bedeckt, +- 8°

Terrain : bespillbar

Zuschauer : 40

 

 

 

Trotz spillerëscher Iwwerleeënheet huet Tricolore géint d'US Esch verluer.

Schon no +- 40'' ass de Pietro Lombardini an d'Lach geschéckt ginn an hien huet locker den 1:0 geschoss. Awer schon an der 9' huet d'US Esch den 1:1 markéiert, den Antonio Virgulino krut am Strofraum de Ball op d'Hand, Penalty fir d'US Esch a Goal. Tricolore huet weider no vir gespillt an huet d'US Esch net zur Entfaltung komme gelooss. Tricolore hat puer Goalchancen. An der 41' huet d'Lokalequip verdéngt den 2:1 geschoss, den Amer Dautbasic ass op lénks lancéiert ginn, hien huet an d'Mëtt geflankt an de Pietro Lombardini huet aus 5m de Ball eragesat. Nëmmen 3' méi spéit hat d'US Esch Tricolore awer erëm kal erwëscht, e laange Ball an d'Déift, Tricolore Ofwier ass iwwerlaf ginn an den US Esch Spiller huet ausgeglach.

No der Paus huet dunn d'US Esch fir eng kuerz Zäit de Mätch dominéiert, Tricolore war awer hannen op Zack. No +- 60' krut dunn Tricolore erëm Uewerwaasser, mee leider ass de Joscelino Silva an der 65' ongerechterweis an d'Kabine geschéckt ginn, e Spiller vun der US Esch huet de Joscelino Silva mam Kierper aus dem Feld gedréckt, dorobshinn soll den Tricolore Spiller nogerannt hunn ???, duerch Beaflossung vun dem US Esch Spiller huet de Linierichter de Fendel gehuewen an et war passéiert. Den US Esch Spiller, dee falsch gespillt huet krut näischt ???. Tricolore huet awer och mat 10 Mann weider no vir gespillt, an an der 70' huet e Spiller vun der US Esch de Ball am Strofraum op d'Hand krut, Penalty, deen de Pietro Lombardini secher verwandelt huet. Leider ass dunn awer an der 79' den 3:3 gefall, en US Esch Spiller ass an d'Déift geschéckt ginn, 2 Spiller vun Tricolore koumen net no, de Steve Krier kënnt eraus a get gelopt. 1' drop ass de Filipe De Lemos nees ëmgeméit ginn, aus Frust huet hien dem US Esch Spiller eng geklackt, no der Regel Rout. Och mat 9 Mann huet Tricolore versicht nach de Mätch ze wannen, mee leider huet d'US Esch mat 11 géint 9 um Enn nach gewonnen.

E Mätch deen Tricolore hett kéinte wannen. Mee aus Disziplinmangel ass de Mätch verluer gaangen. Leider war deen Owend villes fir Tricolore schiefgaangen. Wanns de ganz ënne stees, dann ass et wéi verhext. Och wann et düster ausgesäit muss Tricolore weider kämpfen.