Spillbericht Senior 1 Championnat Sonndeg,01.06.2008 16.00h : Remerschen - Tricolore 0:5 (0:0)
Wieder : sonneg, gutt
Terrain : gutt
Zuschauer : 70
 
0:1 47' De Lemos, 0:2 52' Curioso, 0:3 79' Chioato (Penalty), 0:4 81' Antonicelli, 0:5 88' Campos
 
Am leschte Championnatsmätch konnt sech Tricolore nach schlussendlech kloer zu Remerschen duerchsetzen.
 
Scho fréi hat Tricolore den 1.Goal um Fouss, mee an der 7' huet de Filipe De Lemos no engem cleveren Zouspill nëmmen den Innepoto getraff.
Tricolore huet dueno d'Spill weider kontrolléiert, konkret Goalchance sinn awer dobäi kaum erausgesprong. Remerschen hat puer Konterchancen,
awer näischt konkretes. 
 
Kuerz no der Paus huet de Filipe De Lemos den 1.Goal geschoss, hien huet vun 30m ofgezun, an de Ball ass dës Kéier vum Innepoto am Goal geland.
An der 52' huet den Antonio Curioso och ofgezun, an aus +-25m ass säi Schoss am Remerschener Goal geland. Tricolore hat weider Chancen, sinn awer
net genotzt ginn. Vu Remerschen koum an der Phase kaum eppes, d'Equip ass och verletzungsbedéngt geschwächt ginn. An der 79' huet Tricolore 
zum 3:0 erhéischt. De Remerschener Goalie huet en Tricolore Spiller festgehal, krut Rout Kaart, an den Emanuele Chioato huet de Penalty locker verwandelt.
Zum Schluss konnt Tricolore de Score nach op 5:0 eropschrauwen.
 
Zum Schluss nach 5:0 gewonn, leider ass et net méi duergaang fir den Opstieg.