Spillbericht Championnatsmätch Senior 1 : FC Tricolore Gasperich - FC Jeunesse Junglinster 1:2 (0:2)

Wieder : bedeckt

Terrain : déif, Pill um Terrain

Zuschauer : 60

 

0:1 6', 0:2 11'

 

1:2 78' Virgulino

Onglécklech huet Tricolore géint Jonglënster verluer.

 

Tricolore huet direkt d'Spill bëstemmt, an hat an den éischte 5' Drock gemaach. No engem Konter ass d'Lokalequip awer kal erwëscht ginn,

wéi d'Owfier iwerlaf gouf an de Jonglënster Kapitän (Jacques Martins) zum 0:1 eragesat huet. Kuerz drop (an der 11'), huet de Sabrino Da Silva

de Ball vertendelt, an de Gregorios Tsapanos huet zum 0:2 eragesat. Tricolore war geschockt, a Jonglënster het kéinten zum 0:3 erasatzen, mee

d'Tricolore Ofwier huet de Ball nach vun der Goallinn gekratzt. Dueno ass Tricolore ërem erwescht an hat gutt Goalchancen.

 

An der 2.Halschent war et Tricolore déi d'Initiativ ergraf huet. Aus der territorialer Dominanz ass awer kee Kapital eraus geschloe ginn.

D'Lokalequip hat de Mätch am Grëff, an an der 78' ass den 1:2 gefall, wéi den Antonio Curioso e Fräistouss ausgeféiert huet, an den

Antonio Virgulino huet mam Kapp zum 1:2 verkierzt. Tricolore war beméit den Ausgläich ze packen, de Pietro Lombardini huet och nach

eng Kéier de Jonglënster Keeper getest, mee Jonglënster hat och nach Konterchancen.

 

Enttäuschent Resultat no enger insgesammt akzeptabler Virstellung.