Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 11.11.2012 16.00h : FC Tricolore Gasperich - Union Remich-Bous 1:1 (1:1)

1:0 2' Ceman, 1:1 18' (Penalty)

 

 

Wieder : liicht bedeckt, +- 10°

Terrain : déif, Bulli

Zuschauer : 90

 

 

 

 

E gléckleche Punkt krut Tricolore géint Réimech-Bous.

Et ass gutt ugaangen fir Tricolore : an der 1' ass den Ervin Ceman op riets vun der Mëttellin fortgaangen, hien huet e super Solo higeluescht, huet d'Réimech-Bus Ofwier ëmdribbelt an an der 2' zum 1:0 fir Tricolore eragesat. Dueno war awer Réimech-Bus um Drécker, Tricolore ass no hanne gedrenkt ginn. Am Tricolore Strofraum huet et deelweis lichterlo gebrannt, mee Réimech-Bus krut de Ball net iwwer d'Goallinn. Grad duerch eng ëmstritten Aktioun huet Réimech-Bus dunn ausgeglach. De Simon Leick am Tricolore Goal huet de Ball virun engem Réimech-Bus Spiller eweggespitzelt, de Spiller ass gefall, an den Arbiter huet op Penalty entscheed, dee sëcher verwandelt ginn ass. Dueno war Réimech-Bus weider iwwerleeën, an Tricolore koum kaum zur Entfalung. Eng Kéier huet Tricolore duerch eng super Rettungsaktioun de Ball nach virun der Lin eweggekraatzt.

Och am 2.Duerchgaang hat Réimech-Bus d'Spill fest an der Hand an huet weider dominéiert. Bis zum Enn huet Tricolore awer verteidegt an zunächst keng gutt Goalchance zougelooss. Zum Schluss hinn war Réimech-Bus awer nach 2 Mol fräi virum Tricolore Goal opgetaucht, mee zum Gléck vun Tricolore hunn d'Spiller vu Réimech-Bus verzunn. Och an der 2.Halschent war Tricolore offensiv kaum preesent an et ass drëms gaangen den 1:1 mat Mann a Maus ze verteidegen. 

Super kämpfereschen Asaatz vun der Equip géint eng staark Equip vu Réimech-Bus. D'Gléck war op der Tricolore Säit.