Sonndeg, den 03.12.2006 Championnatsmätch Senior 1 :

FC Les Aiglons Dalheim - FC Tricolore Gasperich 1:2 (0:1)

0:1 19' Acquistapace

0:2 58' Virgulino, 1:2 80' (Penalty)

Tricolore huet verdéngt zu Duelhem gewonnen. An der 1. Halschent war Tricolore kloer feldiwwerleen, mee éwei sou oft sinn d'Chancen op der Tricolore Säit net konsequent genotzt ginn. Sou ass et nëmmen mat engem 1:0 Avantage fir Tricolore an d'Paus gaang duerch de Laurent Acquistapace. Duelhem huet an der 1.Halschent den Tricolore Goal kaum getest. Och an der 2.Halschent hat Tricolore am Ufank Uewerwaasser, an op engem duerch de Reen schwéier bespillbaren Terrain ass Tricolore zu weider Chancen komm an den Antonio Virgulino huet zum 2:0 eragesaat. Dueno ass d'Spill ëmmer méi hektesch ginn : vill Fouls, vill Ënnerbriechungen. Kloer Goalchancen huet Tricolore weider vermasselt a kruut zum Schluss nach bal d'Rechnung, wéi Duelem duerch e Penalty nach zum 1:2 erukomm ass. Fazit : Gewonnen.

Tricolore Equip