Sonndeg, den 24.09.2006 Championnatsmätch Senior 1 :

Flaxweiler/Beyren Udinesina  - FC Tricolore Gasperich 1:0 (0:0) 

1:0 60' (Penalty)

Am Auswärtsspill zu Beyren huet Tricolore eng Nidderlag kasséiert.

Tricolore war am Ufank beméit fir no vir ze spillen, mee keng konkret Goalchance konnt erausgespillt ginn. Flaxweiler/Beyren war och net besser, sou dass een zunächst e langweile Mätch geboude krut. Béid Ofwierformatiounen waren Herr vun der Lag. Dueno huet Flaxweiler/Beyren déi besser Offensivaktioune gebouden a hat eng oder déi aner geféierlech Aktioun virum Tricolore Goal opzeweisen. Ab der 35' huet Tricolore ërem Uewerwaaser krit, ouni awer richteg geféierlech ze ginn.

Nom Säitewiesel ass an der 50' bal den 1:0 gefall, wéi den Tricolore Goalie, de Michele Corallo an en Flax.Beyren Spiller nom Ball gekämpft hunn, an de Flax.Beyren Spiller de Ball knapp langscht de Goal gesat huet. Kuerz virun der Stonn hat Tricolore dunn endlech eng Goalchance : De Francis Mambu ass op riets geschéckt ginn, mee hien huet säi Schoss verzun. An der 60' huet dunn de Michele Corallo op der Strofraumgrenz e Flaxweiler/Beyren Spiller geluescht an e gouf Penalty, deen verwandelt ginn ass. Dueno war et eriwer mat Tricolore, an Dank dem David Spinelli am Goal a Gléck ass et beim verdéngten 1:0 fir Flaxweiler/Beyren bliewen.

Flaxweiler/Beyren war méi ofgebrüt, Tricolore huet kämpfëresch dogéintgehal, war offensiv ze harmlos, an huet no dem 1:0 kapituléiert.

 

Flaxweiler/Beyren - Tricolore Opstellung