Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 15.03.2015 16.00h : FC Tricolore Gasperich - FC Jeunesse Biwer 3:1 (0:0)

0:1 50' Biwer (Penalty), 1:1 65' Amilton Jesus (Penalty), 2:1 76' Luis Romao, 3:1 88' Thomas Breyer

 

Wieder : bedeckt, kal, +- 5°

Terrain : bespillbar

Zuschauer : 30

 

 

 

 

 

 

 

Duerch eng disziplinéiert an engagéiert Leeschtung gewënnt Tricolore mat 3:1 géint Biwer. Endlech huet Tricolore mol nees gewonnen.

An der 1.Halschent ware Goalchancen rar, Tricolore hat nach déi bescht, mee dem Amilton Jesus säi fulminante Schoss ass just op de Querbalken gaang. Béid Equipen hunn sech neutraliséiert.

No der Paus ass dunn Tricolore kal erwëscht ginn, wéi no engem Zusammeprall am Tricolore Strofraum Biwer e Penalty zougespraach krut, a Biwer de Penalty zur 1:0 Féierung verwandelt huet. Tricolore huet de Kapp awer net henke gelooss, an an der 65' ass de Jérôme Quiqueret am Biwer Strofraum ëmgestouss ginn, de fellege Penalty huet den Amilton Jesus zum 1:1 verwandelt. An der 76' huet de Luis Romao vu lénks ofgezunn an de Ball huet sech via lénkse Poto an de rietse Goaleck zur 2:1 Féierung fir Tricolore gesenkt. Tricolore huet Biwer kontrolléiert an den Thomas Breyer huet per Konter de Biwer Keeper iwwerlobt an de Score op 3:1 erhéischt.