Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 05.09.2012 19.30h : FC Tricolore Gasperich - Football Club Ehlerange 4:0 (2:0)

1:0 12' Nuno De Almeida, 2:0 24' Erdovan Sali

3:0 73' Carlo Antonicelli, 4:0 81 Rafael Andrade

 

 

Wieder : liicht bedeckt, +- 15°

Terrain : OK     

Zuschauer : 40

 

 

 

 

Am éischte Championnatsmätch fir d'Saison 2012-2013 klappt Tricolore Éilereng mat 4:0.

Während 5' hat Tricolore puer Problemer, dueno huet Tricolore de Mätch duerch gutt Kombinatiounen an de Grëff krut. Den Erdovan Sali ass an der Ufanksphase um Steve Krier am Éilerenger Goal henkebliwwen. No 12' huet Tricolore awer den 1:0 geschoss, no gudden 1-2 Kombinatiounen konnt schlussendlech den Nuno De Almeida zum 1:0 erasetzen. An der 24' huet den Orlando Da Rocha den Erdovan Sali op riets geschéckt an hien huet de Ball an de laangen Eck zum 2:0 eragesat. Dueno war d'Spill ausgeglach, Tricolore stoung awer relativ sëcher an der Ofwier.

Direkt no der Paus hat Éilereng eng Riesechance fir op 2:1 erunzekommen, mee de Spiller huet vu riets alleng just d'Aussenetz getraff. Éilereng huet weider Drock gemaach, an Tricolore ass no hanne gedrängt ginn. No +- 60' huet d'Lokalequip sech nees aus der Umklammerung vun Éilereng befreit, an hat Konterchancen. An der 73' ass den Nuno De Almeida duerchgaangen, hien huet an d'Mëtt gepasst, an de Carlo Antonicelli huet aus 5m de Ball erageschiebt. Eng weider Konterchance huet Tricolore an der 81' genotzt, wéi de Rafael Andrade per Kappball zum 4:0 eragesat huet.

E gudde Start fir Tricolore am Championnat.