Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : Sporting-Club Bettembourg  - FC Tricolore Gasperich 2:2 (0:2)

0:1 18' Da Rocha, 0:2 37' Soares

1:2 58' Bettembourg (Penalty), 2:2 67' Bettembourg

 

Wieder : bedeckt, +-20°

Terrain : gutt

Zuschauer : 100

 

 

 

 

Eng gutt Leeschtung huet Tricolore zu Beetebuerg gewissen.

Beetebuerg wollt wannen an huet doduerch direkt attakéiert, ouni awer geféirlech ze ginn. Tricolore hat Plaz fir op Konter ze spillen an huet vir gutt kombinéiert. An der 18' huet Tricolore dunn och duerch eng gudd Kombinatioun den 1:0 geschoss, den Orlando Da Rocha huet an der Mëtt vum Beetebuerger Strofraum just de Ball missen iwwer d'Linn drécken. Dueno hat den Orlando Da Rocha eng Riesechance fir e weidere Goal ze schéissen, hien huet d'Beetebuerger Ofwier iwwerspillt, mee säi Schoss ass op der Goallinn ofgewiert ginn. Dunn hat awer och Beetebuerg eng Riesechance, mee de Goalgetter krut de Ball aus kuerzer Distanz net ënnerbruecht. An der 37' huet Tricolore den 2.Goal geschoss, den Orlando Da Rocha huet den André Soares fräigespillt, an hien hat keng Problemer fir de Ball an d'Maschen ze setzen.

No der Paus war Tricolore zunächst schléifereg, an de Beetebuerger Goalgetter "Olli" hat ërem eng Riesechance. An der 55' krut de Joscelino Silva eng giel Kaart a well en nach geflucht huet krut en direkt drop Giel-Rout. An der 58' war et ee Kontakt zwëschen dem Kapitän Ferdy Ciufoli an dem Beetebuerger Spiller "Olli" am Tricolore Strofraum ginn, an den Arbiter huet op de Punkt gewissen, de Penalty ass locker verwandelt ginn. An der 59' krut dunn och nach de Fernand Federspiel Giel-Rout nodeems en den Arbiter béiss ugekuckt huet (komesch). Mat 9 Mann war et natirlech schwéier a sou hat Beetebuerg vill Plaz. An der 67' huet d'Lokalequip dunn och den 2:2 geschoss. Tricolore huet awer och mat 9 Mann gutt matgehal. Beetebuerg war natiirlech dunn iwwerleeën, mee d'Tricolore Ofwier huet näischt méi ubrenne gelooss. Souguer no vir hat Tricolore nach Goalchancen.

Tricolore huet gutt gespillt.