Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich  - Club Sportif Sanem 2:0 (1:0)

1:0 19' Da Rocha

2:0 73' Soares

 

Wieder : liicht bedeckt, +- 15°

Terrain : bespillbar

Zuschauer : 50

 

 

 

 

An engem mässege Mätch huet Tricolore 2:0 géint Suessem gewonn.

An der éischter Véirelstonn war Suessem besser an d'Gescht hette kënnen an der 10' a Féierung goen, wéi e Spiller fräi zum Kappball komm ass, mee den David Spinelli huet de Ball nach via Poto ofgewiert. 5' drop huet den David Spinelli ërem missen um Poste sinn fir de Ball an de Korner ofzewieren. Mat der éischter Goalchance fir d'Lokalequip ass dunn awer Tricolore an der 19' a Féierung gaang : de Mike Ribeiro ass fräigespillt ginn, hien huet d'Suessemer Ofwier ausgespillt an dem Orlando Da Rocha de Ball opgeluescht, an hien huet just missen de Ball an den eidele Goal schéissen. Dueno ass de Mätch awer net besser ginn, d'Lokalequip hat Problemer de Mätch an de Grëff ze kréien. Op béide Säite war vill Leerlauf a sou ass et mat dem 1:0 an d'Kabine gaang.

No der Paus ass Tricolore besser an de Mätch komm, Suessem huet hannen méi opgemaach fir den Drock ze erhéigen a sou hat Tricolore gutt Konterchancen. An der 2.Halschent war d'Spill zwar net besser, mee Tricolore hat hannen näischt méi ubrenne gelooss. Den 2:0 ass dunn an der 73' gefall, wéi de Mike Ribeiro ? (Sorry wann dat elo en anere Spiller war) op riets duerchgaang ass a seng Flank huet den André Soares um 2.Poto verwert. Dueno hat de Mike Ribeiro eng Riesechance fir op 3:0 ze erhéigen, mee hien ass um Suessemer Keeper henke bliwwen.

Dat war einfach e Kampfspill, woubäi Tricolore d'Réussite op senger Säit hat.