Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Jeunesse Junglinster - FC Tricolore Gasperich 0:4 (0:1)

0:1 37' Da Rocha

0:2 47' Ribeiro, 0:3 66' Lombardini, 0:4 67' Ribeiro

 

Wieder : liicht bedeckt, +- 20°

Terrain : super

Zuschauer : 60

 

 

 

 

No Ufangsschwieregkeeten, huet Tricolore de Mätch dominéiert a verdéngt gewonn.

Am Ufank war Jonglënster méi geféierlech an hat och déi eng oder aner Aschosschance. No ongeféier 30 Minutten, huet Tricolore dunn awer de Mätch dominéiert. An der 37' ass den 0:1 gefall, no enger super Kombinatioun, huet de Pietro Lombardini dem Orlando Da Rocha de Ball gepasst, an hien huet am Strofraum mat der Spëtz eragesat. Dueno hat Tricolore virun der Paus nach Riesechancen fir weider Goaler ze schéissen, et ass awer beim 0:1 bis zur Paus bliwwen.

An der 47' ass de Mike Ribeiro fräigespillt ginn an hien huet de Keeper iwerwonnen. Tricolore hat de Mätch am Grëff. An der 66' huet de Pietro Lombardini no enger Flank vum Mike Ribeiro den 3:0 eragekeppt. 1' drop huet de Mike Ribeiro säin 2. perséinleche Goal geschoss. Tricolore war no vir weider geféierlech. Hannen ass näischt méi ugebrannt.

Op engem super Terrain huet Tricolore deelweis schéine Kombinatiounsfuttball gebueden, an huet och gekämpft. Super Leeschtung.