Spillbericht Coupe de Luxembourg Senior 1 31.08.2014 16.07h : FC Tricolore Gasperich - FC Munsbach 1:13 (0:8)

0:1 5' Munsbach, 0:2 13' Munsbach, 0:3 17' Munsbach, 0:4 24' Munsbach, 0:5 29' Munsbach, 0:6 30' Munsbach, 0:7 38' Munsbach

0:9 48' Munsbach, 1:9 72' Lombardini, 1:10 77' Munsbach, 1:11 83' Munsbach, 1:12 85' Munsbach, 1:13 87' Munsbach 

Giel-Rout Kaart 74' Amilton Jesus

 

Wieder : staarke Reen mat deelweis Opklärungen

Terrain : duerch de Reen déif a voller Waasser

Zuschauer : 30

 

 

 

 

 

 

Fir d'4.Kéier a Folg flit Tricolore an der 1.Ronn vun der Coupe de Luxembourg eraus, fir d'2.Kéier noeneen géint Mënsbech. Nom 3:4 géint Mënbech d'lescht Saison huet Tricolore awer dës Kéier mat 1:13 en totalen Debakel erliewt. Tricolore war géint déi kombinéierstaark Mënsbecher Equip vun alle gudde Geeschter verlooss an huet e katastrophaalt Ofwierverhalen gewissen. Dobäi sinn och nach 3 Spiller virun der Paus schwéier verletzt ausgewieselt ginn, an der 12' de Michele Corallo duerch Knéibeschwerden, an der 16' de Michel Dioh deen op d'Schëller gefall ass, an an der 31' de Rafael Andrade, dee warscheinlech eng méi schlëmm Muskelverletzung erlidden huet. De Michel Dioh an de Rafael Andrade si mat der Ambulance ofgeholl ginn.  

Trotzdem dierf een sech esou als Equip net présentéiren.