Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 03.11.2013 16.00h : FC Syra Mensdorf - FC Tricolore Gasperich 1:4 (1:1)

1:0 34' (Mensdorf), 1:1 37' Toy Virgulino

1:2 63' Toy Virgulino, 1:3 83' Thomas Breyer, 1:4 88' Paolo Bianco

 

 

Wieder : staark bedeckt, Reen, Wand, +-7°

Terrain : gutt

Zuschauer : 60

 

 

 

 

An der 1.Halschent hat Menster liicht Iwwergewiicht am Spillopbau, Goalchancen waren awer rar. An der 34' ass d'Lokalequip a Féierung gaang, no engem Gewulls am Strofraum, krut Tricolore de Ball net eweg, an e Menster Spiller hat d'Lescht Wuert, an huet den 1:0 geschoss. 3' drop huet de Sven Haag de Ball ofgeschloen, de Ball ass duerch déi vill Loft ëmmer méi laang ginn, den Toy Virgulino krut de Ball op lénks an huet fräi zum 1:1 eragesat. Déi 2.Halschent huet Tricolore total dominéiert. An der 62' krut e Menster Spiller d'Giel-Rout Kaart gewissen. Den Tun Curioso huet de Fräistouss ausgefouert, an den Toy Virgulino huet um 2.Poto den 2:1 markéiert. Bei Menster war d'Moral gebrach an Tricolore huet sech weider Riesechanchen erausgespillt, an der Schlussphase hunn den Thomas Breyer an de Paolo Bianco nach op 4:1 erhéigt.