Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - Udinesina Flaxweiler/Beyren 1:0 (1:0)

1:0 16' Ribeiro

 

Wieder : sonneg, +- 17°

Terrain : bespillbar, stëppseg

Zuschauer : 80

 

 

 

Duerch eng engagéiert a konzentréiert Leeschtung huet Tricolore verdéngt géint Fluessweiler/Beyren gewonn.

Déi éischt Minutten hunn de Gescht gehéiert an Tricolore ass ënner Drock gesat ginn, d'Lokalequip huet awer hannen näischt ubrenne gelooss. Dueno huet Tricolore de Respekt géint e korbulente Géigner ofgeluescht an huet dogéintgehalen. An der 16' ass dunn och de goldene Goal gefall, den Denis Rizvani huet sech iwwer riets duerchgesat, seng Flank koum schéin op den 2.Poto, an de Mike Ribeiro huet mam Kapp eragesat. Tricolore hat de Mätch dueno ënner Kontroll. Et war vill Asaatz am Spill op béide Säiten, Goalchancen waren awer rar.

Fluessweiler/Beyren huet direkt an der 2.Halschent d'Spill nees dominéiert, ouni awer geféierlech ze ginn. Tricolore hat de Mätch weider am Grëff an huet duerch gutt Kombinatiounen versicht op Konter hinn, den zweete Goal ze schéissen. De Steve Krier huet missen eng Kéier no engem Fräistouss paréiren.  An der Schlussphase hat dunn Tricolore 3 Riesechanchen fir de Mätch ze entscheeden, mee leider sinn d'Goalchancen vermasselt ginn. An der Nospillzäit hat dunn och nach Fluessweiler/Beyren eng gutt Goalchance, mee de Spiller huet driwwer gesat.

Tricolore huet staark gespillt géint eng robust Equip vu Fluessweiler/Beyren. D'Equip huet 100% Asaatz gewissen. E gudde Mätch vun Tricolore.