Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 18.03.2012 15.00h : Amis de la Moselle Remerschen - FC Tricolore Gasperich 1:5 (0:1)

0:1 17' Lombardini

0:2 67' Alves, 0:3 69' Virgulino, 0:4 74' Alves, 0:5 79' Lombardini, 1:5 89'

 

Wieder : staark bedeckt, +- 10°°

Terrain : déif, Bulli

Zuschauer : 20

 

 

 

Tricolore huet mat 5:1 zu Remerschen gewonn an esou wichteg Punkten ergattert.

Direkt vun Ufank un huet Tricolore de Mätch an d'Hand geholl an huet no vir gespillt. Den 1:0 huet de Pietro Lombardini geschoss no enger Verlängerung mam Kapp vum Antonio Curioso. Tricolore huet de Mätch weider dominéiert an huet Remerschen kontrolléiert. No 45' ass et awer beim 1:0 bliwwen.

Och no der Paus huet Tricolore weider no vir gespillt, Chancen sinn awer zunächst net genotzt ginn. An der 67' ass dunn awer den erléisenden 2:0 gefall, de Joel Alves huet vu lénks de Ball aus 16m an de Wénkel gesat. Schon 2' drop huet den Toy Virgulino de Remerschener Keeper gelupft. D'Remerschener Moral war elo definit gebrach, an esou konnt de Joel Alves an de Pietro Lombardini nach weider 2 Goaler schéissen.  An der 89' huet d'Lokalequip aus kenger Chance nach e Goal geschoss, wéi no enger harmloser Flank d'Tricolore Ofwier de Ball net konnt klären, an e Remerschener Spiller merci gesot huet.

Eng engagéiert a konzentréiert Leeschtung vun Tricolore. Tricolore hat de Mätch 90 Minutten am Grëff.