Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - Football Club Ehlerange 5:3 (2:0)

1:0 16' Silva, 2:0 42' Da Rocha

2:1 55' (Penalty), 2:2 66' Andoque (Selbstgoal), 3:2 70' Dautbasic (Penalty), 3:3 83', 4:3 87' Soares, 5:3 90' (+1') Soares

 

Wieder : bedeckt, +- 15°

Terrain : knubbëleg an drëschen

Zuschauer : 40

 

 

 

 

Géint Éilereng huet Tricolore wichteg 3 Punkte krut.

Zunächst war et offensiv roueg op bäide Säiten. An der 16' huet den Amer Dautbasic e Korner vu lénks an de Strofraum bruecht, an de Joscelino Silva huet de Ball ënnert d'Latt an eran gekeppt. Tricolore war weider um Drécker, vun Éilereng war kaum eppes ze gesinn. An der 42' ass dunn den 2:0 gefall, de Kapitän Ferdy Ciufoli huet den Antonio Virgulino op riets an d'Lach geschéckt a seng gudd Flank huet den Orlando Da Rocha um 2.Poto secher eragesat.

Nom Pausentéi huet Éilereng d'Offensiv verstärkt, an Tricolore hat hanne Problemer. Nodeems en Éilerenger Spiller am Strofraum geluescht ginn ass, huet d'Auswärtsequip op 2:1 verkiertzt. No vir huet Tricolore de ville Raum net genug genotzt. An der 66' huet Tricolore och nach e Selbstgoal geschoss, no engem Mëssverständnis an der Ofwier. D'Spill war elo total op, a béid Equipen wollte wannen. An der 70' ass de Ferdy Ciufoli op riets alleng duerchgaang, huet an d'Mëtt geflankt, an den Amer Dautbasic ass um Schoss gehënnert ginn, Penalty : 3:2. Dueno hat Tricolore duerch Konter Riesechancen, déi d'Lokalequip awer vermasselt huet. Éilereng huet net opginn an duerch e geféierlecher Spiller hu si an der 83' zum 3:3 ausgeglach. Éilereng huet du versicht weider no vir ze spillen, de Fernand Federspiel huet awer fir d'Lokalequip an der 87' den André Soares fräigespillt, deen d'Nerven virum Goal behalen huet fir zum 4:3 eranzesetzen. An der Nospillzäit ass dunn den André Soares vum Joel Nobre nach eng Kéier fräigespillt ginn, an huet zum 5:3 Endstand eragesat.

No enger kontrolléierter 1.Halschent huet Tricolore d'Uerdnung deelweis an der 2.Halschent verluer, huet awer Moral bewissen an huet nach gewonnen.