Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 03.10.2012 19.30h : FC Tricolore Gasperich - Union Mertert-Wasserbillig 1:6 (1:2)

0:1 31', 0:2 39, 1:2 43' Nuno De Almeida

1:3 66', 1:4 69, 1:5 82, 1:6 83'

 

 

Wieder : Reen, +- 10°

Terrain : OK     

Zuschauer : 60

 

 

 

 

Géint Mertert-Wasserbëlleg geet Tricolore mat 1:6 ënner.

Tricolore huet an der Ufanksphase gutt gespillt an huet Mertert-Wasserbëlleg net an d'Spill komme gelooss. Eng Riesechance hat dunn och den Orlando Da Rocha, mee hien huet am MW Strofraum de Ball verzunn. Mat der 1.Goalchance ass dunn awer Mertert-Wasserbëlleg a Féierung gaangen, e Spiller huet aus 20m ofgezunn, de Ball ass vun der Lat ofgeklatscht, an vun do huet en aneren Spiller vun MW de Ball schéin aus 20m an den Eck gesat. Och déi 2.Goalchanche huet Mertert-Wasserbëlleg direkt genotzt, no engem defensiven Lapsus vun Tricolore. An der 43' huet den Nuno De Almeida Tricolore nees an d'Spill bruecht wéi hien e schéine Sololaf zum 1:2 ofgeschloss huet.

No der Paus huet Tricolore de Mätch an de Grëff geholl a wollt ausgläichen, mee am leschte Moment hunn d'Ideeën gefeelt. No +- 60' huet sech Tricolore zevill krass Ofspillfeeler erlabt, an esou huet Mertert-Wasserbëlleg d'Lokalequip gutt ausgekontert. Tricolore war net méi op der Héischt an huet nach 4 Goaler an der 2.Halschent kasséiert.

Dee Mätch soll een einfach ofhaken, et ass villes an der 2.Halschent schifgelaf, einfach weider schaffen, d'Moral ass do.