Sonndeg, den 05.11.2006 14.40h Championnatsmätch Senior 1 :

FC Syra Mensdorf  - FC Tricolore Gasperich 2:1 (1:0) 

1:0 24', 1:1 57' Baur, 2:1 87'

De Mätch zwëschen Mensdorf an Tricolore ass vun engem Langweiler zu engem ereignissvolle Spill mutéiert. Déi éischt Halschent war net vill lass, déi 2 Equipen hunn sech zimlech neutraliséiert. Geféierlech Situatiounen virun de Goaler ware rar. An der 24' huet et awer geschellt, no engem Pass vu Mensdorf ass e Spiller fräi zum Schoss komm an huet am Tricolore Strofraum zum 1:0 eragesat.  An der 2.Halschent kruten d'Leit da méi gebouden. An der 56' war de Filipe De Lemos fräi am Mensdorfer Strofraum ugespillt ginn, mee hie wollt an d'Mëtt passen antschat  ze schéissen : Chance vertan. Eng Minutt méi spéit huet Tricolore dunn ausgeglach : Den Arnaud Andoque spillt vun der Mëttellinn den Dan Baur fräi, an hien schiebt cool zum 1:1 eran. Den Dan Baur war an der 59' dunn ërem am Mensdorfer Strofraum preesent, mee séi Schoss konnt de Keeper halen. Tricolore huet an der Phase Uewerwaaser krut. Mee leider war an der Ofwier och keng Ordnung, an der 66' sinn 2 Spiller vu Mensdorf am Strofraum fräi gewiescht, awer kee konnt de Ball verwerten. An der 67' huet et dunn bal op der anerer Säit gebimmelt, mee no enger Standardsituatioun sinn Tricolore Spiller fräi langschtgeflunn. Dueno ass Mensdorf besser an d'Spill komm. Schock fir Tricolore an der 76' : De Michele Corallo wëllt e Fräistouss fir Mensdorf ënnerbannen, kritt Giel a klappt an d'Henn a krit Giel-Rout. No enger Flank op d'riets Säit ass dunn e Mensdorfer Spiller am Tricolore Strofraum fräi zum Schoss komm an huet an der 87' zum 2:1 eragesat. An der 89' déi nächts Opreegung : De Keeper vu Mensdorf leet en Tricolore Spiller ausserhalb dem Strofraum, mee krit just Giel. Komësch : De Mino Tria, deen just era komm ass krit no engem Foul op der Säitelinn Rout. ???. 

Tricolore Equip