Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Schifflange '95 - FC Tricolore Gasperich 4:3 (1:2)

1:0 16', 1:1 17' Lombardini, 1:2 26' Da Rocha

2:2 55', 2:3 65' Da Rocha, 3:3 76', 4:3 79'

 

Wieder : bedeckt, +- 15°

Terrain : OK

Zuschauer : 70

 

 

 

 

Schëffléng huet net onverdéngt géint Tricolore duerch eng Energieleeschtung gewonn.

Vum Start un, huet Schëffléng Drock gemaach. Schëffléng hat de Bëss an huet an der 16' den 1:0 geschoss, nodeems e Schëfflénger Stiermer sech duerchgesat huet. +- 30'' drop huet de Pietro Lombardini den Ausgläich besuergt no engem Pass vum Tun Curioso. Tricolore hat dueno Uewerwaasser an huet och de bessere Futtball gespillt. An der 26' huet de Pietro Lombardini den Orlando Da Rocha bedéngt, an hien huet den 2:1 geschoss. Tricolore hat nach weider Chancen virun der Paus fir de Score auszebauen, leider si se net genotzt ginn. Schëffléng huet weider no vir gespillt, Tricolore huet awer näischt méi ubrenne gelooss.

An der 50' hat de Mino Tria den 3:1 um Fouss, mee säi Schoss ass nach vum Goalie virun der Linn ofgewiert ginn.  An der 55' huet d'Lokalequip den 2:2 geschoss, wéi Schëffléng d'Tricolore Ofwier al ausgesi looss huet. Schëffléng huet weider no vir gespillt, ouni awer wirklech geféierlech ze ginn. Tricolore op der anerer Säit ass och méi roueg ginn, an sou ass den 3:2 duerch e "Comedy-Feeler" passéiert, e wäite Ball no vir ass iwert de Schëfflénger Goalie geland, an den Orlando Da Rocha huet just bräichten anzeschieben. Schëffléng huet awer net opginn, an d'Tricolore Ofwierverhalen war mega schlecht. Esou sinn nach 2 Goaler fir Schëffléng gefall, woubäi ee Spiller d'Tricolore Ofwier wéi Slalomstaangen iwerspillt huet. Tricolore hat näischt méi entgéint ze setzen, a sou huet den Emanuele Chioato am Tricolore Goal nach misse Parade maachen fir d'Spill nach spannend ze halen.

Tricolore hat zumols an der 1.Halschent gudde Fussball gebueden, mee d'Moral op der Schëfflénger Säit war entscheedent.