Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,20.05.2007 16.00h : Union Sportive Bous - Tricolore 0:4 (0:2)
Wieder : dompëg, vill Pollen
Terrain : vill Gras, mee knubbëleg
Zuschauer : 60
0:1 24' Corallo, 0:2 25' Ciufoli
0:3 65' Tria, 0:4 77' Baur 
 
Tricolore huet verdéngt zu Bous gewonn an dobäi masseweis Goalchancen ausgelooss.  
 
D'Lëscht vun den Tricolore Goalchancen ass ze grouss opzezielen. Tricolore het locker iwwer 10 Goaler kéinte schéissen.
Tricolore huet de Mätch dominéiert an Bous huet reeagéiert, mee konnt selwer puer Chancen opweisen mee de Steve Krier
am Tricolore Goal huet gudd paréiert. Säi Kontrahent, de Bouser Keeper huet sech och puer mol ausgezeechnet fir séng
Këscht proper ze halen.  
 
Den Antonio Curioso huet säi leschte Mätch an dëser Saison gespillt, de Ferdy Ciufoli huet mam Kapp markéiert an d'Equip
huet nom Mätch nach een, zwee, dräi... zesumme gedrong.