Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 29.09.2013 16.00h : FC Tricolore Gasperich - FC Schifflange '95 1:2 (1:0)

 

1:0 41' Carlo Antonicelli, 1:1 53' (Schifflange), 1:2 90' (Schifflange)

 

 

Wieder : liicht bedeckt, +- 15°

Terrain : OK

Zuschauer : 60

 

 

 

Tricolore hat de Mätch an der 1.Halschent am Grëff. An der 41' ass Tricolore a Féierung gaang, wéi de Carlos Santos op lénks de Ball an de Schëfflénger Strofraum gepasst huet, an de Carlo Antonicelli konnt fräi erasetzen. Tricolore huet Schëffléng keng Goalchance an der 1.Halschent zougelooss. No der Paus ass Schëffléng mat méi Elan an d'Spill komm, an der 53' huet Schëffléng ausgeglach, wéi e Spiller vun lénks ofgezunn huet, de Ball ofgefälscht ginn ass, an onhaltbar am Eck geland ass. Tricolore konnt sech no 60' vum Schëfflénger Drock befreien, an huet och nees puer offensiv Akzenter gesat. An der 76' ass de Pasquale Antonicelli duerch Giel-Rout vum Terrain gesat ginn. Obwuel Schëffléng méi Offensivdrang hat, war de Mätch Chance méisseg ausgeglach. An der 90' huet dunn Schëffléng awer den 2:1 geschoss, wéi Tricolore an der Ofwier désorganiséiert war. Kämpferësch huet Tricolore de ganze Mätch gutt dowwider gehalen.